Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Scream! D’Parteien rëschten op fir d’Mamm vun alle Schluechten 

Scream! D’Parteien rëschten op fir d’Mamm vun alle Schluechten
Wikipedia

Dann zitt ee Moies d’Rolllueden erop, et denkt een (ausnamsweis) näischt Schlechtes, an da glënneren engem vun der Strooss hir gutt gelaunte Persounen an d’Gladder! Si stralen op grousse Fotoen alleguerten ewéi e Botterkichelchen an der Sonn. Si wëllen eis mat hirem Laachen a wäiss retuchéierten Zänn positiv stëmmen, esou frou a frëndlech wéi d’Jesus-Kanner, et gëtt ee scho bal mësstrauesch. Well opgepasst: et si Politiker déi eis ulaachen ewéi e Paangech, respektiv Leit, déi an d’Politik wëllen eraklammen!

Gratis ass hier Binnette net. Mir solle schonn eppes an den Afferstack leeën, also eis Stëmm den 11. Juni. Bei mir vis-à-vis  op menger Mini-Kinnekswiss, waren d’Sozialisten an d’Demokraten déi séierst. D’Sozialisten hu sech opgehaangen, – wuelverstanen hier Pancarte- op engem Luuchtepotto. Fir eng grouss Foto ënnen um Buedem sinn d’Kandidaten wuel nach net standfest genuch, denken ech bei mir; et hat een bis ewell kee Piipcheswuert vun de Genossen matkrut. Trotzdeem freeën ech mech fir de Gabriel an d’Maxime. Ma wat goung de Boisante an d’Miltgen un, sech esou héich opzehänken?

gkonline

Op där Héicht erbléckst kee Foussgänger a keen Automobilist déi Zwee, an Doppeldecker-Bussen maachen sech op där Plaz éischter rar. Ma villäicht fäerten si gesinn ze ginn.

Fir d’Demokraten sinn et déi zwee Spëtzekandidaten, déi mir d’Fräiheetssonn an d’Schlofkummer eranbeamen. D’Lydie an de Pat. Et muss een si – wéi Politiker am allgemengen- beim Virnumm nennen fir deenen aneren virzemaachen, datt een si gutt kennt, datt ee mat hinnen reegelméisseg um Facebook-Comptoir zesummen ass. Dofir heescht et jo och bei de Liberalen: no bei Dir! Déi duebel DP-Spëtzt fir um Knuedler kënnen ze bleiwen trëtt donieft op mat engem méi soberen Slogan: Fir ons Stad.

gkonline

Ech muss schmunzelen. Gëtt et da wierklech kee Politiker dee kandidéiert mam Slogan: géint ons Stad? Dat wär dach emol eppes aneschters. Ma ech fuebelen. Wéi gesot, sober wëll d’DP-Equipe sinn a sober ass och dem Lydie seng Halsketten: kee Gold, och kee Klenschegold, ma eng (schéin) Ketten aus engem Drëtt-Welt-Buttek. Lauter Äisbieren, am Wäissen, am Gréngen, am Rouden….deen am Orangen vermëssen ech, ma villäicht ass déi Figur ënner de Paltong gerutscht.

Deen Orangen läit der Buergermeeschtesch tatsächlech am Genéck! De Serge Wilmes vun der CSV huet 6 Joer an der politescher Sandkëscht kënne spillen a fillt sech elo beruff, d’Positioun vu senger Partei an den “2 Léiwen” ze stäerken.

gkonline

 

Frësch coifféiert, jonk, dynamesch versprécht hien den Neiduerfer eng  SPILLPLAZ; déi kéim grad giedeleg an deem Quartier, well déi ablécklech Spillplaz éischter eng Hondstoilette ass. Si ass allemol méi néideg ewéi déi gëllen Vëlosbréck iwwer den Dall. An hie versprécht méi Quartiersliewen. E richtegen Dropgänger, dee Mann! Do kommen vill laang Nuechten op hien duer.

 

Déi Gréng awer wuessen komplett iwwert sech eraus! Den “Nach-net-grad-Buergermeeschter” François Benoy a seng Co-Spëtzekandidatin Claudie Reyland verspriechen net nëmmen dat Blot vum Himmel, ma dat Gréngt aus dem Himmel. Si schafen d’Zukunft! An anere Wieder: si gesinn an d’Zukunft a modelléieren déi esou, datt mir alleguerten kënnen zefridde sinn. Haruspexen vun der neister Generatioun, alles aneschters ewéi vun där leschter!

gkonline

De Fränz, zwar am Kostüm ma dékonraktéiert ouni Cravatte, si mat engem knallgiele Schal – mat Perwoll gewäsch an ouni Gambia-Knuet. Neie Wand gëtt versprach, den Ament gesäit et éischter no Reen aus. D’Pancarte ass – huelen ech un- op recycléiertem Pobeier gemaach a fänkt schonn un, liicht schrulleg ze ginn.

D’ADR allerdéngs gesäit ganz grouss! Keen einfacht Plakat, ma zwou gewalteg Baatschen aus Plastik a Form vun engem Wigwam. Op där enger Säit a fette Buschtawen: Kriminalitéit a Sécherheet. Och si wëllen op deem Thema punkten.

gkonline

Hir Kandidaten wäerte wuel all e self-defense-Kurs matgemaach hunn! A warscheinlech ass dat och d’Explikatioun, firwat een an der Lescht esou wéineg vun hinnen aus dem stater Gemengerot ze héiere krut. Si wëllen awer alles am Grëff behalen. Kriminalitéit war gëschter, an et sollen net méi esou vill Awunner bäikommen: d’Bevëlkerungsexplosioun gëtt mat hinnen entschäerft:

gkonline

Also nach just ee Kand pro Stot? Chineesesch Zoustänn? D’Pancarte hänkt op vis-à-vis vun engem Haus, dat de Pappa Staat fir deiert Geld opriichte gelooss huet. Do wou fréier 4 Mënscheséilen en Doheem haten, sinn et der haut bis zu dat Zéngfacht!

Déi déi an dëser politescher Piep-show feelen – op d’mannst bei mir-, sinn engersäits d’Leit vun FOKUS. Hinnen hier Fotoen hunn ech anerwäerts gesin a si erënneren un en Avis de recherche vun der Poliice. Donieft feelen d’Piraten. Goungen si beim Schluet e Samschdeg ënner? Dat géing ech bedaueren. Grad si waren an der leschter Campagne fir d’Nationalwahlen besonnesch Déierefrëndlech. Villäicht verzichten si op esou Pancarten an Zelter aus Respekt virun der Natur a loossen déi kleng Wiss dat sinn wat si ass: d’Toilette vun de Muppen!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *