Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Gesellschaft

Situatioun bei der Police: den SNPGL stellt kloer 

Situatioun bei der Police: den SNPGL stellt kloer

Den Artikel déi lescht Woch iwwer d’Atmosphär bei der Police http://bit.ly/4003Lsbgouf gutt gelies an ech krut och déi eng oder aner Reaktioun. Der nationaler Policegewerkschaft SNPGL huet déi Publikatioun manner gutt gefall a si stéisst sech absënns un dësem Passage am Artikel: « … Dat gefält der SNPGL awer och guer net a léisst an enger Mail un de Minister Tënt sprëtzen: Mis à part un accusé de réception, vous n’avez pas jugé utile de faire suite à notre lettre citée en entrée, ce qui est fort déplorable. Il revient aussi au SNPGL que vous auriez envoyé un courrier au Directeur général au sujet de vos décisions et il semblerait qu’une réponse vous aurait été retournée. Tous ces courriers concernent des membres du personnel que nous représentons, mais, malheureusement ni vous, ni les responsables de notre administration n’éprouvent le besoin d’informer la représentation du personnel en toute transparence et, pire encore, les concernés… »

De Marco Richard, 1. Vizepresident schreift mir, datt dee Mail-Austosch tëscht dem Minister Kox an engem Personalvertrieder aus dem Kontext gerappt gi wier:

Deen Dossier, an dem sengem Zesummenhang dee vun Iech zitéierte Mail geschéckt gouf, ass vum Här Minister KOX traitéiert, an schon am Intérêt vun de betraffene Memberen vum SNPGL geléist ginn. Och wann domat de Problem vum Reclassement vun de Polizisten mat engem Diplôme de fin d’études secondaires net geléist ass, deen an dem Dossier souwisou net direkt zur Débatt stoung, ass den SNPGL mat der vum Här Minister KOX zerëckbehalener Léisung zefridden. Den SNPGL ass och zouversichtlech, dass de virdrunn zitéierte Problem vum Reclassement zäitnoh ugepackt a geléist gëtt, dëst a Concertatioun mat der Personalvertriedung.

Ech géif Iech bieden, dat op Ärem Site ze corrigéieren

Sollt dee Mailaustosch tatsächlech zäitlech aus dem Kontext gerappt gi sinn, ass dat bedauerlech. Mir fält op: d’Gewerkschaft confirméiert, datt de Problem vum Reclassement nach net geléist ass, mä schléit dobäi e rouegen Toun un a seet sech optimistesch. Als Personalvertriedung ass si am Sënn vum Gesetz iwwer d’Co-Gestioun an de Betriber an der Obligatioun, net zousätzlech Ueleg op d’Feier ze schëdden! Ech héieren zwar aner Echoen, ma wënschen eng glécklech Hand.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *