Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

D’Bierger steierlech kujenéieren? 

D’Bierger steierlech kujenéieren?
Image par Gerd Altmann de Pixabay

et ginn Verwaltungen, déi huet ee léiwer wéi anerer. Déi Administratioun, déi am Ranking vun der ëffentlecher Meenung am Schlechtsten ewechkënnt, ass wuel d’Steieramt. Zugläich ass si enorm wichteg, well et si ass, déi fir de Pappa Staat d’Suen andreift. Dat gëtt hire Fonctionnären a Beamten e gewëssent Gefill vu Muecht, munchmol ze vill dovunner. Da kann et virkommen, datt eng Gesellschaft de Wénk mam Dierwiechter gemaach kritt, well si mat de Steieren hannendran ass. Erklärungen an Entschëllegungen ginn dann net duer. Ma net ëmmer ass d’Steierverwaltung selwer Schold un hirem schlechte Ruff!

Wann een zum Beispill mat de Steieren net nokënnt, kritt een eng Strof um Reschtmontant ze bezuelen vun 0,6 Prozent de Mount. Wien also mat 5000€ an der Kräid steet, muss 30€ Strof de Mount bezuelen, 360€ op d’Joer. Fir eng Gesellschaft, déi mat 70.000€ hannendran ass, mécht et 420 Ticket aus, respektiv iwwer 5000 Euro op ee Joer. Dat ass wéineg? Dat ass vill?

Et kann een duerchaus vertrieden, datt et näischt ze vill ass, schliisslech muss jiddereen seng Steieren begläichen. A fir eng Gesellschaft, déi 70.000€ Scholden op der Lee geschriwwen huet, sinn 420€ de Mount net därmoosse vill. Grad esou wouer ass et ëmgedréit. Fir eng Persoun déi Probleemer huet, 5000 Euro ze berappen, bedeiten 360€/d’Joer duerchaus eng säfteg Stroof. Virun allem awer soll een dës 0,6% grad elo am Kontext vun der Pandemie kucken.

“…grad an dësen Zäiten komplett disproportionéiert!…”

Dee Prozentsaz gouf iergendwann eng Kéier festgeluecht – villäicht nach zu Pierre Werner’s-Zäiten – an et huet een sech domadder offonnt. Obwuel de Prozedere net ëmmer korrekt ass, well, wiem ass et net scho virkomm, ausnamsweis net un d’Steierverwaltung ze denken? Also ouni schlecht Absichten d’Steieren – och d’Avancen- vergiess? Net ëmmer kritt een do e frëndleche Rappell, esou séier wéi méiglech senger Biergerflicht nozekommen.

Dës Strof ass an dësen Zäiten an zweeërlee Hisiicht net méi proportionéiert:

  1. mir liewen an Zäiten, wou genuch mënschlecht Leed passéiert, bedéngt duerch e komplizéiert wirtschaftlecht Ëmfeld
  2. mir liewen an Zäiten, wou een vu senger Bank 0% Zënse kritt fir säin Erspuertent. Do wierkt déi Strof vun 7,2 Prozent vun der Steierverwaltung wéi en Hohn!

Et ass an deem Sënn, wou d’CSV gären eng Diskussioun mam Finanzminister an 10 Deeg hätt.

 

Monsieur le Président,

 

Notre groupe politique souhaiterait voir ajouter à l’ordre du jour de la réunion de la Commission des Finances et du Budget du 22 janvier 2021 les points suivants :

 

  1. Motion concernant la réduction de moitié des intérêts de retard dus en matière fiscale

 

  1. Politique de recouvrement des impôts par l’Administration des contributions directes

 

Sauf erreur de notre part, la motion sous rubrique n’a pas encore été débattue en commission, alors qu’elle y avait été renvoyée en mai 2020. Il nous paraît en effet difficile d’expliquer au citoyen lambda qu’il doive payer à l’Etat 7,2% d’intérêts de retard par an s’il accuse un retard dans le règlement des impôts dus surtout dans le contexte de l’actuelle pandémie et dans un contexte plus large de taux bas persistants (d’autant plus qu’il ne perçoit d’intérêts si l’Etat ne lui rembourse pas dans le mois les impôts trop payés et que l’Etat réussisse à se refinancer à taux négatif).

 

Nous aimerions profiter de l’occasion pour obtenir de plus amples informations sur la politique de recouvrement des impôts pratiqués par l’Administration des contributions directes (ACD). Nous vous prions dès lors d’inviter à ladite réunion les responsables de l’ACD.

 

Nous vous prions enfin de transmettre la présente demande à Monsieur le Président de la Commission des Finances et du Budget afin que ce dernier puisse satisfaire à notre demande et ajouter à l’ordre du jour de la réunion du 22 janvier 2021 les sujets exposés ci-dessus.

 

Veuillez agréer, Monsieur le Président, l’expression de notre parfaite considération.

 

Martine Hansen

Présidente du groupe politique CSV

 

 

 

 

Laurent Mosar

Député

 

Gilles Roth

Député

De Louis XIV sot schonn: Steieren andreiwen heescht, d’Gäns esou ze plëmmen, datt ee méiglechst vill Plomme kritt bei méiglechst wéineg Geschnadders! Mech perséinlech als al Virwëtztut géing et interesséieren, wéi vill Suen de Staat Joer fir Joer via dës arriérés zousätzlech andreift…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *