Recent Posts

Post Categories

Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...
Thierry Simonelli: Luxemburgs Front gegen den Rechtspopulismus 
                                       ...

Blog Post

Aussepolitik

Paräis steet a Flaamen! 

Paräis steet a Flaamen!
image credits.pixabay

Paräis steet a Flaamen! Dat war an de leschte Wochen méi wéi engkéier d’Haaptiwwerschrëft bei eisen Noper. Dobäi muss ee soen: wann Pneuen oder Paletten a Brand gestach ginn, gesäit dat wuel spektakulär aus, ass awer éischter harmlos: Demonstranten a Polizisten hunn eventuell Otemprobleemer, sinn allerdéngs net a Liewesgefohr. Den Titel: Paräis steet a Flaamen muss een dofir méi breet gesinn. Et ass ganz Frankräich, dat a Flaame steet, net wéinst e puer Pneuen oder Autoen, ma et ass d’Flaam aus den Häerzer vu ville Fransousen, eng geballte Rooserei!

C’est la révolte? Non,Sire, c’est la révolution! Do ass Frankräich zwar nach e ganzt Stéck derfunner ewech, ma et feelt net méi esou vill, fir d’Land an de komplette Chaos ze katapultéieren. Dobäi ass et (leider) normal, datt vun där enger ewéi vun där anerer Säit Saache gesot gin – haut via Facebook an Twitter-, déi net onbedéngt der Wourecht entspriechen, an déi just geduecht sinn, weider Uelech an d’Feier ze schëdden.

 

D’Brigitte Macron zum Beispill gëtt dacks hefteg attakkéiert. Si géing hiere Mann manipuléieren, an net ze vergiessen, si hätt d’Decisioun geholl, den Iessservice am Elysée géint en Neien an Deieren auszewiesselen an och d’moquette erneieren ze loossen. Natiirlech huet dat eng Staang Geld kascht an et kann een doriwwer diskutéieren, ma si elo mat responsabel ze maachen, fir eng falsch Politik aus de leschten 30 Joer, ass iwwerdimensionéiert iwwerdriwwen. A wat seet d’Ëffentlechkeet zu esou Sloganen, à la ” Brigitte, on vient te baiser” oder och “Brigitte, on va te mettre nue sur une palette“? Dat muss jo dan eng schéin Häx sinn!! Ech bedaueren, datt do keng eenzeg Partei -vum rietsen bis de lénke Spektrum- sech iwwer esou Aussoen gëiergert huet. Natiirlech kann d’Fra niewt dem President grad esou kritiséiert ginn, ewéi hire Mann, ma hei ginn ech de Verdacht net lass, datt et de Parteien einfach mol grad gutt kënnt, datt d’Beweegung  en marche esou an de Labränten ass, an datt dofir all Mëttel erlaabt ass! A wou bleiwen an deem Kontext d’Fraenorganisatiounen? Op d’mannst si missten entsaat sinn!Den Ament hällt ee sech léiwer zeréck: nëmmen näischt géint d’gilets jaunes soen!

“…e Boxer, deen dra facht, wéi vun alle gudde Geeschter verlooss…”

 

Datt ënner de gilets jaunes och casseuren drënner sinn, also Kläpper, ass leider och normal, munnechmol sin se vum rietsen, munnechmol vum lénkse Bord, meeschtens awer a-politesch, a just drop aus, datt d’Fatze fléien. Datt de gesellschaftleche Systeem responsabel gemaach gëtt fir eng Ënnerdréckung vun uewen no ënnen, kann ech novollzéien an et erënnert mech u meng politesch Jugend (R.A.F. versus Helmut Schmidt); datt zu deem Systeem och d’Police matt responsabel gemaach gëtt, als Staatskraaft, déi zu der Ënnerdréckung bäidréit, verstinn ech am Fall vu Frankräich net! D’Land ass eng demokratesch Republik an d’Police gëtt just agesaat, fir d’Bierger ze schützen. Wann also e professionnelle Boxer sech mat de gilets jaunes solidariséiert an op e Polizist aschléit, wéi wann hie vun alle gudde Geeschter verlooss wier, da sinn ech entsaat. Ech verstinn d’Reaktioun vun der Police, déi twittert: vous n’avez pas respecté les règles de la boxe, on va vous apprendre les règles du code pénal! Leider ginn et dann direkt Stëmmen, déi drop hiweisen, datt an den USA d’Police op esou e Casseur geschoss hätt, an zwar ‘en légitimme défense’. Grad dat däerf a Frankräich net geschéien, net nëmmen, well dat an enger Demokratie net däerf de Fall sinn, ma virun allem, well d’Situatioun zousätzlech explosiv géif ginn!48 Stonnen duerno sinn ech allerdéngs grad esou schokkéiert, iwwer Polizisten, déi blannemännerches dra schloen, zum Beispill e Schwaarzen, dee roueg widdert enger fassade stoung. Degoutant!

Ech ginn net dervunner aus, datt d’Rooserei bei de Fransousen sech wäert séier leeën; a wann, dann nëmmen, fir spéider nei opzeflaamen. Mol kucken, wat dat muer um Kierchbierg gëtt…

 

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *