Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Europa

Wéi e Virus déi europäesch Politik an d’Quarantaine setzt! 

Wéi e Virus déi europäesch Politik  an d’Quarantaine setzt!
Image par lisichik de Pixabay

an dësen Zäiten gëtt ëmmer nees d’Solidaritéit eropbeschwuer. Vum Grand-Duc iwwer de Staatsminister, bis bei d’Dokteren an déi vill Bierger an de soziale Medien. Mir sinn solidaresch, andeems mir doheem bleiwen, an den Eelebou houschten, néitschen, verstänneg akaafe ginn, also net hamsteren! Dat héiert sech gutt unn, gëtt och vu ville Leit esou agehalen, awer bei wäitem net vun alleguerten. Well, wéi sinn sech sos déi kleng Tëschefäll an de Supermarché ze erklären?! An den Danz fänkt réischt richteg unn, elo wou d’Regierung um Punkt ass, den Noutzoustand ze deklaréieren.

Solidaritéit ass e Wuert, dat gären mëssbraucht gëtt, och an der Politik! Wou war déi europäesch Solidaritéit mat den Italiener? Déi goufe jo awer esou eppes vun am Stach gelooss! Keen hat sech esou richteg zu Wuert gemelt, keen mat konkreter Hëllef, mol keng Schutzmasken oder Gummishändschen! Italien wäert sech dat gut mierken: wann d’Virus-Kriis bis eriwwer ass, wärten ëmmer méi italienesch Bierger sech d’Fro stellen: virwat ass dat Europa nach gutt? Oppe Grenzen, schéin a gutt! Ma sos op politeschem Plang?! An enger Géigereaktioun wäert dann de Virworf kommen, datt een net sollt an de Populismus falen. Gutt geschafft!

Déi europäesch Politik ass ze vergläichen mam Bierger senger Suerg, nach matzäiten u genuch Toilettepobeier ze kommen. Egoïsmus beim Bierger an an der Politik: Europa, dat war déi lescht 2-3 Wochen e Manifest vun Nationalstaten!

all Land huet fir sech aleng Decisioune geholl! Sécher, no Récksprooch mat den direkten Noper, ma eng concertéiert europäesch Aktioun gouf et keng. Nous sommes en guerre sot de Staatspresident Macron an huet domatter La France gemengt. Europa kann duerchaus seng Grenzen zoumaachen! Ei! A wéi! Näischt schéngt méi einfach an huerteg ëmzesetzen ze sinn! Wat den internationalen Terrorismus net fäerdeg bruecht huet, gouf vun engem klenge Liewewiesen quasi iwwer Nuecht ëmgesat. Net déi europäesch Baussegrenzen goungen fir d’éischt zou, ma et waren déi vun den eenzelnen Nationalstaten!

D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet sech gëschter um 16. Mäerz zu Wuert gemelt, d’Europaparlament huet d’Rolllueden erofgelooss- natiirlech fir sech net mutwëlleg unzestiechen! Esou gesinn missten och eis Minister an Deputéierten sech séier duerch d’Bascht maachen…(.)

solidaritéit ass allemol an eiser Nationalpolitik gefrot, op d’mannst wënschenswäert. D’Kommunalwahlen a Bayern hunn gewisen, datt de Bierger sech a Kriisenzäiten net wëll op Experimenter aloossen; déi Gréng koumen zwar op gutt Resultater, konnten awer bei wäitem net dat areechen, wat Ëmfroen hinnen prophezeit haten. Oder och: a Kriisenzäiten gëtt (normalerweis) op déi gesat, déi souwisou schonn um Rudder sinn.

Image par Mabel Amber de Pixabay

Dat Verhältnis kann natiirlech ëmschloen. Gëtt Mëscht gebaut, kënnt d’Ofrechnung no, awer réischt wann d’Kriis bis eenegermoossen iwwerstaanen ass. Den Ament mécht d’Regierung zu Lëtzebuerg net villes falsch, just am Detail ass d’Kommunikatioun net optimal. Ma doriwwer sollte mer -aus Solidaritéit- den Ament net schwätzen! Ech begréissen dofir ausdrécklech den Asaaz vun de Ministeren an och vun de Volleksvertrieder, déi en Donneschdeg nees am Plenum zesummekommen, fir an der Kriisebekämpfung wichteg Gesetzer unzehuelen.

Eng Kriis huet och hiert Gutts! D’Regierung huet hoppelahopp, den Télétravail entdeckt, dat Digitaalt. Just d’Chamber schéngt op deem Plang nach net esou wäit ze sinn, ma doriwwer an iwwer all aner kleng oder manner kleng Feeler soll an engem konstruktive Geescht diskutéiert ginn, allerdéngs eréischt, wann dat klengt Stéck Véi d’Patten vun eis léisst! Bis dohinner: bleiwt solidaresch – gitt op Distanz, bleiwt manéierlech – haalt d’Hänn an den Täschen….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *