Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

CSV: verdäiwelten Engel! 

CSV: verdäiwelten Engel!
Image par saarvendra de Pixabay

kënnegt sech an der gréisster Oppositiounspartei en Orientéierungssträit un? De Parteipresident danzt allemol kräfteg aus dem Takt a beweegt sech op hauchdënnem Äis! Et ass duerchaus normal – an esouguer ze begréissen-, datt delikat Sujet kontrovers diskutéiert ginn, datt eng Partei hir Positioun ännert, allerdéngs muss dat op eng Manéier gemaach ginn, datt d’Partei net wéi Seechomessen reagéiert, an deenen hire Koup mam Bengel gekroopt gëtt, an datt de Wieler d’Diskussioun an hiert Resultat kann novollzéien. De Wee vum Här Engel war allerdéngs e ganz aneren: als President mol grouss Deeler vun der Partei einfach virun de Kapp stoussen!

Do ass dann eng Kommunikatioun schwéier. De President probéiert sech ze justifiéieren. Op senger Facebook-Säit iergert hien sech: ” Verréckte Welt. Am Lëtzebuerger Wort gëtt meng Demissioun als President vun der CSV gefuerdert, well ech mech un d’Kathoulesch Sozialléier halen. An un de Grondsazprogramm vu menger Partei”. Doropper hinn goufen et eng 40 Commentairen, de Gros iwwregens fir dem Frank Engel de Réck ze stäipen. De Mann gesäit awer indirekt an, datt et net déi beschten Iddi war, mat esou enger Diskussioun an d’Medien ze goen, souzesoen e Steen an d’Uelzecht ze geheien an ofzewaarden, wéi héich d’Welle schloen.

Esou schreift hien an enger Reaktioun op ee vun de Kommentaren: “Et geet net ëm d’Familljenhaus, d’Bauplaaz, den Appartement fir de Fils oder d’Duechter. Mä dat kréien ech, wéi et ausgesäit, net méi vermëttelt”. Esou geet et engem, wann ee cavalier seul wëll spillen: et riskéiert een vum Suedel ze falen! De Mann gouf zejoert mat 53,95% vun de Parteimember zum President gewielt; dat war souwisou dënnt Äis, dat elo allerdéngs riskéiert, brécheg ze ginn.

“…mat der  Positioun Engel entsteet automatesch Drock op Bettel & Co….”

Esou wéi ech et an engem éischten Artikel iwwer dësen CSV Engel-Trauma ugekënnegt hat, wäerten d’Majoritéitsparteien probéieren, de parteiinterne Sträit bei deene Schwaarzen um Glousen ze halen. Gläich um Sonndeg koum den LSAP-Minister Dan Kersch mat enger kräfteger Ënnerstëtzung fir d’Positioun vum Frank Engel. Dobäi huet de rouden Vizepremier natierlech nach en zousätzlechen Hannergedanken.

D’LSAP war nämlech och spéit mat där Propositioun vun enger Räichesteier komm, en Eropsetzen vun der Verméigenssteier, eng Ierfschaftssteier an direkter Linn. Virun de leschte Wahlen hat den OGBL de roude Kolleegen hire Programm a Saachen Steieren esou resuméiert:

Liste 3 – LSAP
Le LSAP veut assurer une imposition plus équitable du travail et du capital. Il considère la dernière réforme fiscale comme une première étape importante pour aller dans cette direction. Le crédit d’impôt pour les salariés et les retraités doit être augmenté dans le but d’exempter le salaire minimum de l’impôt sur le revenue. La classe fiscale 1a doit être rendu plus attractive pour les bas revenus et rapprochée de la classe 2. Le LSAP vise à introduire l’imposition individuelle à long terme. L’impôt sur les sociétés ne doit pas être réduit davantage, mais l’imposition du facteur travail allégée, entre autres par une plus imposition plus élevée des gains de productivité en raison de la numérisation (par exemple taxe sur les robots). Le LSAP préconise une taxe globale sur les transactions financières. Le régime spécial des «stock options» doit être complètement supprimé, après une période de transition.

Réischt no de Wahlen, wéi de Franz Fayot 2019 LSAP-President gouf, koum d’Iddi vun esou enger Steier op, ëmmerhinn e Joer virun der Pandemie. Vill Leit waren entsat, anerer hunn se begréisst. Op alle Fall stoung d’LSAP eleng do. Mat enger DP ass esou eng Steier net ze realiséieren, dat geet géint hire fonds de commerce! Elo kréien d’Sozialisten onerwaarte Sukkurs vun der gréisser Oppositiounspartei a kënnen esou den Drock op déi Liberal vergréisseren.

Verréckte Welt tatsächlech! D’Oppositioun mécht indirekt Regierungspolitik!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *