Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Aussepolitik

Dem Jean Asselborn seng ondiplomatesch Attacken 

Dem Jean Asselborn seng ondiplomatesch Attacken
image credits: Welt.de

kloer! Wann een als Ausseminister ka soen, datt een als EU-Land Kanner an Erwuessener aus dem griichesche Flüchtlingslager Moria bei sech ophëlt, ass een vum moralesche Standpunkt op der gewonnener Säit. Dees ass sech de lëtzebuerger Ausseminister bewosst a profitéiert vun der Situatioun: hie schléit an der europäescher Diplomatie dran, wéi d’Kand mam Läffel an de Bräi! Wéi laang geet dat nach gutt?

Esou wéi d’Italiener e Merde,alors! dohinner geplättelt kruten, ass et elo un den Eisträicher. Hire Kanzler Kurz gouf “für diese erbärmliche Situation als Allererster” responsabel gemaach, hie wier de Missetäter! Eng voll an d’Gladder also. Dobäi waren et d’Griichen selwer, déi op d’Brems gespronge waren, mat der Warnung, elo nëmmen net onkontrolléiert Flüchtlingen vun der Insel Lesbos an Europa ze verdeelen. Et sollte just déi Flüchtlingen erausgesicht ginn, déi hiren Asyl accordéiert kruut haten. De Jean Asselborn awer huet gëschter der nach e puer drop gesat.

“…Dixi-Toiletten…”

An der Talk-show vum Sandra Maischberger hat sech de Mann nees e puer labber Spréch zurecht geluecht. Zum Beispill: Wir sind eine Wertegemeinschaft -und Österreich schickt Dixi-Klos. De Jang geheit den Eisterräicher vir, d’Solidaritéit vun der ganzer Europäescher Unioun op d’Spill ze setzen. An et koum nach besser, oder éischter schlechter: “die Österreicher jodeln durch die Gegend, und die anderen Länder müssen zusehen, was mit den Menschen geschieht”! 

de Jang mécht esou Aussoen virun allem fir d’Wieler zu Lëtzebuerg. Kachkéisspolitik also. Dat misst een dem Kurz mol pësperen, fir nom Gejodels mat där nämmlechter Waff kënnen zeréck ze schéissen. Die Luxemburger und ihre Bohnenschluppe! Well esou dichteg si mir net. “ Wir tun, was wir tun können, sot eise Jang,” es wird natürlich keine hohe Zahl sein. Wir haben nicht das Potenzial Deutschlands. Aber wenigstens zehn bis 15 Menschen.”

An dowéinst deen diplomatesche Krich?! An der Emissioun gouf e puermol drop higewisen, datt grad Griichenland appelléiert, sech elo net erpressen ze loossen, datt Politik net soll mat Emotiounen gefouert ginn, mä mam Gehier. E Staat dierft sech nimools erpresse loossen! An deem Kontext gouf un den Helmut Schmidt erënnert, dee sech net vun der R.A.F. erpresse gelooss hat.

Dem Jean Asselborn seng Spréch komme villäicht gutt un zu Lëtzebuerg. David géint Goliath! Mä den europäesche Karussell dréit aneschters. D’WELT-Zeitung stellt sech d’Fro: Henryk M. Broder: Will der luxemburgische Außenminister irgendeine alte Rechnung mit dem österreichischen Kanzler begleichen? 

Fir et op de Punkt ze bréngen: et ass gutt a richteg, un d’Responsabilitéit vun den eenzelen Memberstaaten ze appelléieren, ma et ass kontraproduktiv, dobäi wëll ëm sech ze schloen. Schliisslech ass eise Jang zanter 16 Joer Ausseminister an ass de facto mat responsabel fir esou munneche Schlamassel an der EU-Politik.

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *