Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Frank Engel vu Partei FOKUS: d’Land brauch eng nei Politik, zum Beispill e sozialen Index! 

Frank Engel vu Partei FOKUS: d’Land brauch eng nei Politik, zum Beispill e sozialen Index!
Fokus.lu

De Frank Engel wor Parteipresident vun der CSV. Nom Motto: “wien esou vill politesch Frënn huet, brauch keng Feinden” huet hien d’CSV verlooss a fokusséiert sech op ‘seng’ nei Partei, op FOKUS eben. Gewënscht gëtt sech eng méi staark Participatioun vum Bierger un der Politik. An et gesäit een net grad kleng! Op hirer Internetsäit heescht et: Ab dem Wahljoer 2023 wëlle mir duerch eng staark Positioun an der politescher Verantwortung de Reformstau evakuéieren dee sech déi lëschte Joren ugesammelt huet a mat neie Leit, Iddien a Konzepter eist Land no virbréngen. 

Den 21. Februar war d’Presentatioun vun der Partei, de 14. Mee war éischte Kongress. De Marc Ruppert gouf éischte Parteipresident, de fréiere Generalsekretär also vun der demokratescher Partei, deen d’DP verlooss hat well hien net eens gouf mat der Presidentin Corinne Cahen. De Frank Engel gouf als Spëtzekandidat designéiert.

Zwee politesch Frustréierter hu sech also fonnt? Oder ass et tatsächlech esou, datt een als engagéierte Politiker esou Erfarungen muss maachen, fir weider ze kommen? 2023 ass e Super-Wahljoer. Fir d’Gemengewahlen deet sech esou eng jonk Partei evidenterweis schwéier, ma fir d’Nationalwahlen wëll si matmëschen. Ech hu mam Spëtzekandidat en Interview gemaach (virun der Tripartite).

Här Engel, no Ärer éischter onglécklecher Aventure an der CSV hutt Dir eng nei Partei an d’Daf geholl: FOKUS. De grousse ‘Renner’ war dat bis ewell net. A wann d’Press sech am Ufank nach fir Iech interesséiert huet – fir kënnen tëscht Iech an der CSV ze stëppelen-, esou ginn ech dovunner aus, datt deen Interessi an den nächste Méint brutal ofhëlt. Dir hutt e grousse Problem, Iech als nei Partei an der Ëffentlechkeet ze artikuléieren…..

Dir hutt de Sënn vun der onglécklecher Formule. Mee loosse mer dat Kapitel emol eriwwer sinn, well et genee dat ass. Ech hunn ëmmer un ee politeschen Engagement gegleeft, mat deem ee Verännerungen erbäiféiert. Verännerungen, déi d’Liewe vun der gréisstméiglecher Zuel vu Leit verbesseren. Dat war an der CSV net méiglech, all Verännerung gouf gefaart a verhënnert. Mee Lëtzebuerg a seng Gesellschaft brauche genee dat : Verännerung. Vun der politescher Aart a Weis, vun der Substanz, vun hirer Kommunikatioun – déi mécht ee jo net ëm hirer selwer wëllen, wann ee Politik seriö hëlt.

Mir hu FOKUS gegrënnt, well mer eng politesch Offer wëllen op den Dësch leeën, déi net existéiert. Eng, déi sech net a Froen a Kloen erschëpft, wéi dat aner postideologesch Parteie maachen, an eng, déi net aus ideologesche Grënn begrenzt a verstuerkt ass. FOKUS wëllt hinn zu wierkleche Wäerter an der Politik, zu engem politeschen Humanismus, dee Rechter a Flichten an Aklank bréngt mat der Responsabilitéit vun all Bierger.

De Staat ass net mäi Papp, dee fir alles zoustänneg ass, well ech net méi wëll zoustänneg sinn. A wann ech selwer, als Bierger a net als Konsument wëll zoustänneg sinn, da muss ech mäi Staat och kënnen duerch mäi Vott a mäi biergerlecht Engagement veränneren. Da muss ech kënne bewierken, datt d’Regierung direkt gewielt gëtt, well hir Memberen eng eege Legitimitéit brauchen. Da muss ech fuerderen, datt net 60.000 Lëtzebuerger hiert Walrecht verléieren, well se sech baussent de Landesgrenze néierloossen, well se ebe net genuch geierft hunn a mat den Immobiliëpräisser hei net méi eens ginn. Da muss ech fäeg sinn, an Zäite vun Inflatioun, Kafkraaftverloscht a galoppéirenden Energiepräisser de Leit ze soen, datt den Index muss anescht gehandhaabt ginn, ewéi bis elo, well d’Akommesschéier soss iwwer dëst an d’nächst Joer op inakzeptabel Manéier ausernee geet. Ech muss dann och eng Äntwert op d’Fro fuerderen, wou der Däiwel soll Stroum fir net 5 mee 50 Prozent Elektroautoen hierkommen, wa mer mat eise 5 Prozent elo scho musse Stroum spueren – well es einfach net genuch do ass fir all elektresch Fantasien, net elo a net an Zukunft, an dat och net duerch déck Subsidie fir E-Autoe besser gëtt. An anere Wieder : da muss ech mech mat deene Saache beschäftegen, déi wichteg sinn, amplaz mam Deplacéiere vu Statuen, well mer plëtzlech de Lëtzebuerger « Kolonialissëm » entdecken.

le quotidien

Dat sinn déi Saachen, déi mer wëlle bewierken, déi an der nach vill méi. Mee fir ee komplette Programm ze artikuléieren, brauch een eppes méi, wéi e puer Wochen, an et musse en sech och Weeër schafe fir déi Artikulatioun. Ech menge net, datt kee sech fir eis Positiounen intresséiert, an ech si frou driwwer, datt dee bestoenden Interessi mat eis ze dinn huet, a net mat der CSV. Et ass nun emol leider esou, datt déi parlamentaresch Parteien iwwer vill Geld an Apparater verfügen, déi mir net hunn. De Lëtzebuerger u sech – souwäit et dee gëtt – ass och net esou revolutionär, datt e vun enger Sekonn op déi aner seng Stëmmen enger neier Partei géif verspriechen, déi een nach net wierklech kennt. Gitt eis emol nach e puer Méint.

 

Ech ginn awer ze bedenken, datt an engem décke Joer Parlamentswahle sinn, an do wëll Dir gewielt ginn. Ech ka verstoen, datt et schwéier ass a Covid- an a Krichszäiten sech no baussen ze artikuléieren, op sech opmierksam ze maachen, ma elo komme ganz séier där Sujeten wou Dir Iech vun anere Parteien kënnt ënnerscheeden. Dir hutt der selwer opgezielt. Zum Beispill d’Präisdeierecht an zwar am breedeste Sënn: d’Immobilien, d’Energie, d’Inflatioun…fir vill Leit eng wirtschaftlech beängschtegend Situatioun. Ma mir hu jo den Index, wann och moduléiert….

Déi Wale sinn déi éischt national Echeance, wou mer eis de Wieler wëlle presentéieren a se mat eisem Programm iwwerzeegen. Wat mer de Moment u Positiounen ausschaffen, wäert sech zu engem gudden Deel am Walprogramm erëmfannen – och wann ee jo nach net präzis weess, wéi d’Welt an d’Land am Hierscht 2023 wäerten ausgesinn. Dir sot Covid- a Krichszäiten, ech hunn dozou viru kuerzem an engem Artikel geschriwwen : mir mussen ophalen, de Leit Angscht ze maachen, d’Politik muss dat, an d’Medien och. Well, wéi Dir och sot, där richteger Grënn, wéinst deenen et engem ka baang ginn, si genuch, an et musse net stänneg nach vermeintlech Geforen derbäi erfonnt ginn.

Vläicht ee Wuert zu Covid. Ech hunn dat alles nach eng Zäit laang aus enger anerer politescher Perspektiv erlieft, an et huet mech all déi Zäit gestéiert, datt ni driwwer geschwat ginn ass, wat eng Gesellschaft bereet ass, auszehalen. Dee Virus ass geféierlech an eekleg, mee et ass kee « Killervirus ». An duerfir musse mer elo, mengen ech, och endlech zur Dagesuerdnung iwwergoen. Wa mer ee Probleem mat Spidolscapacitéiten hunn, a mat den Zuele vun Dokteren, Infirmièren a Soignanten, da musse mer dee Problem léisen, amplaz nach fënnef Joer driwwer ze lamentéieren. Wann déi Impfungen, déi existéieren – an déi jidderee sech kann ofhuelen, deen dat wëllt – d’Transmissioun vum Virus net wierklech reduzéieren (la preuve : den Experterot recommandéiert aus genee deem Grond keng Impfflicht fir d’Fleegepersonal), dann ass déi Impfung eng Saach vun der Eegeverantwortung. Genee esou, wéi et dat ass, fir doheem ze bleiwen, wann ee krank ass, a net wann ee Stréch roud ass, ouni datt een iergend eppes spiert. Mir kënnen eis net dauerhaft aspären a fäerten, ob dat Covid ass, oder d’Afepouken, oder wéi ee Krankheetserreeger och ëmmer.

Luxemburger Wort

Dee Krich an der Ukrain riskéiert, nach e bëssen ze daueren. An en huet ee massiven Impakt op Energiepräisser, Zouliwwerweeër an esou weider. Ech erënnere mech, datt mer Ufank 2020, an der éischter Covid-Well, queesch duerch Europa mat Inbrunst gesot hunn, mir missten definitiv aus där Ofhängegkeet eraus, déi mer an Europa vun aneren un (erënnert Iech : deemools waren d’Masken a medezinescht Material, och Medikamenter, ee Problem, well bal alles aus Asien a meeschtens aus China koum). Wat hu mer an deenen zwee an engem halwe Joer op däer Front ënnerholl ? Guer näischt. A genee dat bekloe mir a genee par Rapport dozou soe mir : et ka net méi sinn, et geet net méi, datt jorelaang ee Probleem zwar erkannt gëtt, awer och glat näischt zu senger Léisung ënnerholl gëtt. Wéivill desaffektéiert Industrieregioune ginn et an Europa, wou ee mat ëffentlecher Hëllef hätt kënnen – an haut nach kéint, selbstverständlech – Medikamenteproduktioun usiddelen ? Oder déi vu Computermais, déi zu 95 Prozent aus Taiwan kommen ? Dat sinn dach automatiséiert Prozesser, déi irgendwou an Europa net méi kaschten, wéi wann d’Maschinn hir Aarbecht an Taiwan mécht ! An och Semiconducteure kéinte mer wuel an Europa hierstellen, an esou villes, wat mer der Einfachheet halber « delokaliséiert » hunn. A wann haut China beschléisst, wéinst engem eenzele Covid-Fall den Hafe vu Schanghai zouzemaachen, dann hänke mer an Europa nees sechs Méint an der Schläif. Wann ee Schëff am Suezkanal queesch geet, da si wochelaang Approvisionnementsweeër ënnerbrach. Dat geet esou net méi. Mir musse selwer nees produzéieren. Dann hätte mer och nach industriell Aarbechtsplazen uewendrop.

Photo de Riyad Aljuboory: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/nuit-sombre-industrie-feu-13247379/

Zur Energie hu mer während Joeren eng méi diversifizéiert Landschaft vun de Gaszouliwwerunge verhënnert, well ënner däitschem Virbild de russesche Gas kaaft gouf. An haut hu mer ee Probleem. Deen hätte mer net missen hunn wann aner Partnerlänner nei Felder hätte kënnen erschléissen a mir derbäi gehollef hätten. Wann ech mat der algerescher Staatsgesellschaft fir Pëtrol a Gas iwwer Waasserstoff schwätzen, da soen déi, ma Dir kënnt muer ufänken, mat eis zesummen, deen hei hierzestellen an duerch eng Pipeline an Europa ze zéien. Mä : schäisst eis net nach eng Kéier esou un, wéi virun 10 Joer, wéi mir ee neie Gasterminal virfinanzéiert hunn, fir eng Pipeline an Italien ze leeën, an op däitschen Drock d’Italiener nees ofgespronge sinn (déi stoungen deemools ënner strenger Scholdeniwwerwaachung) an hu musse russesche Gas kafen an eis mat eiser Pipeline am Plang gelooss hunn. Et géing esou villes, wann een endlech géif wëllen.  A Frankräich weist sech, datt och ee politescht, ee staatsbiergerlecht Gespréich mat de groussen Energiegesellschaften derzou ka féieren, datt déi manner Profit akzeptéieren a méi raisonnabel Präisser praktizéieren. Déi Handhaab hätt een als Europäesch Unioun sécher och, et géif sech esuguer ubidde fir mat dësen Entreprisen dann och iwwer Investitiounen an erneierbar Energien ze diskutéieren, déi kuerzfristeg kéinten erfollegen. Et misst een et ebe wëllen. A FOKUS wëllt, datt mer dat wëllen.

D’Energiepräisser kréie mer esou ouni Weideres net erof, well mer eben an deene leschte Joren näischt ënnerholl hunn ausser vum Stroum ze dreemen an Investitiounen an d’Erschléissung vu Gasfelder ze ënnerloossen. Mee an all där Zäit ass och net esouvill Erneierbares derbäi komm, an et goufen Atomkraaftwierker ofgeschalt…jee. Mä éiweg kann och de Staat dat net bezuelen, op d’mannst net fir jiddereen. Do wir et vläicht eng gutt Iddi, wann ee schonn op Budgetsmëttelen zréckgräift, Mënschen a Stéit ënner engem gewëssen Akommes en Energiescheck ze ginn, dat kann ech mer och fir Bensinn virstellen, a streng geholl fir bal alles. Da kéim et net zu esou Skurrilitéiten, datt déi Gréng mussen en allgemenge Spritsubsid matdroen, deen all Mënsch zegutt kënnt, deen zu Lëtzebuerg tankt. Eng Aberratioun ! Also de Subsid, net déi Gréng. Geziilten Hëllefe wäerte néideg sinn, an déi sollte mer de Leit, déi et brauchen, och direkt an de Grapp ginn, net iwwer komplizéiert Gerechens vun der Steierverwaltung, mee als Bongen oder Schecken, a Form vun enger Kaart, déi fir ze bezuele ka benotzt ginn.

Photo de Pixabay: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/pieces-sur-bois-brun-210600/

An den Index…zu deem hu mir jo schonn emol eng radikal Propos gemaach, déi allerdéngs, wéi esou dacks, wann et ëm helleg Kéi geet, net diskutéiert gëtt. FOKUS seet, datt den Index, wéi ën aktuell funktionéiert, alles anescht wéi sozial ass, an datt an enger Zäit, wou séier hannereneen dräi, véier, fënnef Tranchen erfalen, déi een enormt Ausernanergoe vun der Akommesschéier bewierken. Dat ass net den Zweck vun der Übung. Dofir sollt bei deene méi niddrege Gehälter pro Tranche däitlech méi ukomme wéi netto 2,5 Prozent an uewen an der Skala däitlech manner bis guer näischt méi. Alternativ kéint een och nach een eenzege Montant berechnen, deen auszebezuele wier – soe mer mol, op zweemol de Mindestloun – an dat ass dann dat, wat jidderee kritt – dee mat engem Mindestloun grad esou wéi dee mat zeng. Wéi seet meng Mamm ëmmer : de Botter gëtt fir deen een esouvill méi deier, wéi fir deen aneren.

Ëm eng Tatsaach kommen déi, déi regéieren, an déi, déi mat hinnen als Sozialpartner diskutéieren, allerdéngs net ronderëm. Déi heescht : den Indexsystem ass net dofir geduecht, fir bannent zwee Joer fënnef mol aktivéiert ze ginn. Dat packt d’Wirtschaft net, oder de Staat packt et net, well ee net all Kéier, wou d’Wirtschaft seet, dat packe mer net, kann den Equivalent aus dem Budget op den Dësch leeën. Also wir et un der Zäit, Alternativen ze diskutéieren. Wéi déi, déi mir op den Dësch geluecht hunn a leeën, mat deenen déi Leit, déi d’Deirecht haart trëfft, gehollef kréien. Dat ass elo schonn zimmlech vill, ….

 

D’Iddi vum sozialen Index ass esou nei net. An Ärer fréierer Partei goufen et virun iwwer 10 Joer esou Iwwerleeungen. D’Iddi war fale gelooss ginn. Wou setzt een nämlech un a wou hält een op? An och e sozialen Index schaaft nees nei Ongerechtegkeeten…..

 

Ech war och virun zeng Joer schon an där anerer Partei, an ech ka mech net erënneren, datt do eng wierklech seriö Diskussioun iwwer, soe mer mol, en « aneren » Index gefouert gi wir. Déi Index-Ugeleeënheet ass jo eppes quasi Sakrales fir all Partei, déi schonn emol regéiert huet. Et goung rieds iwwer ee « gedeckelten » Index, mee net iwwer eng méi fundamental Reform. A schonn déi Saach mam Deckel ass séier nees fale gelooss ginn, well d’Gewerkschafte Stuerm dergéint gelaf sinn. Et freet een sech am Fong woufir.

De Probleem ass haut duebel : engersäits geet den aktuelle System ënner groussem Inflatiounsdrock net, soss géifen déi Tranchen, déi erfalen, jo ouni gréissert Gedäisch ausbezuelt. Wann an der Vergaangenheet emol eng « Modulatioun » stattfonnt huet, da war zwar d’Opreegung grouss, mee virun allem fir d’Galerie, well ëmmer déi – duerchaus berechtegt – Unnaam bestanen huet, datt bannent relativ kuerzer Frist nees Normalitéit géif akéieren. Tatsächlech hu mer zënter laange Joerzéngte keng Period mat esou héiger Inflatioun méi kannt, wéi mer se haut hunn, an déi rezent Kriise ware näischt vu laanger Dauer, am Verglach mat haut.

gouvernement.lu

Anerersäits wëllt keen dat maachen, wat d’Gesetz géif erlaaben, nämlech Tranche ganz fale loossen, no Consultatioun vun der Tripartite. An déi géif dat nimools am Konsens beschléissen. Deemno si mer haut total blockéiert, de Staatsbudget gëtt mat Kompensatioune belaascht, a kee weess, wéivill Tranchen Index virun de nächste Walen ufalen – déi eenzeler an der DP jo am léifste géifen am Raum stoe loossen an der nächster Regierung dann ee ganze Grappvoll net ausbezuelten Indextranchen iwwerloossen. Wann déi Regierung da géif oder misst decidéieren, datt déi net all kënnen op déi eng oder aner Manéier bezuelt oder « kompenséiert » ginn…ma dann huet déi Regierung ee gudde Start an d’Liewen.

Elo kann een ëmmer soen, bei all Reform verpasst een d’Perfektioun grad esou, wéi an der aktueller Realitéit. Mee sou ass dat nun emol, a guer näischt ze ënnerhuelen, näischt ze reforméieren, ass zwar gutt fir d’Aktionäre vum aktuelle System – also déi, déi e geréieren, d’Acteure vun der Tripartite – mee op Dauer net fir d’Leit. Da muss ee sech awer vläicht eng Kéier un eng Reform trauen. Mir mengen, datt de sozialen Index, mat der Interventioun vun enger Mutuelle fir d’Belaaschtungsënnerscheeder tëschent Betriber mat méi niddregen a méi héije Léin auszegläichen, eng gutt Pist wier. Selbstverständlech kann een ëmmer den Detail diskutéieren, veränneren, upassen, ausgläichen, mee als Orientéierung fir eng Reform, déi wierklech vu sozialer Wierkung a sozialem Notze wir, gëtt et net vill besser. N’en déplaise à ceux déi behaapten, den Index hätt mat Sozialpolitik näischt ze dinn a wier just e sterillen Automatismus fir Kaaftkraaftverloschter opzehuelen. Wann et keng Sozialpolitik ass, esou ee Mechanismus iwwerhaapt emol ze schafen an en als eenzegt Land wäit a breet bis haut ze erhalen, da verstinn ech d’Begrëffer net méi. Déi, déi d’Daafpätteren a -giedele vum Index viru Joerzengte waren, woussten, datt se Sozialpolitik géife maachen. An dat war an ass näischt, woufir ee sech misst entschëllegen.

 

Am Virgespréich fir dësen Interview hutt Dir mir vun enger ENTMüNDEGUNG vum normale Bierger geschwat. Entmündegt a wéi engem Sënn?

Bierger sinn ass ass jo eppes anescht ewéi « Subjekt », wéi dat fréier an den absolutte Monarchie geheescht huet. Et ass och eppes anescht wéi Konsument sinn. Et bedeit, sech am Bewosstsinn vu senge Rechter a grad esou senge Flichten a Verantwortung an der Gesellschaft an am Staat ze behuelen. Et bedeit och, sech net instrumentaliséieren ze loossen. Wa Politik zu enger Gadgets-Veranstaltung gëtt, dann hunn d’Bierger verluer. Wa seriö Debatte vun der Politik vermidde ginn, well se elektoral riskant schéngen ze sinn, wa korporatistesch Interessen iwwer deene vun der Allgemengheet stinn, da ginn d’Bierger fir onmündeg gehalen. Dir verzeit mer hoffentlech, datt ech net all Kéier Biergerinnen a Bierger soen, dat versteet sech fir mech vum selwen.

FOKUS huet vun Ufank u gesot, mir stéinge fir biergerlech Wäerter a biergerlechen Engagement. Dat si net des « valeurs bourgeoises », mais des « valeurs citoyennes ». Dat bedeit och net, datt mer eis am däitsche Sënn als « bürgerliche Partei » bezeechnen. Et bedeit, datt mer dem Konzept vum « Bierger » nees säi volle Wäert wëlle ginn.

Doduerch, datt politeschen Engagement gefërdert gëtt, a sech auszuelt. Et ass katastrophal, wéi wéineg Leit sech nach politesch wëllen engagéieren, well de System vu Parteie verrouilléiert ass, laanscht déi ee net emol an engem Duerf vun 3.000 Awunner kënnt. Politik brauch keng Parteien, Politik brauch engagéiert Mënschen. Bierger eben. A wa mer d’Regierung direkt géife wielen, da stéing dat Vertraue vu Mënschen a Mënschen och politesch endlech am Mëttelpunkt.

Photo de Ryutaro Tsukata: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/les-gens-qui-marchent-sur-une-grande-place-en-beton-5191376/

Doduerch, datt de Sënn vum « Bierger-sinn » an der Gesellschaft erkläert gëtt, an der Schoul, an an engem neie biergerlechen Déngscht, wärend deem (virun allem) Jonker kënnen erfueren, wat Dingscht un der Allgemengheet ass, an datt et net just ëm deen Eenzele geet, mee ëmmer och ëm d’Wuel vun eis alleguer.

Doduerch, datt mer ophale mat der Logik vum « alles gratis », an eis bewosst ginn, datt alles eppes kascht, an et muss erwirtschaft ginn – an datt eventuell och alt emol ee Choix muss gemaach ginn. Bierger huelen Entscheedungen, Konsumenten huelen alles.

De Staat gehéiert senge Bierger. Hien gehéiert weder de Parteien, nach engem Parlament, nach Gewerkschaften, nach anere Korporatiounen. Den eenzele Mënsch, seng Würd, seng Liewensentscheedungen a seng Verantwortung fir sech a fir anerer sinn déi zentral Elementer, déi eng Gesellschaft virun der Diktatur schützen. Ee Bierger huet e Gespier dofir, wat richteg a wat falsch ass, ee Sujet mécht, wat de Chef em seet, esou falsch et och ka sinn.

Sidd Dir dann der Meenung, datt eis Politik zu Gadgetsveranstaltungen degradéiert gouf? U wat denkt Dir do konkret?

Jo. Politik ass eng Gadgetsveranstaltung ginn, op alle Niveauen. Net, datt dat mer géif gefalen oder datt ech just wéilt karikéieren, well bestëmmten Usätz mer net gefalen. Neen, et geet just nach ëm Gadgeten.

All Joer gëtt et iergend eppes méi gratis, an zwar fir all Mënsch. Den ëffentlechen Transport, Schoulbicher, Kannerbetreiung, you name it. Wou gratis net geet, do ginn et Subsiden, fir elektresch Autoen, Vëloen, Trottinetten, Solarpanéilen (wa mer der da nach erbäi kréien), fir den ekologesche Bau, wat och ëmmer.

Photo de SHVETS production: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/femme-espace-technologie-piece-7562068/

An aneren Domainen, wou ee manner gutt schenke kann, gëtt mat Gadgetsmoossnamen operéiert. Amplaz inzisiv um Wunnengsmaart virzegoen, schrauwe mer un dësem oder deem Oofschreiwungssaz, wéi an esou villen aneren Domaine vun der Steiergestaltung och. Amplaz eng ëmfaassend Bildungspolitik fir jidder Kand a Jonken zu Lëtzebuerg ze maachen, a Form vun enger performanter ëffentlecher Schoul, déi och an zwou verschiddene Sprooche kann alphabetiséieren, schafe mer all puer Méint eng nei international oder europäesch Schoul. Mir erfanne Schoulbicher, an deenen d’Mënsche vun deenen zwee Geschlechter d’selwecht ausgesinn, an genderen eis duerch déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit. Gemengefusiounen ? Institutionell Reformen ? Eng Reform vum Index ? Do kënnt ee mat Gadgete net virun, an also mécht een am léifste näischt.

Et geet net méi ëm dat grousst Ganzt, mee just nach ëm d’Begléckung vu méiglechst jidderengem. Et kascht, wat et kascht. Datt ee gudden Deel vun deene Gadgeten am Endeffekt villes méi deier maachen, wat net méi deier misst sinn – Stéchwuert Wunnéngsbäihëllefen, Är Bank hëlleft Iech gäer fir all ëffentleche Subsid ze kréien, fir datt der nach méi fir Är Häip kënnt bezuelen – a wuel och inflatiounsdreiwend Wierkung kann hunn, dat vergiesse mer. Leider hëlleft d’Verdrängung vu Probleemer meeschtens net bei hirer Léisung.

Wann wierklech e Besoin do ass, wéi Dir et suggeréiert, da misst den Interessi un Ärer Partei beim Bierger grouss sinn. Bei wéi vill Memberen sidd Dir an der Tëschenzäit ukomm?

 

Ech hunn och d’Impressioun, datt deen Intérêt besteet. Natierlech si mer nei an eis Positioune nach net genuch bekannt – zu verschiddenen Theme ginn et och nach keng ofschléissend Bewäertungen. Mee Dir wësst, datt et haut schwéier ass, dausende Leit spontan zum Antrëtt an eng Partei ze beweegen. Ech fannen dat och normal, vill Bierger hu wuel een Intérêt un der Politik an un hiren Acteuren, mee wëllen awer duerfir net gläich an eng Partei, egal wéi eng. Mir beweegen eis elo op 200 Memberen zou.

 

Dir hutt en neie Beruff an zwar sidd Dir aktiv am Beräich vum Waasserstoff- en héich aktuelle Sujet grad an dësen Zäiten, wou no Energie gejaut gëtt. Am Waasserstoff läit vill Potenzial ma esou richteg vun der Plaz kënnt een net. Wourunner läit dat?

Waasserstoff ass eng ganz spannend Moleküll. Si ka ganz vill, mee si muss et maache gelooss ginn. Eigentlech kéint se déi global Wirtschaft revolutionéieren. Dat huet den Jeremy Rifkin schon 2003 a sengem Buch « The Hydrogen Economy » esou gesinn, also viru bal 20 Joer. Dat ass iwwregens dee selwechte Rifkin, dee d’Lëtzebuerger Wirtschaft sollt revolutionéieren – mee wann een d’Ausriichtung vun der aktueller Regierung kuckt, da sécher net mat Waasserstoff.

Ech gesinn zwee grouss Problemer, déi den Duerchbroch vum Waasserstoff bis haut verhënnert hunn. Gläichzäiteg sinn ech awer zimlech gudde Déng, wat seng Zukunft ubelaangt, well et geschwë kee anere Choix méi wäert ginn, a bekanntlech passéiere Saachen dacks grad dann, wann et wierklech brennt.

Deen éischte Problem ass : et gëtt kaum « grénge » Waasserstoff, also dees, deen duerch d’Elektrolys vum Waasser mat propperem elektreschem Stroum produzéiert gëtt. Dee Stroum muss also selwer aus erneierbare Quelle kommen. Elo ginn et an der « Waasserstoff-Faarweléier » nach aner Méiglechkeeten, fir u propperen H2 ze kommen : deen « turquoisen », dee mat Atomstroum elektrolyséiert gëtt, an dee « rouden » oder « orangen », deen duerch Pyrolys entsteet, also d’Verbrennung vu Gas mat Nieweproduktioun vu festem Kuelestoff. Wéi och ëmmer : « grénge » Waasserstoff gëtt et nach quasi keen. Et bestinn an Europa Bestriewungen, fir dat ze änneren, a verschidde Länner hunn do och eng gutt Uluecht a gutt Chancen, ech nennen emol Spuenien, Dänemark an Holland. Anerer, déi grouss Pläng hunn, notamment Däitschland, sinn am Fong nach guer néirens. An d’Realisatioun, datt en eigentlech gutt kéint importéiert ginn, gëtt et zwar, mee et passéiert näischt an der Ëmsetzung.

Photo de Rafael Classen rcphotostock.com: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/automobile-espace-de-copie-arriere-plan-bleu-hydrogene-10670941/

D’Europäesch Kommissioun akzeptéiert, datt fir dee Waassertoffbesoin, deen Europa 2030 an duerno wäert hunn, ronn d’Halschent wäert mussen importéiert ginn. Staaten, notamment Däitschland, fabuléieren un « Accorden » a « Partnerschafte » mat potenziell grousse Waasserstoffhiersteller wéi Australien, Chile, Namibia a Südafrika ronderëm, mee esouguer wann do géif genuch produzéiert ginn, wéi kritt een en heihinner ? Et gi net emol genuch Schëffer, déi e kéinten transportéieren. Ech favoriséieren do eendeiteg eng Approche vu Partnerschaft mam südleche Mëttelmier, vu Mauretanien bis Egypten an och d’arabesch Hallefinsel. Duerch d’Mëttelmier kann ee Pipeline leeën, et ginn der scho fir Gas, notamment aus Algerien, déi kënnen ëmfunktionéiert oder ausgebaut ginn, dat ass alles no bäi an déi Länner politesch fir Europa wichteg. Iwwerall besteet och eng grouss Bereetschaft, fir eis Waasserstoff hierzestellen an ze liwweren, mee Europa kritt d’Riede vu senger Politiker net zu praktescher Politik ëmgemënzt. De Vizepresident Timmermans versprécht all Woch weider Finanzérungsmilliarden aus dem Emissiounshandel, déi sinn och do, mee et gëtt näischt Konkretes ënnerschriwwen. An esou lues ginn déi potenziell Partnerlänner och nervös. Ausserdeem : bis 2030 soll d’Halschecht vum Waasserstoff, deen déi europäesch Industrie verbraucht, gréng sinn. Dat si nach siwe Joer…

Zweete Problem : mir befannen eis nach ëmmer an engem debille Kulturkampf tëschent den Unhänger vum Waasserstoff an deene vum « tout électrique ». Zou wéi enger Kategorie ech gehéieren, ass kloer, an ech hunn ëmmer gesot, datt mer do eng falsch Ausenanersetzung féieren. Dir kënnt net Eisenäerz mat Stroum reduzéieren a « gréngt » Eisen hierstellen. Mat Waasserstoff kënnt der dat. Dir kënnt aner industriell Produktiounsprozesser op Waasserstoff ëmstellen, mee just mat Stroum maacht der beispillsweis och keen Zement. Wann et awer elo ëm de Stadauto vun der Zukunft geet – dee muss keng Brennstoffzell fir Waasserstoff hunn, do geet eng elektresch Batterie och. An anere Wierder : wa jiddereen den anere géif gewäerde loossen, da kéime mer vläicht op alle Fronte weider. A vläicht versteet d’Stroumlobby, an zu däer gehéiert ënner grénger Fiederféirung déi Lëtzebzuerger Regierung, datt et nimools wäert genuch grénge Stroum an Europa ginn, fir all Auto mat Batterie fueren ze dinn, deen op der Strooss ass. Oder wéi erkläert Der engem verstännege Mënsch, datt de Stroum méi deier gëtt a mer e solle spueren, wa just 5 Prozent vun den Autoen elektrescher sinn ? Wéi soll dat da mat 50 goen, vun 100 guer net ze schwätzen ! Et ass décke Kabes. Mee d’Autosindustrie huet, nodeem se 30 Joer all kleng Iwwerleeung a Richtung Alternativen zum thermesche Moteur resolut verhënnert huet, mat intensiver Hëllef vun der däitscher Politik, elo decidéiert, si géife gär elektresch Autoe bauen, a just a nëmmen där. Dat geet dann duer, fir all Grénger um Kontinent an hire Fantasie vun der renger Elektromobilitéit ze bestätegen. Soit. Wann d’Stroumlobby och nëmmen d’Industrie op hirem Wee a Richtung Waasserstoff géif mat Rou loossen, wiere mer schonn e gutt Stéck weider.

Ech mengen, datt all dat do sech mat der Zäit arrangéiert, och well d’Industrie an d’Wirtschaft einfach wäerten handelen. Beispill : ArcelorMittal huet mat der mauretanescher Minnegesellschaft SNIM en Accord ofgeschloss, fir a Mauretanien an Zukunft 2,5 Milliounen Tonne gréng Pellets mat Waasserstoff-Direktreduktioun hierzestellen. Dee muss enzwousch hierkommen, an dee wäert enzwousch hierkommen, ob d’Stroumlobby dat gutt fënnt, oder net, an och ob d’Europäesch Kommissioun endlech handelt, oder net.

Dat eenzegt Gutt u Krisen ass jo, datt de Mënsch forcéiert gëtt, ëmzedenken. Nach kuerz zeréck op Lëtzebuerg. Et gi sech vill Froen gestallt, wéi kal wuel de “Putin-Wanter” wäert ausfalen, mä ass sech net och d’Fro ze stellen, wéi waarm den Hierscht gëtt…op politeschem Plang?

« Don’t let a good crisis go to waste » ass tatsächlech ee bekannte Sproch. Just dat mam ëmdenken…gutt wier et, mee ech si mat Momenter skeptesch. Ob mer wierklech eppes aus Krise léieren, oder ob mer just driwwer schwätzen, fir et dann awer nees genee d’selwecht ze maachen, wéi virdrun, bleift ze gesinn. Ech hätt jo léiwer, et géinge sech wierklech Saachen änneren, well et wier déck néideg.

De « waarmen » Hierscht kéint tatsächlech dës Kéier Realitéit ginn. An ech wënsche mer, datt et dann och ëm méi substanziell Saache geet, wéi dorëms, ëm wéi vill Méint déi nächst dräi oder véier Indextranchen dann elo verréckelt ginn. Bei 7, 8 oder méi Prozent Inflatioun gëtt dee System jo vill méi ugefeiert, wéi ën dat ënner normalen Ëmstänn soll – a seng Effekter sinn eigentlech an esou enger Situatioun net méi erträglech. Dir wësst, datt FOKUS viru Méint schonn de « sozialen Index » gefuerdert huet, an dobäi bleiwe mir. Mir wäerten an deene nächste Wochen och nach eng Kéier illustréieren, woufir – well nämlech d’Akommesschéier mam bestoende gläichen Index fir jiddereen op spektakulär Manéier ausernee geet, an dat ka net de Sënn an den Zweck vum Indexmechanismus sinn. Energie- a Spritpräisser, déi rasant an d’Luucht ginn, sollte grondsätzlech net zu allgemengen Akommeserhéigunge féieren.

Ech hunn et scho gesot : en Energiescheck wir do eng méiglech Fassong, d’Méikäschte vun de Stéit auszegläichen – bis op ee bestëmmten Akommesniveau, deen zum Beispill kéint de Medianloun sinn, da misste mer ëm déi 4.000 Euro de Mount leien. Ze bezéie wir dee « Scheck » entweder iwwer eng Paiementskaart fir Bensinn/Diesel, wann dat machbar ass, oder iwwer een direkte Paiement un déi betraffe Leit. An deem Fall kéinten se d’Geld och fir aner Saache benotzen a beispillsweis méi den ëffentlechen Transport benotzen, esou datt se eng Nettozoulag kréichen. Fir Stroum a Gas kéint een änlech virgoen. D’Inflatioun wäert wuel net kuerzfristeg drastesch zréckgoen, duerfir sollte mer eis Saachen afale loossen,

Den Energieengpass, deen op eis alleguer zoukënnt, ass op jidder Fall eng gutt Geleeënheet, fir emol éierlech driwwer ze kucken, wat mer an de leschte Joeren op der Energiefront geleescht hunn. Wann tatsächlech – verschiddener soen dat scho laang a gi reegelméisseg ausgelaacht ! – ganz einfach net genuch Stroum ka produzéiert ginn, fir datt e weiderhin normal ka benotzt ginn, dann hu mer eis wärend Joeren ugelunn.

An Däitschland gëtt et elo eng Debatt driwwer, ob an de Schoule sollen d’Loftpartikelfiltere kënne reegelméisseg ageschalt bleiwen, déi wéinst dem Coronavirus opgeriicht goufen. Et ass surreal ! Duerfir soll net genuch Stroum do sinn ? A mir sollen alleguer dréngend op elektresch Autoen ëmsteigen ? A gelueden duerfen se ëmmer genee tëschent zwou an dräi Auer moies ginn ? Hoffentlech bleift wéinstens genuch Stroum verfügbar, fir datt d’Ideologe vum « tout électrique » hir Obsessioune nach eng Kéier bei Liicht kënne betruechten. Da gesi se, datt se näischt daachen.

Mä Scholdzouweisungen eleng déngen och näischt. Et musse Léisungen op den Dësch, an déi si net einfach. Wann am Summer an Europa zum Beispill Atomkraaftwierker erofgefuer ginn, well wéinst der Dréchent net méi genuch Killwaasser do ass, da kann ee net einfach soen : Atomkraaftwierker lafe loossen a neier bauen. Norwege liwwert manner Stroum an Däitschland, well aus deem selwechte Grond hir Waasserkraaftwierker net esou kënne lafen, wéi soss. De Klimawandel selwer mécht mëttlerweil d’Energieversuergung méi schwéier, an dat ass ee kräftege Grond méi, fir deem Anhalt ze gebidden. Dat geet net mat bëllegem Bensinn, an och net mat bëllege Paroulen, wéi een se elo ëmmer méi haart vun ADR an CSV héiert. Esou vill Asiicht muss dann einfach sinn.

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    T’ass net de Krich an der Ukrain deen d’Energiepräiser explodéieren gelos huet. Et sin Sanctiounen, induzéiert vun enger onerfahrener, karrieristescher jonker däitscher Politikerfra, déi an enger Hauruckaktioun ouni d’Konsequenzen ze iwwerléeen op “good old western style” aus der Hëft geschoss huet. Ech zweifelen drun, dass déi Fra jeemols Schach gespillt huet, well do denkt een – en fourchette – mindestens 3-4 Zich am Viraus. Machen mir elo, no 7 Méint, mol de Punkt! Et rullen nach ëmmer, vun däitschen Steiergelder gesponsored Panzeren am Donbass, et fléien nach ëmmer amerikanesch Himars Rakéiten duerch d’Luucht an gin mam modernen Nofolger vun der Stalinorgel ofgewiert, bref, op däitsch “die Kacke ist immer noch am dampfen!” Mol de Fall ugeholl, déi Sanctiounen wären net esou flott iwwert de Knéi gebrach gin… hätt dat eppes um Bordell am Donbass geännert? Ech mengen net, ausser, dass vill Leit sech net bräichten Gedanken iwwert hier Energierechnung missen ze machen. Elo soll w.e.g. keen kommen an argumentéieren, dass et sech net passt fir Geschäfter mat ondemokrateschen Länner ze machen, well da missten mir quasi ophalen mat der halwer Welt ze bradéieren. Saudi-Arabien, Qatar, UAE, Aserbaidschan, Irak, Nigeria, Venezuela an Iran sin jo all “Musterdemokratien”, déi lescht esouguer mat extrem “fraenfrëndlechem” Charakter wéi een aus den Noriichten gewuer gett. Och dat Argument, dass een mat Russland am Krich ass, kann een net gëllen lossen, well do brauch een sech nëmmen de Business vun den Amerikaner mat Nazi-Däitschland unzekucken. Ford, IBM, Standard Oil New Jersey, I.G. Farben, General Motors déi Investitiounen bei Opel Rüsselsheim getätegt hun. De Papp vun den Öl-Milliardären Charles an David Koch seng Geschäfter mam Hitler an Stalin, dee fir béid Regimer Raffinerien gebaut soll hun. Nee, Nee… déi Sanctiounen hun um Krichsgeschehen glat guer keen Afloss wéi een am Réckbléck gesäit…. mä nëmmen deenen geschued, déi sie vum Stapel gelos hun. Vielen Dank, Frau Baerbock!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *