Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Justiz

Huet de Premier Bettel an der SREL-Geschicht e Geheimnis? Wat wees de Kemmer? 

Huet de Premier Bettel an der SREL-Geschicht e Geheimnis? Wat wees de Kemmer?
Photo de Alex Fu: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/personne-noir-tenant-appareil-photo-reflex-numerique-lumix-1497148/

 

Do gouf et bekanntlech eng SREL-Affär. D’Geschicht vun der Auer.

Do gëtt et elo eng nei SREL-Geschicht. Et sinn d’Nowéien vun där Éischter. Net grad 10 Joer leien dertëscht. Geännert huet an där Zäit de Premier. De Juncker war iwwer déi Éischt gefall, de Bettel kritt elo déi Zweet voll an d’Gesiicht….an zwar vun engem fréiere SREL-Mataarbechter.

Et dréit sech ëm d’Persoun Frank Schneider (och fréiere SRELIST). De Mann gouf wéinst enger anerer Geschicht vun den USA gesicht. Hie gouf dowéinst a Frankräich festgeholl an zanter der leschter Woch ass de juristesche Wee fräi, hien eventuell un d’Amerikaner auszeliwweren. Eigentlech mécht de Grand-Duché dat net, ma weder d’lëtzebuerger Justiz nach d’lëtzebuerger Politik hu sech bis ewell vill ëm d’Persoun Schneider gekëmmert, vun der PRESS net ze schwätzen.

No enger ganzer Rei Artikelen op dëser Säit an no Videoen vum Marc Thoma goufen et endlech Reaktiounen vum Ausseminister Jean Asselborn a vum CSV-Vertrieder Laurent Mosar. D’Affär kluddert elo un de Been vum Premier Bettel. A méi wéi jee zanter e leschte Samschdeg!

De fréiere SREL-Mataarbechter André Kemmer a gudde Kolleeg vum Frank Schneider huet nämlech mat engem Video an de soziale Medien fir vill Stëbs gesuergt. Op déi verschidde Rumeuren déi zanter zwee Joer ronderëm d’Persoun Bettel zirkuléieren, wëll a kann ech net agoen: si sinn mir zwar och bekannt, awer ech krut ni déi néideg lescht Beweiser beieneen. Ma och ouni Gerüchteküche schloen d’Aussoen vum Kemmer an wéi de Läffel am Bräi!

Den André Kemmer mengt virop, d’Leit géingen ufänken, de Premier net méi eescht ze huelen. D’Commentairen op rtl-lu géingen dat weisen nom Optrëtt e Samschdeg am RTL-Background. Bon. Mat esou Attacken kann de Xavier Bettel nach liewen. Hie ass sech wuel bewosst, datt hien net de Staatsminister vun alle Wieler ass an och net ka sinn.

De Kemmer kënnt zur Saach an erënnert drun, datt den Här Bettel Premier gouf duerch eis. Oha! Domadder mengt hien d’SREL-Affär, d’Aueregeschicht. Hie féiert déi Iwwerleeung e bësselchen aus fir den Nolauschterer op de Geschmaach ze bréngen. Et kritt een d’Gefill, de Mann weess méi, hie waart op eng Geleeënheet, auszepaken.

Wat de Frank Schneider ugeet, wier et e Klacks hien net un d’USA auszeliwweren, behaapt hien, sëtzt provokativ op enger Bänk virum Hotel de Bourgogne an explizéiert: ” De Premier hëlt den Telefon an de Grapp a schwätzt mam franséische Staatspresident”.De Lëtzebuerger bréngt also souzesoen dem Fransous bäi, datt de Grand-Duché seng Leit ni un d’USA ausliwwert, an de Macron géing direkt awëllegen. Eng Saach vu Minutten, seet de Kemmer roueg an dach opbruecht. Klamer op: op deem Punkt sinn sech all d’Observateuren eens!  Et kann nëmmen de lëtzebuerger Premier sinn, deen de Schneider virum amerikanesche Gaalgen rett! Klamer zou. D’Klacken vun der Kathedral lauden wärend deem Statement, de Kemmer bewäert et als gutt Omen.

De Mann geet awer nach e Schrack méi wäit a paraphraséiert de Bettel, dee virun Zeien soll gesot hunn: fir dee maachen ech kee Fanger kromm! De Staatsminister géing sech also guer net ëm de Frank Schneider këmmeren! Firwat? Huet hien nach eng Rechnung mat deem fréiere Chef vum Geheimdéngscht opstoen? Wann dat Schoul mécht, seet de Kemmer, datt all Lëtzebuerger kann un d’USA ausgeliwwert ginn…a bejo! Hie mécht e foudroyanten Appell un de Staatsminister: maacht eppes! Verbonne mat der Fro: oder gëtt et ee Grond, näischt ze maachen? Gëtt et e Grond, firwat datt Dir Angscht hutt?

Grad esou den Appell un di groussherzoglech Press: bleift kritesch! Stellt Iech och Froen. Wëll am Kloertext heeschen: huelt Kontakt mat mir op. Ech paken aus. A mat Nodrock wërft hien d’Fro op: huet de Premier ieren e Geheimnis?

Wat weess de Mann also méi? Ass hie just undercover ënnerwee a senge Bicher oder ieren nach munchmol fir de SREL, jo fir d’Justiz? Och op deem Punkt lafe Gerüchter! De Xavier Bettel wäert sech eng Kéier gerëselt hunn, wéi hien déi Kemmer-Aussoen um Handy ze lauschtere krut. Aussoen déi Froen opwerfen, ma déi däitlech maachen. De Kemmer muss eppes an der Hand hunn, souzesoen en Joker, e schwaarze Stippi. Hie muss sech senger Saach sécher sinn, am anere Fall wier hien als Staatsbeamten – iwwregens suspendéiert zanter dem 11. Juni 2013- net esou wäit gaangen a sengen Aussoen. Et war eng Frontal-Attack op déi de Staatsminister muss reagéieren.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *