Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Politik

A Propos Ëmfroen! Ëmmer méi manipulativ? 

A Propos Ëmfroen! Ëmmer méi manipulativ?
Photo de Lukas: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/graphiques-sur-table-en-bois-noir-669622/

Virun e puer Deeg hat ech vun enger Internetsäit geschriwwen, wou Sondagen gemaach ginn iwwer allméiglech Themen, och iwwer Wahltrends. https://bit.ly/3yL5F4d  Ech hu mussen zouginn, näischt erausfonnt ze hunn iwwer d’Leit, déi hannert där Internetsäit stinn- ausser engem Manuel Gutsche-, ma well et e Sondage och iwwer Wahlen zu Lëtzebuerg gouf, wollt ech et der lëtzebuerger Ëffentlechkeet net virenthalen. Net schlecht gestaunt hunn ech e leschte Samschdeg: de Sondage war fort. Respektiv, et war e fuschneien drop. An do huet jo net bal alles radikal geännert. De Verdacht läit no, dat Ganzt ass net seriö, de Sondage gouf friséiert.

Am éischte Sondage waren déi Liberal den Top-Gewënner: plus 3,7 Prozentpunkten op 20,6. D’Genossen goungen ëm 1,2 erof, déi Gréng ëm 1,8. Erstaunlech haten déi Konservativ just e Verloscht vun 0,8 Prozentpunkten a waren bei 27,5 gelant. Grad esou erstaunlech waren d’Piraten ëm 1,7 Prozentpunkten an de Keller gaangen. An elo?

An der zweeter Versioun ass d’Welt nees an Uerdnung! D’CSV fält ëm 5,3 Prozentpunkten an d’Pirate klammen ëm 3,2! Fir d’CSV-Resultat en Ënnerscheed bannent Stonnen vu 4,5 Prozentpunkten, fir d’Piraten vu ronn 5. Aha! Fir eis net falsch ze verstoen, ech gesinn och d’CSV éischter bei 23 Prozent ewéi bei 27,5. Ech konnt mir och de Verloscht bei de Piraten net erklären, grad esou wéineg ewéi elo de krasse Gewënn!

Gären hätt ech hei d’Grafik vun e leschte Kéier gewisen als Verglach mat där neier Versioun, ma dee Link gëtt et net méi. Verschwundibus! Wann Dir op de link klickt aus mengem éischten Artikel, da lant Dir beim neie Sondage. Dat richt no faulen Eeër! Hei ënnendrënner déi nei Versioun:

gkonline

Echt ass och, datt d’Internetsäit zur Konklusioun kënnt, datt de Xavier Bettel mat Gambia ka weiderfueren woubäi hir Zuelen just de Contraire erginn. DP mat 18,1 Prozent, d’LSAP mat 18, déi Gréng mat 13,7, dat ergëtt 49,8  Prozent vun de Stëmmen. Am Text heescht et awer: mit 50,6 Prozent der Sitze könnte die Regierung von Xavier Bettel weiter regieren. Do kann ee banal feststellen, déi Säit ass net eescht ze huelen, ma dat geet menger Menung no net duer. Do spiert een eng Intentioun eraus.

Et wëll een der Dräierkoalitioun net schueden, dofir léisst een si um Rudder. Virun allem awer wëll een de faux-pas vun e leschte Kéier revidéieren, nämlech d’Piraten aus dem Waasser zéien. E Minus vun 1,7 Prozent war fir esou eng kleng Partei einfach ze hefteg, ma elo steet si do als den absolutte Gewënner mat 9,7 Prozent iwwer Waasser, e Plus vun 3,2. Ier de Link nees verschwënnt, huerteg nach e Screenshot.

gkonline

Et géing also esou just net duergoen fir Gambia III. Mol ofwaarden, ob eng nach méi-besser-gutt-Versioun nogeliwwert gëtt. Déi Internetsäit weist eis allemol, wou et dat anert Joer higeet, nämlech an extreem Manipulatiounen an de soziale Medien!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *