Eng Rumeur betrëfft zanter dräi Wochen eng Ministerpersoun an d’demokratesch Partei. Déi Persoun hätt e falschen Account op facebook, wëll heeschen, si hätt déi Säit ënner falschem Numm, also ënner der Protektioun vum Anonymat opgemaach. Weder déi Persoun nach d’DP hu bis ewell an der Ëffentlechkeet reagéiert. Dat ass e politesche Feeler, well déi Rumeur hänkt der Persoun an der Partei wéi een Amboss um Been.
Schonn an der Halschecht Juni hat ech an engem Artikel dovunner geschriwwen, datt deen een oder anere Commentateur op RTL.LU ënner dem Anonymat fir de ‘Kont’ vun där enger oder anerer Partei déit schaffen https://bit.ly/3ADITfU mat der Allusioun, datt d’DP op deem Plang besonnesch stramm ënnerwee ass. Duerch déi rezent Rumeur krut d’Geschicht eng Eegendynamik.
Mäi leschten Artikel ass bis ewell vun 2400 Leit gelies ginn a gëtt virun allem an der politescher Zeen diskutéiert. Wéi gesot geet et drëm, datt eng Ministerpersoun zanter 6 Joer eng Säit op Facebook huet ënner dem Numm Patrick Muller. Et muss een also zeréckgoen bis an d’Joer 2017. Deemools hat et an der demokratescher Partei ferrem ramouert, wéi den deemolege Generalsekretär Marc Ruppert d’Paan geklaakt hat a mat him nach anerer wéi zum Beispill de Christian Klein, Sekretär vun der Escher DP-Sektioun.
De Patrick Muller war méi wéi beflass, der Parteipresidentin Corinne Cahen an der Ëffentlechkeet zur Säit ze stoen. Leider sinn d’Pousten aus där Zäit net méi erëmzefannen, well de Muller zanter Wochen am gaangen ass, seng Spueren ze verwëschen.
Déi nämmlecht Ministerpersoun steet am Verdacht, och am Joer 2017 ënner engem Pseudonym op RTL-LU kommentéiert ze hun -oder kommentéiere gelooss ze hunn-, nees eng Kéier an der Haaptsaach fir d’Madamm Cahen ze ënnerstëtzen. Den Numm vun deem Fake Account wär Robert72 gewiescht. Och hei huet ee Pech an de Recherchen, well RTL huet de System vu sengem Site geännert an zanterhier sinn all déi al Commentairen verschwonnen. Zwou heroesch Säiten hunn ech dach erëmfonnt:

An nach deen heiten

Also muskléierten Asaz fir d’Ministesch. Dat ass och Memberen vun der DP opgefall, an et goufen deemools wéi haut, Rumeuren. De Robi huet stënterlech opgehalen, elektronesch ze existéieren. Op Facebook gouf de Patrick Muller reaktivéiert, de Mulles. Am Laf vun de Joer gouf ënnert sengem Numm dat eent oder anert kommentéiert, besonnesch awer an de leschte Méint, wéi et drëms goung, bei den Trach fir d’Gemengewahlen bäigelooss ze ginn.
De Mulles ass an der Tëschenzäit nervös ginn an ass am gaangen, bal all seng Pousten verschwannen ze doen, dorënner och déi sougenannten “liken”. Am Joer 2019 huet hien d’Chaussures LEON zum Beispill gutt fonnt..:

Dat war kuerz virun der Braderie virun 3 Joer. Wann een sech déi nämmlecht Säit haut ukucke geet, dann ass do de Mulles verschwonnen.

Erstaunlech! Wisou, firwat huet sech de Mulles zeréckgezunn?
Fir de Rescht ass et schwiereg déi ganz Wouerecht erauszefannen. Wat awer nach opfält, ass d’Schreifweis vum Mulles, e bësselchen Slang-méisseg. Méi geschwatent Lëtzebuergesch ewéi geschriwwent. Beispiller: amplaz déi ass et bei him di, amplaz méi ass et mi, an aus dem wéi oder ewéi gëtt wi.
Fiktiivt Beispill: Aus dem Saz déi Gedanken si méi ewéi pertinent gëtt an der Mulles-Sprooch: Di Gedanken si mi wi pertinent. Och dat ass nach kee Beweis, ma nawell ass et pertinent.
Sollt dat alles glat a guer net stëmmen, wär et jo einfacht Spill fir d’Ministerpersoun a fir d’Partei: Dementi op der ganzer Ligne! Wann net, geeschtert d’Rumeur weider an an der elektronescher Welt weess een ni, wat een hannert där nächster Kéier erwaart!
De Patrick Muller dementéiert op FB Minister/Ministesch ze sinn. Bei deem ganze Spektakel géing et drëm goen, engem ze schueden.

Engem schueden? Awer bestëmmt net dem Mulles, deen e komplett onbeschriwwent Blat ass! Op sengem Profil op FB steet ausser dem Gebuertsdatum(13.04.59) keng Zeil, mol net e Komma. Wann mat dëser Rumeur engem sollt geschuet ginn, da wuel éischter enger Ministerpersoun.
Datt d’Rumeur aus dem Eck vun der neier Partei FOKUS lancéiert gouf, gleewen ech net. Dofir gouf si an der Lescht ze vill vu liberale Politiker kolportéiert. Soll dat bedeiten, datt DP-Memberen op dës Manéier probéieren, hir fréier Presidentin politesch fäerdeg ze maachen, si lass ze ginn? Och do sinn ech net iwwerzeegt, ma et ass eng Méiglechkeet. Egal wéi een et dréit a kéiert, och an dësem Fall misst d’Ministesch, misst d’Partei fir Kloerheet suergen an no baussen kommunikéieren! Bis dohinner steet fir mech fest: de Patrick Muller ass e fake account.