Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Gesondheet

Jean-Claude Juncker, den ale Luussert! 

Jean-Claude Juncker, den ale Luussert!

 

d’iëtzebuerger Wort online huet en Interview mam Jean-Claude Juncker aus dem Télécran iwwerholl. Et geet ëm dëst an dat, zum Beispill iwwer dem Juncker seng Zäit als Kommissiounspresident, iwwer de Brexit…an och iwwer déi aktuell Regierung zu Lëtzebuerg am Kampf géint de Virus. Wéi ass dem Ex-Premier seng Aschätzung? A senger Äntwert stellt hien ënner Beweis, datt hien ëmmer nach e brilliante Rhetoriker ass.

Ech schwätzen net schlecht iwwer mäi Virgänger an och net iwwer mäin Nofollger”. Also mol langweileg diplomatesch an esou geet et nach e puer Zeile weider.“Anders als die Europäesche Union(…) finde ich, dass die Regierung besser reagiert hat”. Hunneg an d’Strass vu Gambia. Ma da kënnt et crescendo knëppeldéck!

Fir d’éischt weist de Juncker Versteesdemech fir den eenzele Bierger, deen net méi richteg wéisst, wou hien drun ass. Niemand weiss mehr genau, was Sache ist. Esou eng Situatioun géif et zwar och an anere Länner ginn, wär awer besonnesch ausgepräägt zu Lëtzebuerg, well mir esou staark ënnert dem Afloss stinn vun de Medien aus der Grenzregioun. “Also eine etwas klarere Kommunikation wäre notwendig gewesen”. Domadder seet den Ex-Politiker genuch. D’Regierung war gutt an der éischter Phase vun der Pandemie an ass den Ament schwaach!

“Und auf Pressekonferenzen, die keinen Informationszugewinn haben, sollte man besser verzichten”! Léif ausgedréckt fir u sech ze soen, déi vill Medienoptrëtter vum Tandem Bettel a Lenert sinn munchmol kontraproduktiv, soen näischt aus, suergen just fir Onrou an der Wirtschaft an ënnert de Leit. Fir déi Aussoen nees diplomatesch auszebiggelen, dann nach dëse Saz:“doch ich habe keinen Anlass, die Regierungen nun in Grund und Boden zu verdammen…”

Alles gesot, awer näischt ze vill! Keng Frontalattack, just säitlech gerippt. Esou wäit zum Interview. Dobäi huet d’Juegd op de Vaccin réischt esou just ugefaangen. Déi potion magique soll jo eis Géigenoffensive am Krich sinn. Eis Dicke Bertha! Ma déi meescht europäesch Länner ginn schlecht preparéiert an déi lescht Schluecht: a Frankräich 700 Impfungen bannent 5 Deeg, näischt ze vill! An deem Rhythmus gëtt d’Enn vun de martialeschen Ausernanersetzungen op Saint Glin-Glin gefeiert.

Besonnesch eisen däitschen Noper iergert sech am genre: mir produzéieren den Zaubertrank a grad bei eis kënnt net vill dovunner un! De Staat Israel huet bannent 10 Deeg 15 Prozent vu senger Bevëlkerung geimpft an huet kee Probleem bei de Livraisounen. Kee Wonner! Israel bezilt 30 Dollar d’Fläschelchen, d’Europäesch Unioun der 18! Grad déi nächst Deeg, Wochen a Méint wäert also de Kapitalismus zu neier Héchstform oplafen…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *