Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

Politesch Rentrée an der Haaptstad 

Politesch Rentrée an der Haaptstad
Photostock Alamy

Alles guer net esou einfach fir déi stater DP! D’Lydie Polfer regéiert an den “Zwee Léiwen” zanter 4 Joerzéngten, wann och mat Ënnerbriechungen- Ausseministesch, Europadeputéierten. Ma et ginn zwee Problemer fir déi Liberal: engersäits misst neit Blutt an déi stater Sektioun kommen, an zwar mat Leit op déi fir d’Zukunft kéint opgebaut ginn, an anerersäits gëtt et den trouble-maker Corinne Cahen, déi sech trei bleift a sech behëlt ewéi den Elefant am Parzeläinsboutek!

dp.lu

An der Summervakanz huet een näischt ze vill héieren aus liberale Kreesser. D’Madamm Polfer huet kloer gemaach, datt si an exklusiv si um laangen Hiewel sëtzt. D’Partei stellt sech dat esou einfach vir: d’Lydie Polfer geet nach eemol mat an d’Wahlen, an zwar zesummen mam Corinne Cahen. Woubäi nach ze kläre wier, ob d’Cahen an enger sougenannter duebeler Spëtzt zesummen mat der ablécklecher Buergermeeschtesch géif untrieden oder – wuel éischter- just unter ferner Liefen, als eng vun de Kandidatinnen op der DP-Lëscht.

D’Lydie Polfer, déi zwar ufänkt an d’Joer ze kommen, géing mat Sécherheet gutt gewielt ginn. Beim Cahen ass et komplett ongewëss. Si kënnt bei ville Leit als arrogant eriwwer, jo esou guer als aggressiv, si polariséiert an esou waren hier Wäerter déi lescht Joer am Politmonitor deementspriechend. Derbäi kënnt eng aner Inconnue! Wéi gutt kënnt et beim Bierger un, wann eng gewielten Ministesch 1 Joer virum Enn vun hirem Mandat aus der Regierung demissionéiert fir kënne Buergermeeschtesch ze ginn? D’Hären Robert Goebbels a Jacques Santer haten allemol viru Joerzéngten mat hirer Buergermeeschterkandidatur eng kal Dusch krut!

dp.lu

Ma de Fall gesat, d’Cahen mécht kee schlechte Score. Da stellt sech d’Partei vir, datt d’Lydie Polfer hiert neit Mandat um Knuedler unhëlt an no 2 bis 3 Joer als Buergermeeschtesch ophält fir den Zepter un d’Corinne Cahen weiderzeginn. D’Fro war an ass zanter zwee Joer: wëll si dat, ëmsou méi wou si (guer) net eens gëtt mat der fréierer Parteipresidentin. An op deem Punkt ass si eleng Här a Meeschter. Si eleng decidéiert an huet och e gutt Argument: eng DP ouni si sackt bei den nächste Gemengewahlen zolitt of.

D’Madamm Cahen huet däitlech gemaach, datt si net méi un engem Regierungsposten interesséiert ass. Wëll si awer nach Deputéierte ginn? Op alle Fall wëll si Gemengepolitik maachen, am Beschten als Buergermeeschtesch. Ma de Wee bis dohinner riskéiert glëtscheg ze ginn!

Déi Gréng nämlech sinn zeréckgeruddert. Bei hinnen stoung virun 3 Méint fest, datt am fréien Hierscht de François Bausch sollt zerécktrieden vir vum François Benoy ersat ze ginn. Ech hat vun dëser stater Rumeur geschriwwen, wouropshin déi Gréng den Dadder kruten: Schonn nees e grénge Regierungsremaniement? Wéi gutt kënnt dat dann un beim Wieler?

De Bausch bleift also! De Benoy ass Buergermeeschterkandidat! Wat schued ass fir d’Corinne Cahen. Géing de Bausch nämlech als Minister an als Vizepremier an den nächste 4 Méint demissionéieren, géing hir eegen Demissioun net esou opfalen wéi an deem neien Zenario wou si eleng muss zerécktrieden. An dat misst geschitt sinn bis spéitstens Chrëschtdag. E Fest och vu politeschem Fridden? Näischt ass manner gewëss ewéi dat!

Viru 5 Joer war et d’CSV, déi an der Stad Lëtzebuerg als de Gewënner ervirgoung: e Sprong vu 6 Prozent, vun 19 op 25%!

paperjam

D’DP war zeréckgaangen, vun 33 op 30 Prozent. Déi Gréng – deemools ouni Bausch a Loschetter konnten sech mat 19,2 Prozent eenegermoossen halen. Et hätt een also duerchaus deemools kënnen 6 Joer un eng DP-Gréng-Koalitioun um Knuedler drun hänken. Ma d’Lydie Polfer war gescheit genuch, den Erfolleg vun deene Schwaarzen séier ze akzeptéieren an domadder deene Gréngen Tschüüss ze soen.

Politesche Kallküll ass wuel wichteg, ma awer grad esou dat Atmosphärescht. Déi stater Liberal sinn sech net gréng mat de Müsli-Priedeger, déi sech wärend der Koalitioun mat der DP allgemeng onbeléift gemaach haten am Gebai vun den “Zwee Léiwen”. Elo sëtzen déi Blo selwer an der Féckmillchen a riskéieren hir gréisste Bastioun ze verléieren. An der CSV wëllen se och näischt vun enger Corinne Cahen wëssen a schwätzen riicht eraus vun der Méiglechkeet, am Noutfall eng Dräierkoalitioun um Knuedler politesch zesummen ze zwaffen…nëmmen fir där Persoun aus dem Wee ze goen.

D’Demokratesch Partei ass sech dem Probleem bewosst. Ofgesinn vun der stater Sektioun ass déi fréier Parteipresidentin an den eegene Reien alles aneschters wéi net ëmstridden! Grad an der Lescht gëtt hiren Numm dacks mat Kapprësele begleet. Fir d’Cahen allerdéngs huet de Wahlkampf längstens ugefaangen: mam Kapp duerch d’Mauer!  An esou huscht si vu Photo zu Photo. Wat bleift hier och aneschters iwwereg?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *