Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

De Frank Schneider ass persona non grata zu Lëtzebuerg! 

De Frank Schneider ass persona non grata zu Lëtzebuerg!
wort.lu

De Frank Schneider ass bei eis onerwënscht! Dovunner goung ech vun Ufank un vu senger Geschicht aus, hunn et elo allerdéngs schwaarz op wäiss! Null Bock bei der lëtzebuerger Justiz. Den Ex-Spioun gouf op Demande vun den USA heivir a Frankräich festgeholl. Hie soll un d’Amerikaner ausgeliwwert ginn, an d’Fransouse sollen dat maachen, wat si fir richteg fannen!

Déi Decisioun ass iwwregens Rucki-Zucki geholl ginn. De Mann gouf den 29. Abrëll zejoert vun de franséische Polizisten festgeholl. Dat war op engem Donneschdeg. Schonn den Dënschdeg drop, also de 4. Mee huet sech de Lëtzebuerger Tribunal d’arrondissement bei de franséischen Autoritéite gemellt.

De Substitut Patrick Konsbruck deet wëssen, que le Parquet de Luxembourg n’entend pas reprendre les poursuites menées contre Frank Schneider par les autorités américaines. Dat goung also richteg séier. Eng Motivatioun fir dës Entscheedung brauch hien net ze ginn, wat natierlech Sputt léisst fir Interpretatiounen, wéi zum Beispill: de Frank Schneider weess ze vill, datt hie méi wäit vun eis fort ass, datt et besser ass. Oder: dem Schneider seng Affär ass eng Laach, mir wëllen net an dee Bulli mat eragezu ginn!

“…Kee MAE vu Lëtzebuerg!…”

De Substitut Konsbruck präziséiert deen nämmlechten Dag, que le Luxembourg n’adressera pas de mandat d’arrêt européen à la France! Domadder ass wuel alles gesot! D’Amerikaner sichen no him, d’Amerikaner sollen hie kréien. Et wär deemno un de Fransousen, ze tranchéieren, ob oder ob net de Mann un déi amerikanesch Justiz ausgeliwwert gëtt. Déi Decisioun fält an den nächste Méint an der Cassatioun, mat am Hannergrond eng europäesch Jurisprudenz (Petrohhin) aus dem Joer 2016, déi seet: Dans l’hypothèse où un État membre est saisi d’une demande d’un État tiers visant à extrader un ressortissant d’un autre État membre, ce premier État membre doit vérifier que l’extradition ne portera pas atteinte aux droits visés à l’article 19 de la charte des droits fondamentaux de l’Union européenne.

Dem Frank Schneider seng lescht Hoffnung läit also net zu Lëtzebuerg, mä a Frankräich. De Mann wëll jo net laanscht e Prozess kommen, mä dann awer ënner korrekte Konditiounen! Säi Fiduz an déi amerikanesch Justiz tendéiert géint Null! D’USA sichen hien iwwregens zanter dem 24. September 2020 an d’Uklo ass hefteg:

…pour des faits commis entre 2014 et 2019, qualifiés de fraude électronique en blanchiment en lien avec la vente d’une crypto-monnaie, OneCoin. (…) d’avoir fourni des services d’espionnage industriel et de blanchiment d’argent; d’avoir fourni des informations de police confidentielles aux principaux accusés permettant à l’une des deux fondateurs de la société et du montage pyramidal/système de Ponzi d’échapper à une arrestation; d’avoir poursuivi les activité de OneCoin au moyen d’une société enregistrée à son nom aux Emirats Arabes Unis.

also alles aneschters ewéi klengen Dreck! De Frank Schneider awer hëlt et geloossen. D’Uklo géing op der Ausso vun enger eenzeger Zeien baséieren a stéing op wackelege Been. Hie wëll just fir de Prozess net an Amerika. Dee Mann deen Nei-York zu senger Liblingsstad deklaréiert, huet iwwerhaapt kee Vertrauen an d’Justiz dohannen.

De Grand-Duché ass zanter enger Schwangerschaftszäit daf op deem Ouer, këmmert sech also net ëm eng Persoun, déi Joer laang fir säi Geheimdéngscht geschafft huet (iwwregens duerno ë.a. och fir déi Europäesch Investitiounsbank), déi zwar hire Wunnsëtz a Frankräich huet, ma déi op Lëtzebuerg schaffe koum.

Et ass de Message un d’Natioun vum Camembert: démerdez-vous! Deen u sech extreem schwéierfällege Justizapparat huet an dësem Fall rapidissimo reagéiert an d’Politik deet sech schwéier, sech do anzemëschen, wëll sech net d’Patte verbrennen, mam Virworf d’Gewaltentrennung wollen ze ënnerhillejen….

Stonnen no der Publikatioun vun dësem Artikel koum déi heite parlamentaresch Fro vun der CSV:

Monsieur Fernand Etgen Président de la Chambre des Députés

Luxembourg, le 8 février 2022

Monsieur le Président,

Par la présente, nous avons l’honneur de vous informer que, conformément à l’article 80 du Règlement de la Chambre des Députés, nous souhaiterions poser une question parlementaire à Madame le Ministre de la Justice concernant la protection accordée aux ressortissants luxembourgeois dans le cadre de demandes d’extradition émanant de pays tiers.

Le cas de la demande d’extradition d’un ancien agent du Service de renseignement luxembourgeois vers les Etats-Unis a déferlé les chroniques ces derniers temps. Fait insolite dans cette affaire : d’après des informations récemment parues dans la presse écrite, il semblerait que la justice française a été rapprochée des autorités judiciaires françaises pour savoir si le Luxembourg entendait « s’approprier » le dossier. Il se trouve toutefois que les autorités judiciaires ont décliné.

C’est dans ce contexte que nous aimerions poser les questions suivantes à Madame le Ministre :

• Madame le Ministre peut-elle confirmer les informations relatées ci-dessus ?

• Quelles possibilités s’offrent aux autorités judiciaires pour s’approprier l’affaire d’un ressortissant entre les mains des autorités judiciaires d’un Etat membre de l’Union européenne et dont l’extradition est demandée par les autorités d’un pays tiers ?

• Suivant quels critères, les autorités judiciaires luxembourgeoises sont prêtes à s’occuper de ressortissants luxembourgeois détenus dans un Etat membre de l’Union européenne et pour en empêcher l’extradition vers un pays tiers ?

• Madame le Ministre peut-elle me fournir les données sur le nombre de mandats d’arrêt européen émis par les autorités judiciaires luxembourgeoises à l’égard de ressortissants luxembourgeois, détenus dans un autre Etat membre de l’Union les 20 dernières années ?

Nous vous prions d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de notre très haute considération.

Gilles Roth

Député et Co-Président

Laurent Mosar

Député

Domadder ass den Här Schneider definitiv och e politesche Sujet!

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    Ech fannen et gutt dass den haer Kayser hei um ball bleiwt.
    Obwuel dess affaer passabel konfus schengt wann ee net de ganze dossier kennt,schengt et sech dach em eng saach ze handelen wou eng meiglech escroquerie oder fraude eventuell vun engem Lezebuerger, den a Frankreich wunnt an hei schafft mat hellef vun enger entreprise dei zu Dubai enregistreiert ass ,begangen gouf.
    War een oder mei amerikaner eventuell victimen vun der fraude?
    Et schingt op alle faell sou wei wann den delit net direkt um us boden realiseiert gouf…bei fraude informatique ass natierlech do emmer munches onkloer well den internet iwerall an neierens ass.
    Souguer wann den hannergrond en ganz aneren ass…hei finanziell,do politesch,erennert des affaer dach e bessen un de cas Assange wou d us justiz op abusiv art a weis leit am ausland festhuelen leist an dann hir ausliewerung fuerdert.
    Wenschen mer dem Haer Schneider dass d Letzeburger autoriteiten eppes manner stramm stin wei dei britesch,just well den amerikaner rifft.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *