Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Featured

Neurochirurgie: e weidert Beispill vu sozialisteschem Illusionismus 

Neurochirurgie: e weidert Beispill vu sozialisteschem Illusionismus
Photo de Tima Miroshnichenko: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-personne-debout-magie-6255280/

 

Zu den Doktere verbënnt eis eng Zort Haassléift! Engersäits sinn si et, déi eis an d’Gewësse rieden, déi eis eng schlecht Noriicht matdeelen, eis wéi doen, anerersäits si mir frou an erliichtert, wa mir vun hinnen eng Sprëtz an de Réck gemaach kréien- L4/L5- an een duerno eenegermoosse riicht kann heem goen. Dat grenzt dann un Zauberei. Dobäi soll Medezin keen Hokus Pokus sinn!

De Secteur soll no der Maximm gefouert ginn, datt de Patient am Mëttelpunkt steet, datt Investitiounen gemaach an Decisioune geholl ginn am Sënn vum Patient senger Gesondheet. Dobäi spillen d’Dokteren an d’Klinicken eng weesentlech Roll. Et ass um Ministère si adequat ze encadréieren, wuel mat feste Reegelen, ma net an een enke Corset quëtschen an hinnen duerchaus esou vill ewéi méiglech Berufsfräiheete loossen.

Pur Illusioun zu Lëtzebuerg! De Secteur ass esou zentralistesch gefouert, datt de Medezinner net méi vill Sputt fir ze ootme bleift. Et geet net drëm – wéi et kierzlech am Tageblatt geheescht huet- ob d’Land weiderhin wëll en ëffentlecht Gesondheetswiesen behalen oder ob et soll privatiséiert ginn, mam sous-entendu: am éischten si mir all gläich, am zweete glëtsche mir an d’Zwee-Klasse-Gesellschaft.

Et geet ganz einfach drëm, der Realitéit an d’Gesiicht ze kucken an déi besteet doranner, datt de 700.000-Awunnerstaat quasi erreecht ass an datt 230.000 Frontallier grad esou vum System wëlle verfleegt ginn. Déi Realitéit huet d’LSAP déi lescht 40 Joer net gesi kommen. Elo ass d’Situatioun um Brennen an amplaz ze läschen gëtt munchmol nach zousätzlech Ueleg an d’Flame geschott. Beispill haut: d’Neurochirurgie!

Déi lescht 25 Joer goufen an där Spezialitéit d’Operatiounen an zwou Klinicke gemaach: am Centre hospitalier op der areler Strooss an an de Robert Schuman-Klinicken an der Stad. Den CHL hat vun Ufank un de service national de neurochirurgie ma konnt frou sinn, datt d’Konkurrenz um Kierchbierg an an der Zitha-Klinick dichteg matgehollef huet. Domadder ass elo Schluss! Verschidden neurochirurgesch Operatiounen däerfen nach just am Centre Hospitalier gemaach ginn.

Photo de Jonathan Borba: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/medecin-chirurgien-operation-chirurgie-13697933/

Den Detail erspuere mir eis: et dréit sech ëm eng speziell chirurgesch Technik fir de Patient um Schiedel ze operéieren an him en Tumeur erauszehuelen oder eng Bluddung ze fleegen. An den HRS haten an hunn se déi néideg Spezialisten, ma si goufen quasi iwwer Nuecht ausgebremst. An zwar ouni datt mat hinnen doriwwer geschwat gi wier. Den A an den O fir d’Dokteren a grad esou fir d’Patienten ass eng commission de nomenclature, also déi Kommissioun déi decidéiert ob eng medezinesch Prestatioun vun der CNS iwwerholl gëtt oder net.

An op deem Plang sinn se an den HRS-Spideeler rosen ewéi eng Spann: si wären iwwerhaapt net ëm hier Meenung gefrot ginn. Si hunn hirer Roserei Loft gemaach an engem Bréif un d’Ministesch Paulette Lenert: Lors de l’adoption en commission de nomenclature, le Directeur général du CHL, dans sa fonction de représentant de la FHL, en l’absence de tout représentant de la spécialité et sans concertation nationale en la matière, a soutenu l’attribution d’un monopole de certains actes jusqu’à présent pratiqués aux HRS, au bénéfice de l’hôpital qu’il dirige.

Et war deemno an där Kommissiounssëtzung keen eenzegen Neurochirurg present. Ob si net invitéiert gi waren, entzitt sech menger Kenntnis. Op alle Fall goufen si virun e Fait accompli gestallt. Déi aus den HRS goufen et bäileefeg gewuer wéi si bis gemierkt hunn, datt déi respektiv Coden aus der Nomenclature net méi vun der Krankekeess acceptéiert goufen. Staarkt Stéck! De Bréif un d’Ministesch ass datéiert op den 10. Mee, bal 5 Méint duerno ëmmer nach keng Äntwert. Gemauschels léisst ee rouen! Politik vum Feinsten.

All Argument ass gutt wann et zum Zil féiert. Zanter dem Spidolgesetz vun 2018 huet d’Neurochirurgie am Robert Schuman sech permanent weider entwéckelt an huet haut 5 Chirurgen. Déi eng Operatioun ëm déi et hei geet gouf op eemol verknëppt mat der Obligatioun vun engem techneschen Apparat: fir deen Agrëff kënnen ze maachen, muss d’Klinick ee sougenannte système de neuronavigation intracrânienne hunn!

Op déi Manéier léisst sech méi präzis schaffen. An den HRS sinn si net géint de Fortschrëtt an hu sech esou een Apparat -trotz gewësse Schwieregkeeten- am September zejoert kaf. All d’Konditiounen sinn also erfëllt an nawell ginn d’HRS eidel aus. Ass dat am Sënn vum Patient?

Dat neit Spidolgesetz kennt tatsächlech just een eenzegen (nationalen) Departement un fir d’Neurochirurgie, ma zanter méi ewéi 25 Joer ginn zerebral Metastasen, Meningiomen, Hydrozephalien, zerebral Biopsien, Schiedel-Gehier-Traumaen, zerebral Bluddungen an och spinal Agrëffer an der Zitha respektiv um Kierchbierg behandelt. Esou gesinn ass d’Decisioun vun der commission de nomenclature reng politesch. Si entsprécht op kee Fall enger medezinescher Logik.

Le Quotidien

D’Doktere sinn net onbedéngt déi lescht Humpejangen an esou hunn d’HRS d’Gespréich gesicht mam Haaptresponsabele vun der Neurochirurgie aus dem CHL. Laang Zäit Funkstille! An der Tëschenzäit koum et zwar zu vereenzelte Kontakter, mä nach net zu enger Eenegung. Dobäi ass d’Situatioun urgentissime! Zanter iwwer engem Joer ginn et ëmmer méi Schwieregkeeten beim Accès zur interzerebraler Chirurgie, well – kréien ech gesot- den CHL déi zousätzlech Aarbecht déi ufält, net méi Meeschter gëtt. Dorënner géing dann d’Patienteversuergung leiden.

Verschidden dréngend Operatioune géifen mat inakzeptabelen Delaien ausgefouert ginn. Spill mam Feier? Wat soll dat Jongléiers an der Gesondheetspolitik, dat dem Patient nëmmen Nodeeler bréngt? Déi intrazerebral Neurochirurgie gëtt an der Zitha zanter bäino 30 Joer gemaach, an elo? Sinn esou Decisiounen net éischter kontraproduktiv? Si schueden dem Patient a si schueden dem Dokter!

De Patient hat bis elo d’Wiel, vu wéi engem Dokter a wéi enger Klinick behandelt ze ginn- an engem Spidol mat der néideger Expertise, versteet sech. Fir e gudde Service um Patient 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7 ze garantéiere sinn 3 Klinicken wuel besser ewéi just eng eenzeg, oder? Den Neurochirurg hat bis dohin d’Méiglechkeet, säi Beruff voll duerchzezéien. An elo? Frustratiounsstau! An da wonnert een sech, wa jonk lëtzebuerger Dokter léiwer am Ausland bleiwen.

wikipedia

De Patient huet also säi libre choix verluer an den Dokter seng Behandlungsfräiheet. Eng loose/loose-Situatioun. Datt eise Gesondheetssystem esou performant wär, ass Illusionismus. No 35 Joer mëssgléckter Planwirtschaft ass de sozialisteschen Zauber duerchkuckt!

 

 

 

 

 

Related posts

2 Comments

  1. Frank Bertemes

    …an hoffentlech geschwënn eriwwer! ‘t géif jiddefalls déck Zäit! Datt hei de Wuerm dran ass huet wuel deen Naivsten längstens festgestallt. Mat där “Pandemie” konnt ee sech nach (vermeintlech) “positiv” opspillen a seng total Ontätegkeet generell nach gutt verstoppen – ouni elo awer hei an de Fong ze goen. Duerno sinn dunn awer emmer méi Schwächen erauskomm an d’LSAP-Inkompetenz dierft wuel evident sinn – deemno ass ee Sonndeg jo dann “Zahltag” -souwäit d’Walvollek dat dann a senger Majoritéit och esou erkannt huet, versteet sech! A suivre deemno!

  2. Jeannot Hansen

    A wann een dann en Donneschdech den28 September am Letzebuerger Wort der Mme Welsch hieren Artikel op der Seit 6 “Kontrollärzte mehr unter Kontrolle stellen”geliess huet ,schokei’ert Guckelcher geriwwen huet waat an eisem Land meiglech ass ouni dass driwer geschwat get dee wees waat en e Sonndech mecht…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *