Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

Bausch condamnéiert, ma kee schwätzt dofunner! 

Bausch condamnéiert, ma kee schwätzt dofunner!

Mir gin zeréck an d’joer 2013! E fatalt Joer, op d’mannst fir de Premier Jean-Caude Juncker, Chef vum Geheimdéngscht. De Strang ëm säi politeschen Hals gouf wéinst der SREL-Affaire ëmmer méi enk, bis hien d’Demissioun vun der schwaarz-rouder Koalitioun bekannt gouf an Neiwahlen ausruffe gelooss huet. D’Oppositioun huet voll hire Rôle gespillt, ënnert anerem an der SREL-Enquêtekommissioun. Där hiere President wor den Alex Bodry (LSAP), där hiere Rapporteur wor de François Bausch (déi Gréng). An de Bausch haat deemols vill geplappert a geschriwwen, ze vill. Dowéinst gouf hien vum Ex-SREL-Mann Fränk Schneider op d’Geriicht geholl, an de gréngen Deputéierten huet an 1. an och an 2. Instanz verluer.

 

Esou weisen d’Riichter drop hinn, datt och e Volleksvertrieder eng gewësse Vertraulechkeetspflicht muss respektéieren! An dorunner hätt de François Bausch sech net gehalen, wéi hien op engem Internet-blog eng Publikatioun erausgouf, mam Thema . “SREL: der sichere Weg zum Totalschaden”; hien hätt sech op ëffentleh an net-ëffentlech Sëtzungen vun der parlamentarescher Enquêtekommissioun iwer de SREL beruff, schreiwt rtl.lu aus dem Verdikt an zweeter Instanz, a weider:”als membre-rapporteur vun där Kommissioun hätt hien där hire Konklusiounen net virzegräife gehat dueerch Kommentären op sengem Blog! De François Bausch hätt dorop net nëmmen Informatioune matgedeelt, ma och seng Suergen iwwer d’Machenschaften vu SREL-Leit, andeems hien op der Noutwendehkeet bestanen hätt, fir e strengen Deontologiecode fir d’Memberen vum Geheimdéngscht anzeféieren.

“…D’Riichter hunn also den devoir de réserve iwwer d’Riedefräiheet gestallt…”

 

Et geet net drëm, hei den Här Bausch nach emool an d’Pan ze klaken, mä, ech fannen et schonn erstaunlech, datt zejoert virun de Wahlen just Radio Lëtzebuerg iwwer des Condamnatioun rapportéiert huet, an datt dee Verdikt bis ewell iwwerhaapt keng Diskussioun an der Chamber ausgeléist huet, weder an der Ëffentlechkeet, nach an enger Kommissioun oder am bureau des présidents. En Deputéierten kritt villes zougedroen, a muss trotzallem sech un eng Deontologie halen! Wat fir eng ass dat? Wat däerf en Deputéierte soen/schreiwen, wat net? Ka sech en Deputéierten op eng Zort Quelleschutz beruffen, esou wéi dat d’Journaliste kënne maachen? A wa jo, ginn et do Ausnahmen, d’nämmlecht ewéi fir d’Presse? Et wär eng interessant Diskussioun, ëmsou méi, wou nach en aneren Deputéierten den Ament an de Seeler hängt ( G.Gibéryen)….

a well näischt verluergeet, hei de link zum Artikel vun deemools.

http://archive.is/YycM9

 

 

 

 

Related posts

2 Comments

  1. Pirsch J

    Bei der Srel Affaire woar sou munneches besonneg gelaf. Eppes wat ech ganz uerg fonnt hunn: No enger Visite am SREL huet den Här Bausch, ech mengen hier war President vun der zoustännerger Chamber Kommissioun öffentlech an och op RTL gesot, dass hien eng Kaart vun engem vu senge Genossen gesinn (an huet dem sein Numm genannt) a gelies huet a hien wier guernet domat averstanen dass iwer deen Rapport giff geféiert gëtt. No mengem Demokratie Verständnis ass et net engem Deputéierten erlaabt esou eppes vum Geheimdingscht dat hien a senger Funktioun als Deputéierten geseit öffentlech ze verbreeden. Meng Enttäuschung ass grat esou grouss dat keen Deputéierten dat ugeklot huet. Ass vir des Leit alles erlaabt?

    1. Danielle Dehm

      Den Herr Bausch an all déi anner vun senger Partei,maachen nemmen daat waat si wellen, sie verlossen sech drop dass Leit sech alles gefalle loossen, mir maachen daat jo och, mir loossen äis esou richteg verarschen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *