Den Ament sinn eng Partie Politiker der Hyperaktivitéit verfall. Si schwätzen esou wéi wa mir schonn am Krich mat Russland wieren. De Wollef huet sech bei eis fest installéiert, elo gëtt op de Fuuss gewaart. Esou hu verschidde Verdeedegungsminister- dorënner den Däitsche Pistorius- aus dem Kaffismott gelies an der Ëffentlechkeet bedeitungsvoll matgedeelt: 2029 scho kéint de Russ Finnland iwwerfalen an och ee vun den dräi baltesche Staaten. D’Begrënnung fir déi Behaaptung feelt, ma dee chaoteschen Zoustand an de Käpp vu Politiker ass ouni Zweiwel drop zeréckzeféieren, datt mam Donald Trump de Monni Sam Europa net méi am nämmlechte Mooss militäresch zur Säit steet.
Dat Europa ass ewéi aus dem Bett gefall a misst elo massiv oprëschten. Esou massiv militärescht Geschier akafen, datt et hannen a vir net mat de Staatssuen opgeet; d’Memberlänner mussen entweder enorm Scholde maachen – wéi dat an Däitschland wäert de Fall sinn- oder si musse an hiren ablécklechen Ausgaben drastesch spueren; domadder riskéiert dann de Sozialstaat d’Schësserbaach erofzegoen. Et kënnt net vun näischt, datt d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes am Interview mat Virgule op deem Punkt berouegt: Le réarmement ne se fera, en tout cas, pas au détriment des aides sociales. C’est une chose exclue. An nawell hu mir et hei nees eng Kéier mat enger Zeitenwende ze dinn: 80 Joer war militärescht Geméchels an eisem Vokabular gestrach, elo gëtt de bello gallici eng obligatoresch Bettlecture? Et wier gutt wann eng Rei Politiker nees géife rationell ginn.
Militäresch gesinn ass de Krich an der Ukrain en Debakel fir de Kreml, eng Katastroph, eng Blamage! Esou wéi wann am Foussball Däitschland géint Lëtzebuerg géing verléieren. Déi militäresch Ausernanersetzung huet gewisen, datt déi russesch Arméi guer net esou gut opgestallt ass. No dräi Joer Krich goufe just kleng Deeler vun der Ukrain ageholl an déi mënschlech Verloschter schéngen enorm ze sinn. An esou ee Land géing um geopolitesche Schachbriet déi ganz NATO erausfuerderen? Am Eescht elo!
Et ass evident, datt d’europäesch Staten an der Vergaangenheet net genuch gemaach hunn fir hir Sécherheet, datt si vum amerikanesche Sécherheetsprabbeli op eng scho bal ondezent Manéier profitéiert, jo abuséiert hunn an datt elo muss nogerëscht ginn. Mä awer dach verstänneg, wëll heeschen iwwerluecht. De lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet et op de Punkt bruecht: Et géif ee sech net op e Krich preparéieren, mä et wéilt een Europa nees als e staarkt Zeeche vu Fridden a Wuelstand opstellen. Also duerchaus Waffe kafen, ma net ewéi an der Keess am Supermarché, nach séier eppes op d’Théik geluecht an et doheem an d’Poubelle gehäit!
Russland huet eng absolutt Dominanz um europäesche Kontinent, wat d’Militärpanzer betrëfft, wéi de Verglach mat der Ukrain op Statista verdäitlecht:
Merkmal | Russland | Ukraine |
---|---|---|
Kampfpanzer | 5.750 | 1.114 |
gepanzerte Fahrzeuge | 131.527 | 18.920 |
selbstfahrende Artillerie | 5.168 | 658 |
geschleppte Artillerie | 8.505 | 615 |
Ma Krich gëtt haut net méi (eleng) mat Truppen a Panzer gefouert. Do ginn et méi modern a bëlleg Alternativen. Een eenzegen däitsche Leopard 2-Panzer kascht tëscht 3 an 8 Milliounen Euro, eng Militärdron kritt ee schonn vu 25.000 Euro un. An esou Dronen kënnen duerchaus Panzerkiller sinn. Wou Europa an och Lëtzebuerg allerdéngs séier musse reagéieren, ass um Plang vun de Cyber-Attacken. E klengen digitale Virus ka méi Schued uriichten ewéi 100 Panzer!

Mat engem Knäppchen schalt een op Distanz de Stroum aus. Näischt geet méi am ëffentleche Liewen: Chaos op de Stroossen, d’Betriber am technesche Chômage, keng Suen aus dem Bancomat, d’lëtzebuerger Finanzplaz ass direkt betraff a séier ugeschloen, no e puer Stonnen bleiwen och d’Noutagregater an de Klinicke stoen. Nämmlechten Zenario fir Gas a Waasser, Telekommunikatiounen (SES), Regierungsquartier….fir et kuerz ze maachen: mat elektronesche Virussen kéint de Grand-Duché bannent Minutten gréisstendeels broochgeluecht sinn!
Wéi gutt eist Land sech op deem Plang ofgeséchert huet, gëtt een absolutt net gewuer. Schliisslech ass alles geheim. Ma et sollt een do déi éischt Weiche setzen amplaz schonn elo drun ze denken, d’Jongen a Meedercher an de Kasärenhaff ze zitéieren. D’Festung Lëtzebuerg brauch dréngend Ramifikatiounen,- Firewall nennt een dat wuel-, an zwar op allen Niveauen. Betriber mat enger gréisserer Importenz op dat ëffentlecht Liewen musse bei där Zort elektronesch Oprëschtung gehollef kréien. A si mussen sech kënne finanziell ofsécheren!

Déi traditionell Assurancegesellschaften hunn an deem Geschäft keng Erfarung, hu keng Police an hirem Portefeuille, fir d’Clientèle géint eventuell Cyberattacken finanziell ofzesécheren. Aneschters am Ausland, virun allem am angelsächsege Raum. Do ginn et eng Partie grouss Gesellschaften mat Experienz op deem Plang. An déi Assurancen wëllen sech elo zu Lëtzebuerg mat enger Filial néierloossen. 17 Gesellschaften hunn hier Demande agereecht, ma de commissariat aux assurances deet sech schwéier domadder. Bis ewell krut keng eenzeg auslännesch Assurance dofir den Agrement.
Fir wat eigentlech? Datt gläich esou vill Versécherungsgesellschaften sech wëlle bei eis installéieren, weist, datt d’Demande grouss ass, besonnesch vun deene Betriber, wou eng Ofsécherung géint Cyber-Attacken obligatoresch ass. Kréien si ieren den Agrement net, just well d’Konkurrenz gefaart gëtt?!
D’Gefor vun engem elektronesche Krich ass méi reell ewéi déi mat Panzer. Hu mir genuch know-how an där matière? Hu mir genuch Personal? Gëtt et e Plang fir den Eeschtfall? Oder zéie mir mam Mëschtgreef an déi elektronesch Schluecht(en), wéi Anno Tubak de Bauer am Klëppelkrich?
Kleppelkrich ass gudd gesot.
Mat der dame am hermes schal an dem staeregenerol Thull un der spetzt waert et scho gudd goen😀