Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: Die CSV und die irenische Formel 
“In dem Begriff soziale Marktwirtschaft liegt die Betonung auf dem Wort sozial.” Julius Raab Julius Friedrich Raab (* 29. November 1891 in St. Pölten, Niederösterreich; † 8....
Frank Bertemes: Grüne Friedenspartei? 
Viel ist schon gewonnen, wenn nur einer aufsteht und Nein sagt. – Bert Brecht –   Grüne Politik ist eine...
Lëtzebuerg am Klëppelkrich géint Russland? 
Den Ament sinn eng Partie Politiker der Hyperaktivitéit verfall. Si schwätzen esou wéi wa mir schonn am Krich mat Russland...
Thierry Simonelli: Die ewiggestrigen Pazifisten und die neue Demokratie 
Im „Manifest für den Frieden“, das inzwischen 936’000 Unterschriften in Deutschland gesammelt hat, schrieben die damalig noch Linke Politikerin Sahra...

Blog Post

Politik

Mat der TNS-ILRES op der “Wilde Maus” 

Mat der TNS-ILRES op der “Wilde Maus”
Bild von Alexa auf Pixabay

 

D’Meenungsinstitut TNS-ILRES jongléiert – wéi an Tëschenzäit allgemeng bekannt- mat de Chifferen, datt engem d’Dronkenellen ausginn. Viru Méint hunn d’Piraten 6 Sëtz an der ‘Sonndesfro’ zegutt geschriwwe krut, déi Kéier klammen d’Sozialisten ëm 3 Mandater a kee weess esou richteg firwat?! Dobäi gëtt d’Verdeelen vun de Mandater dësen 8. Oktober esou komplizéiert , esou onberechenbar ewéi nach ni virdrun.

Virun allem zeréckzebehalen ass vun där Ëmfro, datt nach just 8 Prozent vun de Wieler sech eng drëtt Editioun vu Gambia wënschen. Och dee Chiffer muss net komplett stëmmen, ma weist dach kloer d’Tendenz. Wiesselstëmmung! D’Dräierkoalitioun wär laut dem Wielerwëllen – deen et awer net méi gëtt- definitiv um Enn. Wat bedeite géing, datt muss eng aner Koalitioun entstoen. Dobäi wär GAMBIA III ëmmer nach méiglech. Ënner den DP-Leit héiert een allerdéngs dacks genuch, datt vill Partei-Memberen d’Zesummenaarbecht mat de Sozialisten a virun allem mat de Gréngen midd sinn. Si schwätzen ëmmer méi oppen, ongenéiert vun enger DP-CSV-Koalitioun.

Bis dohinner ass awer nach e wäite Wee ze goen. Laut dem Sondage ass déi Koalitioun den Ament net dran, well si just op 30 Mandater kéim, also op keng Majoritéit. Virun allem awer léisst de Spëtzekandidat a Staatsminister sech net an d’Kaarte kucken. Hien schéngt nach ëmmer éischter a Richtung Dräierkoalitioun ze denken. Opgefall ass zum Beispill säin Optrëtt um Buergermeeschterdaag op der Schueberfouer, wéi hien zesummen mat der Paulette Lenert an d’Frittebud erakoum, mam Signal: mir gehéieren zesummen!

Trotzdeem kritt een och ze héieren, datt CSV-Leit géinge probéieren, am Virfeld vun de Wahlen schonn mat de Liberalen en Deal auszehandelen, nom Motto: wien kritt wat? D’DP de Staatsminister, op alle Fall fir 2 Joer, duerno, wann de Xavier Bettel op der europäescher Bün bis caséiert ass, weider 3 Joer eng Regierung ënner dem Luc Frieden? Dat ass net auszeschléissen, mä et ass villes méiglech, och eng Koalitioun tëscht de Schwaarzen an de Rouden oder eng Dräierkoalitioun mat der CSV.

Villes ass eben dran, well déi grouss Parteien all am SUV vun der Mëttelklass matfueren, mat engem Verbrennermotor fir d’Mëttelschicht. Do sinn déi meeschte Stëmmen ze rafen. Déi politesch Differenzen sinn deementspriechend kleng. An also sinn Meenungsëmfroen extreem onsécher. D’Erfarung vun der CSV virun 5 Joer huet gewisen: d’Wahlcampagne muss ugehëtzt bleiwen bis zum Schluss. De Claude Wiseler gouf 2018 schonn quasi als neie Staatsminister gefeiert, wéi an de leschten 3 Wochen d’Stëmmung ëmgeschloen huet: géint hien!

An déi Kéier wäert de mathematesche Kuddelmuddel mat de Reschtsëtzer nach méi zum Droen kommen. Vill nei a kleng Parteien hu sech opgesat. Konkurrenz belieft d’Geschäft, ma d’Demokratie gëtt net onbedéngt méi einfach. Keng vun deene Parteien dierft vill Stëmmen asäckelen, vu Mandater net ze schwätzen. E Reschtsëtz geet ëmmer un déi stäerkste Partei, un déi, déi mat de Stëmmen am Noosten dru läit. Duerch déi vill kleng Gruppéierungen gëtt deen Effet zousätzlech geboostert. Konklusioun: Pronosticken sinn onméiglech!

No der Summervakanz geet alles ganz séier: d’Schwammbox gëtt ausgetosch géint de Battle dress. Déi Liberal hu sech op de Blummen vun de Gemengewahlen ausgerout mat engem copy/paste vum no bei dir! Ma deen zitt net op nationalem Plang. Elo muss d’DP struewelen. D’CSV ass och nach bei Wäitem net um Enn vun hirer Péng ukomm.

Am Duell de Moien op Radio Lëtzebuerg géint déi gréng Sam Tanson huet de Luc Frieden wéi erwaart gutt ofgeschnidden an de Beräicher Finanzen a Wirtschaft. Éischter more Kascht gouf et allerdéngs a Punkto Sécherheet, en Thema deen de Schwaarzen um Häerz läit a wou den direkte Konkurrent ADR heescht. Do goufe Punkten onnëtz verbëtzt.

D’Spëtzekandidaten mussen sech séier waarm schwätzen, Top-Form erreechen a si halen bis zur leschter Sekonn. A wann de Wieler bis de Rideau hannert sech zouzitt, hëllt d’Lous säi Laf.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *