Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

Vive déi Blo! Gréng a Rout sinn net méi do! 

Vive déi Blo! Gréng a Rout sinn net méi do!
Photo de Pixabay: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/ordinateur-portable-gris-et-noir-265087/

An der Google-Welt sinn ech op eng net oninteressant Säit gestouss, déi sech PolitPro nennt. Wien alles derhannert stécht konnt ech net erausfannen. Op alle Fall ginn op där Säit eng Abberzuel Ëmfroe gemaach, dacks politescher Natur. Si mécht esou Sondagen an allen Härelänner a rezent och iwwer d’Politik zu Lëtzebuerg. Endlech e bësselche Konkurrenz fir de Schlofveräin TNS-ILRES.

D’Resultat vun där Ëmfro entsprécht op ville Punkten menger eegener Aschätzung. Op villen, awer net op allen. Gréisste Verléierer ënner de Regierungsparteien wären déi Gréng, mat engem Minus vun 1,8 Prozent. Dat mécht Sënn. Dës Partei war an de leschte Joer vun enger Partie Skandälecher gerëselt ginn, donieft den Doud vum Camille Gira, den Häerzinfarkt vum Felix Braz, d’Demissioun vun der Carole Dieschbourg. Éischter schwaach ze bewäerten sinn bis ewell d’Prestatiounen vun de Ministeren Henri Kox a Claude Turmes.

Et kéint een d’Verloschter vun der grénger Partei och duerchaus méi grouss aschätzen, ma déi Gréng hunn et fäerdeg bruecht, eng Stammwielerschaft erunzezillen déi hinnen dach zimmlech trei bleift. Nächste Verléierer laut dëser PolitPro-Ëmfro: d’Sozialisten mat engem Verloscht vun 1,2 Prozent. De Rutsch vun de Genossen géing also weidergoen an dat gesinn ech och esou. Den Etienne Schneider ass net méi dobäi, den Dan Kersch huet demissionéiert a spillt eng zum Deel onduerchsiichteg Roll als Deputéierten.

Photo de Lukas: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/illustration-de-graphique-a-secteurs-669621/

D’Sozialisten wëllen de Retter in der Not spillen, ma kréien dee Message net richteg beim Vollek eriwwer. Mat enger Steierreform wëllt een sech profiléieren, besonnesch géintiwwer dem Staatsminister, dee seet, fir esou eng Reform wieren den Ablack keng Suen do. An et sinn laut dëser Ëmfro tatsächlech déi Liberal, déi de grousse Gewënner an den nächste Wahlen wieren: si kéimen op 20,6 Prozent vun de Stëmmen, wat e Gewënn wier vun 3,7 Prozentpunkten. Do reift een sech fir d’éischt emol d’An.

Wann ech eleng deene Kreesser nolauschteren mat deenen ech a reegelméissegem Kontakt stinn -Politiker, Patron, Banker-, da géing d’DP grad esou zu de Verléierer gehéieren ewéi déi zwee aner Koalitiounspartner. Et däerf een allerdéngs net ënnerschätzen, datt déi Liberal d’Partei vum Staatsminister sinn! Zur Erënnerung: wéi vill Leit hunn virun 20 Joer d’CSV gewielt, net wéinst hirem Programm, ma wéinst de JCJ?! Et hat eng reegelrecht Junckermania ginn. Nach haut schwätzen der vill vun eisem Jean-Claude.

De JCJ hat et fäerdeg bruecht, sech als Vertrieder vum ganze Vollek ze presentéieren, vum Patron esou gutt ewéi vum Aarbechter. Dat bréngt de Xavier Bettel zwar null zustanen, ma hien huet dach mat senger Politik vum et kascht, wat et kascht enorm Quantitéiten Suen ënner d’Vollek geschäffelt, och elo nees an der Energiekris. An déi kommen zu engem gudden Deel deene méi Schwaachen zegutt. An net ze vergiessen, dem Xav – eise Xav?- seng absolutt Spontaneitéit: hie kann sech -wann et drop ukënnt- op eng iwwerzeegend Manéier ënner d’Vollek mëschen an am Sekonnentakt Selfie knipsen.

Laut dësem Sondage wieren also déi Liberal de Gewënner. Zu dësem Ablack gesinn ech dat och esou, allerdéngs bei wäitem net mat engem Plus vun 3,7 Prozent. Éischter bei der Halschecht. PolitPro mécht leider keng Ausrechnung fir d’Sëtzverdeelung, wat u sech dee schwieregsten Exercice ass, schonn nëmmen eleng wéinst de Reschtsëtzer. Politpro rechent just d’Prozenter zesummen a kënnt zur Konklusioun: Gambia kann an eng drëtt Ronn goen.

Wat Quatsch ass. De Spirit vu GambiaI goung länkst d’Päif aus! Éischtens ass d’Stëmmung ënner de Koalitionären zanter Méint ënnerierdesch, zweetens ass d’Stëmmung ënner dem Vollek och net esou begeeschtert vu GambiaII an drëttens wäerten d’LSAP an déi Gréng an den nächste Méint probéieren, sech ëmmer méi vun den Demokraten ze distanzéieren, souzesoen back to the roots. Déi verbal Ausernanersetzung tëscht dem Dan Kersch an dem Xavier Bettel weist jo, wou et higeet! Si goufen héich gekacht, am Laf vun dëser Woch op Äis geluecht a wäerten dat nächst Joer nees aus dem Frigo erausgeholl ginn.

Photo de Tima Miroshnichenko: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-personne-lunettes-de-soleil-porter-6609678/

Déi Konservativ géingen iwwregens laut dëser Ëmfro guer net schlecht ewech kommen. Mat 27,5 Prozent bléifen si bei wäitem stäerkste Kraaft a géingen nëmmen 0,8 Prozentpunkte verléieren. Si géifen domadder also fir eng net schlecht Oppositiounspolitik belount ginn. Eleng, et feelt hinnen un enger Galiounsfigur! Wäit a breet kee JCJ. De Claude Wiseler ass zwar ëmmer nach eng valeur sûre als Politiker, ma geet et duer als Erausfuerderer géint de Bettel? Besonnesch wou et schonn deen zweeten Ulaf wier! A wann net de Wiseler, wien dann?

De Serge Wilmes, éischte Schäffen an der Gemeng Lëtzebuerg mécht zwar e gudde Match, kënnt gutt un bei de stater Leit, ma ass den Ament net prett, géint de Premier unzetrieden. D’CSV wënscht sech dofir, datt GambiaII nach e ganzt Joer duerhält! Jenodeem wéi säi Score an der Haaptstad ausfält, kéint hien 6 Méint drop fir d’Nationalwahlen dach nach de Plang B sinn.

Bei de klenge Parteien trëppelt d’ADR op der Plaz, wat keng Iwwerraschung ass beim wéinegen Dynamismus an de leschten zwee Joer. Déi Lénk géingen ëm 1,8 Prozentpunkten eropgoen an de grousse Verléierer wären d’Piraten mat engem Minus vun 1,7. Dës Partei gëtt virun allem vun deene Jonken gewielt, hiere Rutsch kann ech mir schlecht erklären, ausser villäicht duerch de Krich an der Ukrain, dee méiglecherweis d’Enn vun der Parteienzersplitterung mat sech bruecht huet. A Krisenzäiten vertraut en villäicht awer dach éischter enger traditioneller Partei…

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *