Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Madamm Lenert, muss een dat nach eescht huelen? 

Madamm Lenert, muss een dat nach eescht huelen?
Photo de ZUMRAD NORMATOVA provenant de Pexels

vun Ufank un hat ech kloer gemaach, datt ech op der Säit sinn vun deene Leit, déi sech impfe loossen. Fir mech selwer ze schützen a fir zu där berüchtechter Herdenimmunitéit bäizedroen. Dat hunn ech och duerchgezunn, ma fänken elo dach un, rabbelkäppeg ze ginn, well d’Gefill a mir gäert, datt d’Gesondheetsministesch an hir Verwaltung am gaange sinn, d’Kopplabunz ze schloen.

Muer um Freideg gëtt iwwer dat neit Covid-Gesetz ofgestëmmt, mam Resultat: wat gëschter wouer war, ass haut falsch. Ech zitéieren d’Danielle Schumacher aus dem Lëtzebuerger Wort: Gleich eingangs weist er ( Staatsrat) darauf hin, dass die geltenden Covid-Bestimmungen nach einem knappen Monat schon wieder angepasst werden. Zudem habe die Regierung um eine zügige Begutachtung des neuen Covid-Gesetzes gebeten, obwohl das alte Gesetz erst am 28. Februar ausläuft!

D’Deputéierten wëllen eben och an d’Wantervakanz jodele goen. An dat neit Gesetz ass nach net gestëmmt, kënnt schonn déi nächst Ukënnegung: eng Recommandatioun vum Ministère zesummen mam Conseil supérieur des maladies infectieuses: Persounen iwwer 65 Joer an och Mënschen mat bestëmmte Krankheeten sollen sech eng véiert Vaccinatioun maache loossen!  Nom Motto: et vergonnt een sech jo sos näischt.

Ech hunn 66 Joer a falen also do drënner. Éierlech gesot verstinn ech d’Welt net méi! Kuerz viru Kleeserchersdag gouf ech geboostert. 69 Deeg duerno kréien ech matgedeelt, datt et un der Zäit wier, sech nach emol picken ze loossen. Hallo?! Geet et mam Geescht? Ass de Vaccin tatsächlech esou schlecht, datt ee bannent 2 Méint net méi geschützt ass? Op wat fir enge wëssenschaftlechen Etüden baséiert déi dote Recommandatioun?

Fir mech kloer auszedrécken: ech hu bis haut alles matgemaach an zéien elo d’Handbrems. Ech loosse mech mat Sécherheet net nach emol picken, op d’mannst net elo! Ech war vun engem refrech ausgaangen um Enn vum Summer, fir souzesoen eng lescht Offensive géint de Virus am Hierscht ze lancéieren. Awer net schonn elo! Oder huet déi dote Recommandatioun eppes mat der Fuesent ze dinn? Da ruffen ech d’Ministesch an d’Bütt!

wann ech déi Propose nach iergendwéi kéint novollzéien! D’Situatioun an de Spideeler bleift iwwersiichtlech, d’Zuel vun den Hospitalisatiounen goung bannent enger Woch vun 63 op 73 an d’Lut. Also keng Panik. Den Alter vun deene Leit läit bei 51 Joer. Dat bedeit jo wuel, datt eng Partie Gaga wéi ech drënner falen, mä awer och eng Partie vill méi Jonker, sos kéim ee jo net op dës Moyenne. Den Alter vun den Infizéierten läit schliisslech am Schnëtt bei 29,6 Joer.

D’Kommunikatioun vun der Regierung ass grotesk. D’lescht Woch hunn de Staatsminister an d’Gesondheetsministesch dat neit Covid-Gesetz virgestallt, muer gëtt et gestëmmt an do dertëschent den Appell un déi Al an déi Bluttaarm, op en Neits bei den Dokter ze pilgeren. Ouni weider Explikatiounen!

Dat hannerléisst bei mir e mouerzege Geschmaach. Et schéngt wéi wann d’Madamm Lenert ze vill dem Däitschen Karli Lauterbach nogelauschtert hätt. Och deen ass mat enger desastréiser Kommunikatioun déi lescht Deeg un d’Schleidere geroden.

E Vaccin, deen no 70 Deeg näischt méi daacht, ass kee Vaccin! An iwwerhaapt: wou sinn déi wëssenschaftlech Etüden déi mir beleeën, datt et onbedenklech ass, sech bannent 12 Méint 4 mol sprëtzen ze loossen? An am Hierscht musse mir da wuel eng fënnefte Kéier stramm stoen.

Alles bonzënnen, bonzuewen! Gutt gemengt, schlecht eriwwerbruecht!

40 Minutten no der Publikatioun vun dësem Artikel huet d’Santé de Rückwäertsgang ageluegt: déi 4. Dosis wär just fir déi ganz vulnerabel Persounen. Domadder krut de Gaga Satisfaktioun an zugläich d’Confirmatioun, datt an der Santé déi lénks Hand net weess, wat déi Rieds esou alles mécht.

Related posts

9 Comments

  1. Michel Nilles

    Hues de emmer nach net verstaanen dass et mat deser Impfung keng Herdenimmunitéit kann ginn Guy. Mei wei sech Deelweis ze schuetzen ass net dran domat also waat soll daat?

    Dei dei sech mat enger Impfung wellen schuetzen sollen a kennen daat maachen an dei dei net wellen sollen daat och net maachen daerfen.

    Firwaat ass et net meiglech sech an desem Land frai entscheeden ze kennen? An waer et net deng Aufgab dech dofir anzesetzen?

  2. Libert I.

    Ganz genau esou as et ! Ee Lieserbréif deen ech geschriwwen hun genau an dem Sënn den 22/2 am Wort !
    Vill Leit sin esou mitt vun dem ganze Gedeesems a wëlle neischt mi héiren a gesin! Dovunner gëtt och momentan profitéiert!

  3. Jean Dellos

    Herr Kaiser,
    ech vermessen är Stëmm um Radio.
    Mee weisou ech hei schreiwen, as well et mir viirkomm as wei wann dir virun kuerzem sou zimlech all Impfverweigerer verdaiwelt hudd.
    Mee ech sinn frou dat och eng Persoun wei dir sou lues deen ganzen Theater an Fro stellt.
    Dat an der Regierung dei lenks Hand nett wees waat dei riets mecht, dat hunn dei souzesoen Schwurbler schon virun engem Joer gesoot, mee bon.

    Emmer mei Leit dei sech impfen geloos hunn bereien et an soen STOP zu weider Dosen.

    Lues an lues erwäschen der emmer mei, mieux vaut tard que jamais…..mais pas trop tard quand même.

    MbG

    1. Guy Kaiser

      Här Dellos, et ass eng gelunge Welt. D’Tageblatt huet mech an d’Reie gestallt vun de Schwurbler, aus der ganz einfacher Ursaach, well ech Impfgéigner d’Geleeënheet gouf, sech bei mir um Site auszedrécken. Mir geet et ëm d’Meenungsfräiheet….bis gewësse Limitten. Ech hu mech impfe gelooss, a stinn dozou….acceptéieren awer och d’Argumenter vun de Géigner,. Mat dësem Artikel wollt ech virun allem op de Wischi-Waschi vun der Regierung a vu verschiddenen sougenannten Experten hiweisen. Bescht Gréiss

  4. Yves Boden

    Guy, éierlech, dat do wosst ech vun Ufank un.
    Wann ech déemols gesot hun, “fänk net mat de Pik un, soss muss du de ganzen Abo huelen”, krut ech gesot “lies aner Saiten am Internet”.
    Wann ech des Leit haut begéinen, da wiesselen se d’Stroossesait 🤷‍♂️.

  5. Phil

    Mir ass et esou ähnlech gangen. Hun am Ufank vun där ganzer Pickerei mol geduecht… “gemach, gemach”.
    Dunn ass mir ugedroen un…. “soss bass du dach ganz normal!”. Sin spéider esouguer beschëllegt gin, dass esou Leit wéi ech Schold un deenen aneren hiren Restrictiounen an Schlamassel wär. Gin awer weider net méi op esou Diskussiounen an… entweder du hues den Abo oder du hues en net. Verschidden “Abonnenten” gin mir aus dem Wee… majo dann, so what!
    Gudde Kolleegen mécht et awer näischt aus wann sie mat engem Biocleanen un engem Dësch setzen.

  6. Yolande Moris

    Léiwen Här Kaiser,
    Ech si frou, da Dir lues a lues awer op den Triichter kommt a vläicht och eng Kéier mierkt, datt et do hannendrun eng Verkuebel-Taktik gëtt, déi eis Politikermarionetten esou onglaubwürdeg a lächerlech duerstellt, bis den Här Schwab, wéi en elo am Handelsblatt (wochenblick.at an handelsblatt.com) präis ginn huet, seng ‘Governance 4.0’ ( kléngt méi elegant wéi ‘Weltdiktatur’, ech ginn et zou…) kann installéieren, well jo lo, grâce à ses propres pions (Witzfiguren wéi Baerbock a Lauterbach), bewisen ass, datt SI fir eis no all deem Chaos, deen SI extra fir eis veranstalt hunn, eng grouss Opraumaktioun op Weltniveau brauchen, déi natirlech ënnert der Guidance vum WEF installéiert gëtt. An och d’WHO, eng Privatgesellschaft an der Hand vun engem, deen öffentlech déclaréiert, duerch Impfen d’Weltbevölkerung ze reduzéieren, steet also dann iwwer den nationale Gesetzer. Fir d’éischt bréngt ee (zB de Monsieur Schwab) Vollidioten, instruéiert matt permanent widersprëchlechen an onwëssenschaftleche Messagen op déi wichtegst politesch Plaazen, fir dann ze soen, dat kritt een net ESOU géréiert a MIR brauchen e RESET!! Alles kloer?? Alles nach ëmmer Geschwurbels?? Och Dir, Här Kaiser, misst dach gemierkt hunn, datt de Covid just en Ablenkungsmanöver ass, an aner Absichten (zB d’Mënschheet mierf, krank a kontrolléierbar ze maachen?) hannendrun stinn, wéi Är perséinlech, an eiser aller Gagaën, hir Gesondheet ze schützen… War dat (de Schutz vun den Alen!) net ëleng verdächteg vun Ufank un? Guttgleeweg sinn an eis Regierungen ass léif gemengt, e fromme Wonsch, mee naïv däerf een haut awer net méi vis-à-vis vun den ‘Autoritéite’ sinn, soss reskéiert een, säi Liewen a seng Gesondheet ze opferen, an nach schlëmmer: seng Séil ze verkafen als patentéierten OGM un säi Besëtzer. Fir wat a fir ween dat Opfer?? Dës Sprëtz ass jo keng Impfung, mee e Beweis (wéi déi schiedlech Masken an déi onnëtz a schiedlech Tester) vun Ärer Gehorsamkeet, a notzt just der Pharmaindustrie. Et huet näischt matt Gesondheet ze dinn! Zevill Leit a Kanner, déi iwwerhapt näischt matt Covid ze fäerten hunn,(wéi mir, déi ‘Normal a Gesond’ iwwregens och net), si schon duerch déi Sprëtz gestuerwen. Hu Dir Iech déi Zuelen op Vaers, EMA, euromomo net ugekuckt? An dat Opfer wéinst enger, haut als Gripp classéierter Krankheet? Ni huet eng Impfung esou vill Doudeger an Handicapéierter gefuerdert. Ni huet een dat normal fond, datt méi Kanner un enger Impfung stierwen, wéi un der Krankheet! Haut JO???
    Internet an Telegram könne jo awer hëllefen, virun ze kommen a besser, a méi séier ze verstoen…(wann een da prett dofir ass…?)
    Soulaang mir net all zesummen opstinn an: NEEN! soen…geet de Cauchemar virun!
    Ech wënschen Iech e séiert a gutt Erwächen! Et gëtt Zäit! Dir hutt en Instrument an der Hand, wat kann dem Erwächen vun Dausenden déngen an den Ëmschwong bréngen! Bedenkt Är Responsabilitéit an Är Muecht fir d’Mënsch/heet/lechkeet! Et sinn déi ‘richteg’ Gedanken, déi ALLES méiglech maachen. Merci!

    1. Guy Kaiser

      Léif Madamm Moris, ech sinn natierlech net ganz mat Iech averstanen, ma et geet jo net drëm, fir onbedéngt Recht ze behalen. Wou kommt Dir op d’Konklusioun, datt méi Kanner un der Impfung stierwen ewéi un der Krankheet selwer?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *