Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Ëmwelt

Lieserbréif vum Roger Braun: Keng weider Tram ‘s Linn duerch d’Stad 

Lieserbréif vum Roger Braun: Keng weider Tram ‘s Linn duerch d’Stad
chronicle.lu

 

Eng nei Linn vum Tram gëtt eis presentéiert déi duerch Porte Neuve geet fir dann op den bd. Royal a weider op Gare respektiv op Stroossen ze fueren. Gott sei Dank sinn se vun anere Varianten erofkomm wou et sollt queesch duerch de Park respektiv d’Kinnekswiss goen.

Wann een sech dat ukuckt da gesäit een direkt dass déi Platz an der Porte Neuve ni wäert duergoen dass all déi Gefierer do kennen zirkuléieren ouni dass mir un EISE Park rappe ginn. Et ass traureg ,dass ee grénge Minister mat deene Responsabelen vun der Stad mol net méi halt mécht virun der grénger Long vun der Stad. Hei ginn massiv Beem ewech gemaach just fir de Spilldrang vun e puer Leit ze befriddegen. Déi betonéieren gären alles zou. Hei gëtt lues a lues en Nationaalt Denkmal “EISE PARK” futti gemaach.

Wat fir een Notzen huet des Linn dann eigentlech? Fir méi séier ouni ëmzesteigen op Strassen ze kommen! Wou bei der Reorganisatioun vun dem RGTR och net duerno gekuckt gëtt wéi vill mol d’Leit mussen ëmzesteigen. Wann een domadder net ukënnt eis als Argument ze erzielen ,wann eng kéier e Problem op där enger Linn wier dës als “Ausweich”- Linn kennt huelen. Dëst Palavers wäert d’Strooss och net halen. Hei gëtt en double Emploi vun eppes gemaach ouni ze kucken op et en Notzen huet oder net, an dëst nach mam Kopfnicken vun Leit déi ëmmer géint en Tram waren! Wann een dann nach héiert, dass eis Stad méi schéin ass no den Aarbechten vum Tram, da froen ech mech a wat fir enger Welt déi Leit liewen.

quotidien.lu

Et gëtt net méi gekuckt no eisem Patrimoine deen op dëse Plazen ass, sief et am Buedem oder siichtbar fir jiddereen. Wann dann nach een Direkter seet, dass beim Neibau vun Tramslinen alles gemaach gëtt fir de Patrimoine ze schützen, da leeft et mir kal de Bockel erof. Se hu mol kee Respekt méi virun eiser Geschicht. Wann dëse Projet gréng Luucht sollt kréien, da gëtt eis Stad nach méi verschampeléiert ewéi si et elo schonn ass.

De Präis wat des Aventure dann erëm wäert kaschten, do wäert eis näischt gesot ginn. Well dat geet d’Leit -jo ewéi bei anere Projeten- näischt un, se hunn gefällegst nëmme hier Steieren ze bezuelen an si wësse schonn wat mat deene Suen unzefänken ass. Wéivill Beem ëm gehaen musse ginn fir ee verrécktene Projet, huet d’Leit net ze interesséieren.

Wéi wier et mat méi Oppenheet an Transparenz bei dësem Projet? Et wär dach vill méi éierlech wann ee Referendum zu dësem Thema géif organiséiert ginn. Dann hätten d’Bierger direkten Afloss op e Projet, an dat géif weisen dass eis gewielte Politiker, d’Leit vun deenen se hier Stëmm kritt hunn, géifen eescht huelen. Et kann dach net sinn, dass zu dësem Thema d ‘Parteien vun alle Faarwen de Kapp an de Sand stiechen an näischt dovunner wësse wëllen an en Direkter vun der Luxtram eis muss erklären wat de Staat plangt.

Nach eng kéier widderhuelen ech mech :

Keng zweet Linn vum Tram duerch d’Stad.

Keng Zerstéierung vun eiser Kinnekswiss.

Keng weider Zerstéierung vun der Natur.

Roger Braun

rbraun2@pt.lu

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *