Recent Posts

Post Categories

FRANK BERTEMES: Des Friedens Kern 
Am 28. Juni strömten sie – ob vierzehn- oder fünfundzwanzigtausend, wer zählt das schon bei Volksbewegungen? – Richtung Knuedler. Und...
Von Cannes bis zum Gerichtssaal: die Wahrheit hinter Luxemburgs Filmglamour  
Während Millionen Steuergelder via Filmfund in die Taschen einer kleinen Zahl von sogenannten Filmproduzenten fließen und das Parlament jetzt  vor...
Frank Bertemes: Unterwerfung? 
Trumps Wille geschehe    – das beim NATO-Gipfel. Man kommt allerdings nicht umhin, sich ob der klaren Vorgaben dieses Machtmenschen,...
Manif um Knuedler: Fencheltéi a Spackelter 
Et huet sech erëmgeschwat: de Lëtzebuerger geet net gären op d’Strooss fir ze demonstréieren. Hie weess: wann a sengem Land...

Blog Post

Innepolitik

Cacophonie bei de Gréngen an Eegeluef bei dene Bloen! 

Cacophonie bei de Gréngen an Eegeluef bei dene Bloen!
Image par Andrew Martin de Pixabay

Schluss mut Lustig ass de Commentaire vum Dani Schumacher am Lëtzebuerger Wort vu gëschter iwwerschriwwen. Doranner gëtt d’Problematik vun der Regierung gutt beschriwwen: d’Ekipp ronderëm de Xavier Bettel war bis dato verwinnt, konnt Politik mat der Géisskan maachen, muss elo allerdéngs nom Covid-19 bedeitend méi kleng Bréidercher baken. Elo soll richteg Politik gemaach ginn! Kann si dat? Widderspréchlech Aussoen aus den eegene Reien ginn et genuch.

Do ass zum Beispill eng Madamm Dieschbourg, hires Zeechen Ëmweltministesch. An der Froestonn am Chamberplenum huet si dem Gast Gibéryen geäntwert, datt eng Co2-Steier wéi geplangt wäert kommen, trotz der Wirtschaftskris. Mat allerdéngs der Präzisioun, datt déi Co2-Steier réischt zesummen mat der geplangter Steierreform kënnt. Do huet d’Madamm sech also eng Dir opgehalen, well kee weess, wéini déi Steierreform soll a Kraaft trieden!

Déi nämmlecht Madamm sot e puer Deeg drop um soziokulturelle Radio ” Wéinst der Corona-Kris wäert Lëtzebuerg seng Klimaziler fir 2020 wuel awer erreechen”. Dowéinst wär eng Hausse vun den Accisen um Sprit elo net néideg! Komplett widderspréchlech ass et net, e klore Message no baussen allerdéngs och net.

Do ass dat anert Beispill vum Här Turmes, dee groussspuereg ukënnegt, datt an Zukunft d’Betribsauto nach just sollten elektresch ënnerwee sinn; de Leasing kéint nëmmen am Fall vun engem Elektro-Auto vu steierleche Virdeeler profitéieren. De Protest vun der Autobranche huet net lang op sech waarde gelooss an esou goung de leader maximo vun deene Gréngen, de François Bausch virun den RTL-Mikro fir zeréck ze rudderen. Den Energieminister wär falsch verstane ginn. Och hien wier sech bewosst, datt den Elektro-Secteur dat nach net géing hierginn! 

https://www.rtl.lu/tele/de-journal-vun-der-tele/v/3209277.html

De Mobilitéitsminister ass also sengem Regierungs- a Parteikolleeg an de Réck gefall. Kloer Kommunikatioun gesäit aneschters aus! Et goung allerdéngs duer, fir e ganze Secteur ze veronsécheren. Ma bis op Weideres ännert sech näischt am Leasing-Secteur!

“…elo déi Blo…!”

D’DP hat Kongress. Den eenzegen event dobäi war, datt et sech ëm en digitale Kongress gehandelt huet, e puer Regierungsmember am Sall, e puer honnert Parteimember doheem viru PC a Laptop. D’Presidentin Corinne Cahen huet d’Aarbecht vun hirer Partei a besonnesch vum Kapitän Xavier Bettel während der Corona-Kris ervirgehuewen. Normal fir e Kongress an an dësem Fall och tatsächlech ubruecht. Allerdéngs hu mir dach kloer Message gefeelt wat déi nächst Kris ugeet: allgemeng Aussoen ewéi: mir mussen d’Investitiounen héich halen oder mir mussen de Leit Vertraue ginn eegenen sech net als politesche “Kommando”. Do muss schonn eppes méi kommen.

Wat par contre gekläert ass: et kënnt net zu enger Hausse vun der Steier, op d’mannst net direkt, fir déi Suen déi dem Staat feelen, nees anzedreiwen. Dat wär zu dësem Ablack wierklech dat falscht Signal. Ma aufgeschoben ass net aufgehoben. Iergendwann mussen d’Suen jo iergendwéi erakommen, et sief, de Staat wéilt sech fir Joerzéngten verschëlt halen. D’Regierung muss léieren, virsiichteg mat de Suen ëmzegoen, d’Strenz muss si déi nächst Joer am Gaardenhaischen stoe loossen. Elo kënnt d’Zäit, net méi jiddereen ze beglécken, ma fir richteg Politik ze maachen.

Fir d’Jongdemokraten war den Télé-Travail e wichtege Sujet. Dozou just déi heiten Bemierkung: Den DP-Kongress war digital, also en Télé-Kongress. D’Parteispëtzt huet agesinn, datt déi néideg Ambiance gefeelt huet. Also gëtt e richtege Kongress asap nogeholl, ee mat physescher Presenz. Na also!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *