Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

Komme mir laanscht e grénge Kapitalismus? 

Komme mir laanscht e grénge Kapitalismus?
Image parGerhard Gellinger de Pixabay

klimaskeptiker kréien nawell gäre virgehäit, net wollen un de Klimawiessel ze gleewen, well si net bereet wären, hiren ablackleche Liewensstyle ze änneren. Dovunner ofgesinn, datt Klimaskeptiker de Changement vum Klima duerchaus gesinn, awer net d’Meenung deelen, datt dorunner de Mënsch gréisstendeels d’Schold matdréit, huet nach kee mir d’Fro kënne beäntwerten, ob dann déi aner Säit, also d’Klimafanatiker bereet sinn, hire Liewensniveau aneschters ze gestalten oder ob et hinnen duergeet, vun Zäit zu Zäit just en dichtege Blabla opzeféieren? Well, ouni wollen ze streiden -obwuel ech déck Loscht dozou hätt- ech kennen där aus dem “grénge” Milieu, déi x-mol am Joer an de Süde vu Frankräich/Norde vu Spuenien mat hirem décken Auto erofbriéderen a sech kee Fatz dofir genéieren! Ass den Autopark vun deene Gréngen, vu Mouvement écologique oder vu Greenpeace majoritär elektresch? Wär et net besser, jiddereen géing mol virun der eegener Dier kieren?!

 

D ës Woch gëtt den Auto zweemol erausgeholl, fir an de supermarché a fir bei den Dokter. Ech ginn zou, als Pensionéierten sinn ech do an enger privilégiéierter Situatioun, ma ech fueren zanter 9 Joer en 4,2-Liter-Auto; just fir anzekafen, gëtt dee méi Groussen benotzt. Méindes ginn d’Iwwerräschter vum Weekend g’iess, Owes dacks

Image parIgor Link de Pixabay

eng Schmier, mol mat pâté, mol mat Gebess. Mir hu fir dëst Joer 2 Liter Mëllech ewechgehäit, e puer Eeër an e puer Scheiwe Kéiss, well déi eng Vakanzeperiod net ‘iwwerliewt” haten. A propos Vakanz: déi éischt mam Flieger hu mir am Alter vun 28 Joer gemaach (Palma), dunn Joer laang keng eenzeg, well mir d’Haus an d’Rei ze setzen haten, an duerno maximal zwou am Joer (Summer a Wanter), ouni eng eenzeg Kéier de politesche Kontinent verlooss ze hunn. Mäin Handy huet 7 Joer, mäi PC hat ech 20 Joer (Mac), an ech hun hien schliisslech mussen auswiesselen wéinst mengem Internetsite. Ech drénke Waasser vum Krunn, Owes eng bis zwou Fläsche Béier; wa mir eis Owes an de Gaart sëtze ginn, maache mir regelméisseg den Hëtzchampignon unn; dat ass de groussen Nodeel, wann een direkt beim Bësch wunnt. Aus deem Bësch benotzen ech d’Holz, mat deem ech besonnesch an der Iwwergangssaison d’Haus hëtzen = CO2-neutral.

 

O uni elo wollen Frigidärs- a Schloofkummerdier der Ëffentlechkeet grouss opzemaachen, froen ech mech- a froen ech Ierch, léiw Klimafrenetiker- wat ech kéint besser maachen, fir de Klimawiessel um Planéit gestoppt ze kréien? Fir et kuerz ze halen: ech sinn dervunner iwwerzeegt, datt vill vun eis esou ähnlech liewen wéi mir- ausser wat de Berufstrafic betrëfft. Métro-boulot-dodo fält bei mir ewech!

Image parIgor Ovsyannykov de Pixabay

Et gëtt wuel manner Plastik- awer ëmmer nach 100 Kilo op de Kapp!-, dofir méi Pobeierstuten, déi sech massiv unheefen, ma déi jo kënnen- am Ausland, fir datt den Dreck dobausse bleiwt!- recykléiert ginn, ouni ze bedenken, datt et sech dobei och just ëm eng nei Industrie handelt; ech benotzen iwwregens fir den Tour duerch d’Stad den Trolley, da kann een op Béides verzichten. Kloer, jiddereen vun eis kann Klengechkeete lénks leie loossen, wou awer d’Betounung op kleng läit. A grad esou kloer: wann honnerte Millioune vu Bierger um Planéit e bësselche méi mat Respekt consomméieren, deet dat der Ëmwelt gutt! Ma ginn esou butzeg Gesten duer, fir Changementer an der Natur opzehaalen, wa méiglech réckgängech ze maachen?! Bananen, déi a Plastik agepaak sinn, nerven eventuell, änneren awer näischt un de Magnéitfelder op der Sonn. Manner Auto fueren (Brennmotor) ass zwar gutt fir manner CO2, huet awer keen Afloss op d’Stréimungen an den Ozeaner; duerch méi Velofueren veränneren sech tatsächlech d’Wolleken um Himmel, wou mir mol net richteg wëssen, wéi datt si wierklech entstinn?

 

E ch sinn zwar Klimaskeptiker, ma si bereet, Saachen matzedroen, wa se dann e Sënn erginn! Wéi ech där Deeg op der Telé gesinn hunn, datt 20.000 Liter Waasser néideg sinn, fir eng eenzeg Jeans an en T-shirt ze produzéieren, wor ech bal op de Réck gefall. Also manner Kleeder kafen, och wann ech net grad en Dandy sinn? Och villäicht méi soziaal akaafen? Also bei Gesellschaften, déi hir Leit an der Produktioun eenegermoossen anstänneg behandelen a bezuelen; mä, wéini weess een dat scho matt Gewëssheet?! Fazit: ech si gäre bereet, manner Knascht ze maachen, mä, eleng der Ëmwelt zuléift, net fir doduerger de Klimachangement réckgängech ze maachen. Also d’Heizung ëm e Grad erofsetzen, den Hëtzchampignon manner umaachen, op eng Vakanz verzichten….? Op Fleesch verzichten ech net aus gesondheetleche Grënn, hunn awer zanter ech op der Welt sinn, meng vegetaresch Deeg an der Woch.

Wat d’Theorie uegeet, datt de Klimawiessel anthropogen ass:

Image parWikiImages de Pixabay

fir mech perséinlech besteet de gréisste Probleem doranner, datt d’Wëssenschaft sech zu 100 Prozent op Berechnungen vu Computer berifft. Déi reng wëssenschaftlech Iwwerleeung  suggeréiert éischter d’Onsécherheet, de Computer seet eis mat Sécherheet d’Zukunft viraus. Viraussetzung: de Computer ass richteg gefiddert ginn! Dorauser soll een dann säi Choix maachen?! Den Henri Poincaré koum zu der Konklusioun: “Déi eenzeg Wouerecht an der Wëssenschaft kënnt aus der Observatioun”! Dat schéngt bei Verschiddenen e bësselchen ënnergaangen ze sinn.

An ech setzen- ganz am Géigesaz vu Klimaaktivisten- vill Wäert op d’Fuerschung: déi rezent Erfindung vun enger neier matière, déi aus Holzfaser entsteet, bedeit fir mech eng Revolutioun!

https://www.zdf.de/nachrichten/heute-journal/heute-journal-vom-14-august-2019-100.html (5.Punkt klicken)

“—Klimaaktivisten wëllen zeréck an d’Zäiten vun der Urbomi….”

….a sollen och deementspriéchend liewen: op der Toilette, Zeitungspobeier benotzen! Wann en Zand muss gerappt ginn, dann ouni piqûre! Wann ee Mënsch, besonnesch en eeleren, kriibskrank gëtt, op kee Fall eng Chimio, well et ass ee jo schliisslech géint de Fortschrëtt, deen -esou nierwebäi bemierkt- och muss bezuelt ginn! E Kriibskranken kascht am Schnëtt tëscht 50.000 a 500.000 Euro d’Joer. Dir awer, léiw Klimaaktivisten wëllt kee Wuesstëm méi, Dir verlaangt “Anti-Wuesstëm”, op franséisch besser verständlech mat “décroissance”. Den l’EXPRESS (nr 3564) erënnert drunn, datt et (fir Frankräich) déi décroissance gouf an de Joer vun der däitscher Okkupatioun vun 1940 bis 1944: de Räichtum vu jidfer Fransous goung ëm tëscht 30 a 40 Prozent zeréck. Alles gouf rationéiert, an der Haaptsaach Kleeder an Iesswueren; pro Dag duerft een 250 Gramm Brout iessen, 25 Gramm Fleesch, 6 Gramm Kéiss….vun 1942 unn koum jidfer Mënsch op maximal 1100 Kaloriën den Dag…d’Mamm huet sech dacks de laange Wee op d’Bett geluecht, fir vun engem däitschen Zaldot e puer Timbere méi ze ergatteren (dat nennt sech déi horizontal Collaboratioun, duerch déi 1 Millioun Puppelcher entstaane sinn!). Vive la décroissance! Op dës Manéier – näicht ze räissen an ze bäissen- ass séier nees eng Revolutioun op de Stroossen, an d’Geschicht fänkt nees vu vir unn! Ass et wierklech dat, wat Dir wëllt? Mat décroissance gëtt et Kriibsbehandlong dann tatsächlech nach just fir déi Räich!

 

F uerscher a Wëssenschaftler sin rationell Leit; bei hinnen ass net vill (keng) Plaz fir Emotiounen. Ech begréissen et, datt Verschiddener neierdéngs och der Meenung sinn, déi sougenannten Klimaskeptiker mat an d’Boot ze huelen vum Klimachangement: Klimaskeptiker sinn nämlech dacks derzou bereet, eppes fir d’Ëmwelt ze maachen! Awer op eng iwwerluechte Manéier! Ech sinn erféiert iwwer gewësse Fuerderungen: keng Kanner op d’Welt setzen, fir manner CO2 ze produzéieren! Al Leit an de Fleegeheimer stierwe loossen, aus där nämmlechter Ursaach! Radikal Aennerungen an eisem Konsumverhalen, ouni ze bedenken, datt doduerger Millioune Leit hir Aarbechtsplaz déite verléieren. Iwwerhaapt radikaalt Denken, och an de Reaktiounen an de sozialen Netzwierker, wou Klimaskeptiker munnechmol op eng bal faschistesch Manéier un de Pranger gestallt ginn. Bei enger Partie jonke Klimafanatiker ginn ech de Verdacht net lass, datt si déi allgemeng Hysterie geeschteg net méi packen, permanent e schlecht Gewëssen hunn, datt si iwwerhaapt op der Welt sinn an als moralesch Kompensatioun probéieren, wéi d’Apostel hiert Ëmfeld ze bekéieren…

 

P anik ass ugesot, och an der Politik. D’Europaparlament dekretéiert den Noutzoustand um ale Kontinent! Du jamais vu! Och wat d’Dommheet vun der Politik ugeet! Et weist, wéi Politiker sech viru sech hinn dreiwe loossen vun enger Beweegung, déi sech spéider wäert als näischt aneschters wéi eng Moudenerscheinung erausstellen. Quasi den nämmlechten Dag, wou dësen Noutzoustand ausgeruff gouf, wor de Black Friday: Millioune Leit hu sech wéi Oeko-Vandalen op d’Juecht no Pozenter gemaach, grad wéi wann et kee Klimachangement déit ginn! Fir echt Klimaaktivisten eng verdeiwelt Situatioun, déi just zu eppes ka féieren: nach méi radikal Positiounen, nach méi Extremismus!

Related posts

1 Comment

  1. Mario Dichter

    Dozou e passenden Artikel op méngem neien Blog: https://nues-am-wand.lu/programm-zur-klimarettung-geniestreich-der-politik/
    Hoffe mer, dass ech deen weider ënner “Satir” an “Fiktioun” ka laafen loossen!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *