Recent Posts

Post Categories

Affaire Rodrigues: rout Kaart fir d’Politik! 
D’Justiz huet geschwat: de Foussballer Gerson Rodrigues huet eng Fra geschloen. Eppes wat een absolutt net däerf. Feeler Nummer 1....
Rentereform: läit en Deel vun der Léisung an der TVA? 
Eigentlech ass de franséische Staat am Eemer? Eng ëffentlech Schold vun iwwer 3000 Milliarden Euro an d’Pensiounsdëppe gëtt vum generéise...
De Staatsrot muss besser op sech selwer oppassen 
Ënner anerem den Avis vum Statsrot iwwer de Gesetzprojet vun der Erweiderung vun der Sonndesaarbecht ass eng Frechheet Esou heescht...
C’est non! 
An dësen Zäiten ass de Militärjargon acceptéiert: d’Regierung lancéiert eng Groussoffensiv an der Rentereform, an d’Gewerkschaften schéissen zeréck. De Statsminister...

Blog Post

Divers

Fichier aktivéiert fir Nationalfeierdag an dem Me Vogel seng Aentwert op Braz 

Fichier aktivéiert fir Nationalfeierdag an dem Me Vogel seng Aentwert op  Braz
Image parAg Ku de Pixabay

d o haten e Freideg an e Samschdeg de Parquet an de Justizminister probéiert, d’Land bei extreem waarmen Temperaturen anzeschléiferen. De Parquet e Freideg mat enger Pressekonferenz, de Minister e Samschdeg an der RTL-Emissioun Background. Wann een déi vill Commentairen nom Optrëtt vum Felix Braz op rtl.lu esou duerchliest, kënnt een zur Konklusioun: dat alles huet d’Leit net enorm berouecht a mat der Rou ass et wuel definitiv eriwwer, mat där läschter parlamentarescher Fro vum Tandem Gilles Roth a Laurent Mosar: dee Fichier, deen een net méi soll geheim nennen, -ee bei der Police an een bei der Justiz- koum och an den Asaaz fir den Nationalfeierdag. D’Leit kënnen sech jo fir déi offiziell Zeremonie umellen, eng nach net al Traditioun, déi gutt bei de Leit ukënnt a wou d’Plazen bannent Minutten vergi sinn. Wéinstens provisoresch! Well jidfer Persoun, déi sech eng Plaz reservéiert huet, gëtt op Häerz an Nieren ofgeklappt. Wat jo och iergendwéi normal ass; am Sall sëtzt de groussherzoglechen Haff, déi hallef Regierung, d’forces vives vun der Natioun, do ass et schonn richteg, datt een seng Precautiounen hëllt.

Et héiert een awer, datt e puer Persounen (CSV schwätzt vun enger)hir bestallte Plaaz refuséiert kruuten an dat wërft Froen op: handelt et sech do ëm eng Persoun, déi virbestrooft ass? Déi eng penal Affaire hannert sech huet? Oder handelt et sech ëm eng Persounen, mat éischter enger banaler Konfrontatioun mam Gesetz?  No wat fir Critèren also ginn déi Plaazen verginn? Ween hëllt iwwerhaapt déi Decisioun? Gëtt d’Recherche am Fichier vun der Police dem Numm no vun där Persoun gemaach?

En attendant d’Aentwert op dës QP, hei emol déi méi wéi kuerz Reaktioun vum Maître Gaston Vogel op d’Aussoen e Samschdeg vum Justizminister Felix Bràz:

INTERVIEW À RTL DE SON EXCELLENCE BRAZ

 

Ouï le Ministre de la Justice.

 

On comprend, en l’écoutant, qu’il est devenu l’enfant chéri du Palais.

On y reviendra un de ces jours.

Son discours était si creux, qu’il ne nécessite aucun commentaire, si ce n’est cette saine réflexion de Tristan Bernard :

«  Il suffit d’avoir la vue un peu courte pour émettre des critiques péremptoires, pour cette raison, que l’on est plus certain de ce qu’on voit, lorsqu’on ne perçoit à la fois que fort peu de choses. »

 

 

 

Le 01 juillet 2019.

Gaston VOGEL

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *