Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Pandemie – Fakenews?! Beispill Eisterräich 

Pandemie – Fakenews?! Beispill Eisterräich
Image par Alexandra_Koch de Pixabay

bekanntlech weess een eleng ni alles an esou ass et wichteg, datt een sech un d’Intelligenz vun engem anere reiwe geet. Esou kënnen sech Argumenter a Géigenargumenter entwéckelen. E berüchtegten Erausfuerderer ass do Google. Dës Sichmaschinn huet e Repertoire un Dokumenter, déi virun 20 Joer sech keng Bibliothéik virstelle konnt, eng Zort Alexandria, modern times. Allerdéngs muss een hellesch oppassen ob den Inhalt vun deem, wat een do alles ze liese kritt. Besonnesch am aktuelle Sujet vum Corona-Virus riskéiert een, “erageluecht” ze ginn! Oppassen also, ma munnechmol traut een sengen Aen net.

an Eisterräich huet de Verfassungsgerichtshof eng Rei Moossnamen vun der Regierung am Kampf géint de Virus. fir illegal erkläert. Verschiddener haten am nationalen lockdown am Fréijoer gegollen, dorënner das Betretungsverbot für Gaststätten, Beschränkungen betreffend den Einlass von Besuchergruppen in Gaststätten (maximal vier Erwachsene, wenn kein gemeinsamer Haushalt). Déi Moossnamen waren nom Confinement net méi a Kraaft, trotzdeem huet d’Verfassungsgeriicht si fir gesetzwiddreg erkläert. Fakenews?!

Do drënner gefall wär grad esou die Maskenpflicht an öffentlichen Orten in geschlossenen Räumen (Amtsräumen etc.). An dat nämmlecht Geriicht huet eng nach aktuell Bestëmmung opgehuewen, mit der die verpflichtende Einhaltung eines Mindestabstands zwischen den Verabreichungsplätzen in Gaststätten (§ 6 Abs. 1 und 4) angeordnet wurde, also der Mindestabstand von einem Meter zwischen Tischen. Die Aufhebung tritt mit Ablauf des 31. Dezember 2020 in Kraft. Fakenews?!

D’Geriicht argumentéiert, datt dës Restriktiounen vun der Regierung net nozevollzéien wären auf Grund welcher tatsächlichen Umstände die zuständige Behörde – der Gesundheitsminister – die jeweilige Maßnahme für erforderlich gehalten hat. Dat kënnt den Iwwerleeungen aus dem Lëtzebuerger Staatsrot zimmlech no, deen och der Meenung war an ass, datt d’Gesetzer mussen präzis formuléiert sinn, grad wann et sech ëm Restriktiounen an de Grondrechter vum Mënsch handelt.

“…ënner dem Vollek däerf net d’Meenung opkommen, datt alles aus der Loft gegraff ass!…”

Beispill: mir däerfen nach just 4 Leit doheem empfänken. Firwat keng 3 oder 5? D’Ministesch misst dat schonn zesummen mat hiren Experten argumentéieren. Oder: firwat waren Fachmäert a grouss Gäertnereien am Fréijoer bemol op, an aner grandes surfaces hate mussen zou bleiwen? Et geet hei net drëm, d’Restriktiounsmoossnamen vun der Regierung ze diskreditéieren, ma einfach si ze hannerfroen. D’Ënnerstëtzung vu Säiten vun der Justiz wär dobäi wëllkomm! Fir weider (juristesch) Detailer verweisen ech op d’Internetsäit vum éisträicheschem Verfassungsgeriicht https://www.vfgh.gv.at/index.de.html

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *