Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Kloertext: de politesche Virus an de Steierfinanzen! 

Kloertext: de politesche Virus an de Steierfinanzen!
Image par lcb de Pixabay

den CSV Parteipresident Frank Engel war gëschter Owend am KLOERTEXT op Tele Lëtzebuerg op d’mannst vun der Form hir de klore Gewënner. De Mann kann gutt schwätzen. Wat säin Inhalt zum Sujet Steiergerechtegkeet ugeet: kee Wuert méi iwwer Verméigens- oder Ierfschaftssteier, de Parteipresident gouf vu senger Fraktioun riicht gebéit. De President huet brav säi Parteiprogramm zitéiert, vu FiS geschwat a vu Stock Options, déi missten ofgeschaafen op d’mannst ëmgeännert ginn. No baussen: Frieden, Freude, Eierkuchen!

No bannen allerdéngs rumouert et tëscht Parteipresident a virop der Fraktioun weider. De Frank Engel huet gëschter d’Impressioun hannerlooss, wéi wann déi CSV-Propositiounen vun him déite kommen. Dat suergt fir Frustratiounen, besonnesch an der Fraktioun. Derbäi kënnt, datt den Engel Parteiintern eng aner Sprooch schwätzt ewéi no baussen, also sech weider fir d’Iddi vu Verméigens- an Ierfschaftssteier asetzt. Dat féiert zu enger allgemenger Veronsécherung ënnert de Militanten.

“…Den Haaptprobleem läit allerdéngs bei

Meenungsdivergenzen an der Regierung..!”

 

D’DP huet fir dee Kloertext hir Deputéiert Carole Hartmann an d’Arena geschéckt. Ouni där Fra – déi sech iwwregens guer net schlecht geschloen huet- wollen ze no ze trieden, mat de Parteipresident(inn)en, déi hier vis-à-vis souzen, konnt si net mathalen. D’Demokratesch Partei gouf domadder d’Signal eraus, datt de Sujet Steieren fir si zu dësem Ablack net wichteg genuch ass. Oder villäicht ze wichteg, well dorunner d’Koalitioun kéint an d’Bréch goen.

Rout a Gréng sinn nämlech fir eng Verméigenssteier, déi vun de Bloen gehaasst gëtt, wéi d’Kräiz vum Dracula. LSAP a Gréng hunn esouguer nach eng drop gesat an zwar eng hefteg: d’Bankgeheimnis misst och zu Lëtzebuerg ofgeschaafe ginn! Ech koum mir gëschter wéi op engem Basar vir: wee bitt méi?! D’Ofschaafen vum Bankgeheimnis wär tatsächlech mol eng Kéier e Paradigmewiessel. Rout a Gréng hunn déi Propositioun natierlech net (nëmmen) fir d’Galerie gemaach, ma fir weideren Drock op d’Haaptregierungspartei ze schafen.

D’Argumentatioun vun den zwee klenge Koalitionären steet op wackelege Féiss. D’Akommes – net d’Verméigen- vun deenen Décken ass bekannt: 2800 Stéit hunn en Akommes tëscht 250.000 a 500.000 Euro; 380 leien bei iwwert enger hallwer Millioun. 18000 Leit- an dat kéint dee berüümte Mëttelstandsbockel sinn, verdéngen tëscht 100.000 an 200.000 Euro; dës lescht Kategorie huet virun 5 Joer dem Pappa Staat 860 Milliounen u Steieren berappt.

datt  d’Ophiewen vum Bankgeheimnis fir Residenten de Geschäftsmodelll net direkt impaktéiert, liicht an. Den ABBL-President Guy Hoffmann weess selwer am Beschten, datt d’Finanzplaz hirer Clientèle méi wéi ee Wee aus dem steierlechen Iergärtchen ka weisen. Bis ewell ass just d’Akommes vun de Steierzueler bekannt; mam Ophiewen vum Bankgeheimnis géif de Staat zousätzlech informéiert ginn, wéi vill Suen d’Residenten um Spuerkont gebunkert hunn. Datt dat de Geschäftsmodell vun enger Partie Privatleit op d’Kopp geheit, ass evident! De sougenannten family wealth management wäert massiv ëmgetässelt ginn!
Déi Blo kachen vu Roserei, ma warscheinlech war et just e Pawee an d’Waasser, als Drockmëttel vu Rout a Gréng, sech besser géint d’Partei vum Staatsminister erwieren ze kënnen…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *