Recent Posts

Post Categories

Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...
D’CSV sicht e Beroder an der Kommunikatioun 
Eigentlech misst et heeschen: “…an der Kommunikatioun vum Staatsminister Luc Frieden”. Well et ass de Regierungs- a Parteichef deen op...
Mutig! Ein Kommentar zur neuen Parteispitze der LSAP von Frank Bertemes 
Gleicht das neue Duo an der Spitze der LSAP wirklich einer Kapitulation der stärksten Oppositionspartei wie ein Kommentar eines Wort-Journalisten...
De Kriibsgang bei der LSAP geet weider 
Iwwerraschungsgackelchen virun Ouschteren bei de Genossen! D’Paulette Lenert ass un engem Posten am Staatsrot interesséiert. Dat kann een duerchaus novollzéien,...

Blog Post

Gesellschaft

Frank Bertemes: Besser Zäiten? 

Frank Bertemes: Besser Zäiten?
gkonline-Marc Thoma

‘tsteet een zu Miersch an der Post. Mat der Nummer 496 vun deem Ticket, deen ee gezunn huet – mol eng Nummer, mat där een ëmmer gewënnt… ‘t kommen ëmmer méi Leit, dat ëmmer frëndlecht Personal vun där Mierscher Post beréit hir Clienten an aller Rou a mat Gedold, déi och déi mussen hunn, déi waarden. Jo, frëndlecht, mënschlecht Personal, dat gëtt et nach an eiser moderner, ëmmer nach méi digitaler Zäit, och dat muss mol gesot sinn. Awer: Wéi laang nach? Dat dierf ee sech allerdéngs realpolitesch sou froen, wann een da mat senge Päck an der Rei steet, op säin Tour ze waarden. Jo, dann huet een Zäit nozedenken, sech déi wuel net onberechtegt Fro ze stellen, wéi laang et nach Personal an engem Postschalter gëtt, dat ee frëndlech zerwéiert respektiv beréit, wéi laang datt nach ee Facteur doheem laanschtkënnt, dee frëndlech nach e puer Wuert mat de Leit schwätzt – bis och all dat Personal „digital“, duerch iergend eng KI, Roboter oder Dronen ersat ginn ass – bis och dee leschte Mënsch an der Déngschtleeschtungsgesellschaft verschwonnen ass? Ass et dat, wat verschiddener gär hätten?

Mir liewen an enger neoliberal diktéierter Welt vun ëmmer méi Leit mat ëmmer manner Loun, mengt ëmmer méi Mindestléin, douteusen Aarbechtsverträg, Schäiselbstännegkeet, ëmmer méi  „working poor“, dat heescht ëmmer méi Leit, déi trotz Aarbecht mat hirem Revenu net méi iwwer d’Ronne kommen, Leit, déi keen Akommes iwwer eisem Existenzminimum méi bezéien. Wéi kann dat an engem (vermeintlech) sou räiche Land iwwerhaapt  méiglech sinn? Och bei der Post gëtt dee séchere Statut vum Postbeamten ëmmer méi ofgeschaaft, d’Beamte ginn duerch manner bezuelte Salariéen ersat – déi total Privatiséierung mat alle Konsequenzen?

Ass dat de Wee an d’Zukunft, de Wee a besser Zäiten? ‘t stellt ee sech ëmmer méi d’Fro, wat gewësse Kreesser sech an hirem Profitdenken sou virstellen – an d’Politik kuckt no…

Privat ass esou ee schéint Wuert – mä wat geschitt, wann all dat, wat mol eng gutt, zouverlässeg a präiswäert ëffentlech Déngschtleeschtung war nach just dem private Profit soll déngen? Privat heescht dann awer och, datt ee ka maache, wat ee wëll.

Post, Eisebunn an ëffentlechen Transport, Waasser, Bildung, Gesondheet, sozial Sécherheetssystemer, Energie – alles deem sakrosankte „fräie Maart“ iwwerloossen? Mat vermeintlech „bessere“ Leeschtungen fir d’Leit?

Privatiséierung an enger digitaler Welt …wierklech besser Zäiten?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *