Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Mat Corinne Cahen a François Benoy Panik op der Titanic 

Mat Corinne Cahen a François Benoy Panik op der Titanic
Photo de Anna Tarazevich: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/fond-rouge-avec-numero-8-6136091/

D’Corinne Cahen wëll bekanntlech ganz grouss eraus. Si hätt gären de Buergermeeschterzepter an der Haaptstad. Woumadder si net gerechent hat: d’Oppositioun géint hier Kandidatur an de Gemengewahlen ass méi grouss wéi erwaart, besonnesch an den eegene Reien. Dat féiert zu Panikattacken!

D’Madamm Cahen goung virun Deeg Owes op eng Versammlung vun Eis Stad. Dat ass eng Associatioun déi sech viru bal 3 Joer gegrënnt huet, mam Objektiv, sech fir eng méi mënschlech Stad anzesetzen an och fir méi Biergerparticipatioun. D’Corinne Cahen goung wéi gesot dohinner, ma net just fir een acte de présence, si huet och déck matgemëscht an den Diskussiounen. Si soll esou guer quasi d’lescht Wuert gefouert hunn.

dp.lu

Den Hoken bei der Saach: si war net vun der DP mandatéiert. An d’Associatioun ass net grad dem blo-schwaarze Schefferot gutt gesënnt, an anere Wieder, d’Möchtegern-Buergermeeschtesch war a kriteschen Diskussiounen involvéiert, an hir Presenz gëtt elo a politesche Kreesser esou interpretéiert, wéi wann si der aktueller Cheffin an den Zwee Léiwen an de Réck gefall wier.

D’Lydie Polfer ass net grad begeeschtert, déi bilateral Relatiounen si bei -273,15 Grad ukomm!

och de François Benoy wëll Buergermeeschter ginn. Hien ass gréng an esou knäipt hien de Wahlstyle vun der Baerbock an Däitschland déi sech gläich als Kanzlerkandidatin an d’Course geschéckt hat. U sech ass näischt dogéint ze soen, ausser datt et schonn e bësselchen vermessen ass, souzesoen als onbeschriwwent Blat nom Troun um Knuedler ze glannen. Vill huet een bis ewell net vun him an der Gemengepolitik héieren.

Ma de jonke Mann ass äerdeg. Vill aktiv op de soziale Medien: hien huet säin eegene Blog, schreift op Twitter an op Facebook. An do huet de Borscht eng gestiicht woufir hien an Däitschland sech direkt misst justifiéieren. Kuckt Iech dat heite mol gutt unn!

gkonline

 

Boff! E schläimegen Publicitéitstext där mir an den nächste Méint eng Wäschmaandel voll wäerten virun d’Hausdier ofgetippt kréien an déi – dacks ongelies- am Recycel Zenter landen. Net grad! Ganz uewen vun der Publikatioun steet: financé par le groupe parlementaire déi Gréng, also vun der Fraktioun. An dat ass en absolutten no-go!

Déi Gréng déi bekanntlech ëmmer alles besser wëssen, kennen d’Texter net, déi si matgedroen hunn. Am Reglement vun der Chamber datéiert op de 16. Dezember 21 heescht et kloer an däitlech: Les aides financières accordées aux groupes politiques sont destinées exclusivement à couvrir les dépenses ayant trait aux activités parlementaires et ne peuvent être utilisées pour couvrir les dépenses produites par les partis politiques. Dat heescht näischt aneschters ewéi: d’Suen vun der Partei bleiwen an der Partei, déi vun der Fraktioun an der Fraktioun.

Hei awer mécht den Här Benoy – wuel Deputéierten- Reklamm fir sech als Buergermeeschterkandidat an hie léisst sech dat vun der Fraktioun bezuelen.Also säi Wahlkamf an der Gemeng Lëtzebuerg. Dat ass e faux-pas!

Volleksvertrieder, jo och Buergermeeschterkandidaten, wëlle bekanntlech mam gudde Beispill virgoen. Majo dann! Virun e puer Deeg hunn ech hei den Avis vun der Cour des comptes iwwer de Filmfong duerchgeholl; säin Direkter huet zanterhier net méi esou vill ze laachen. Wéi wär et, wann de Rechnungshaff och eng Kéier géing bei déi Gréng schelle goen?! Oder huet sos een eng Iddi? Den Här Benoy mécht schliisslech dozou en Appell…

 

90 Minuten no dëser Publikatioun huet de François Benoy sech explizéiert an entschëllegt. Dat éiert hien. Et wier souzesoen op dee falsche Knäppchen gedréckt ginn, ma elo hätt alles nees seng Richtegkeet.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *