am Februar hat ech en Artikel geschriwwen, mam Titel: Europawahlen: ee Witz, eng Farce? Dräi Méint méi spéit weist sech, datt ech deemols staark ënnerdriwwen hat!
Bis dato waren déi Wahlen bei eis am Land ëmmer ënnergaangen am Gewulls vun den Nationalwahlen. Deementspriéchend grouss war dann och d’Participatioun, ma, et konnt virkommen, datt een um nationale Wahlziedel deenen engen an deenen anere Kandidaten eng Stëmm gouf, an dann hoergenee deenen nämmlechten fir d’Europawahlen. Dacks huet een dat Spillchen mattgemach, obwuel ee wosst: den Här “x” oder d’Madame “y” gi jo bestëmmt Minister, eigentlech hätten si näischt op der Europalëscht verluer. An deem Sënn ass et schonn méi éierlech, wann elo d’Nationalwahlen vun deenen Europäeschen getrennt sinn.
Mä, wat ir eng Péng?! Ech schreiwen dës Zeilen Enn Abrëll. An der Bréifkëscht hat ech bis dëse Weekend just eng Mini-Broschür vun der LSAP- 12 Säiten déck. Iwwer den Inhalt léisst sech streiden, ma op der leschter Säit gëtt ee gewuer – oder kritt ee widderholl-, datt et der LSAP ze verdanken ass, datt den 9. Mee zu Lëtzebuerg en neie Feierdaag ass, e fräien Dag also fir un Europa ze denken, a virop un de Fridden; well, Europa, dat ass e Friddensprojet, seet de Kandidat Marc Angel.
Fir de Räscht hunn ech an de Stroossen déi éischt kleng Portrait gesinn hänken, vill Charel Goerens a Monica Semedo, ënnendrënner verschiddentlech d’ADR, déi sech bretzt, nach méi demokratesch ze sinn, an dat ass et dann awer och schonn.
Europa, kee staarkt Stéck Lëtzebuerg? Ech ginn ze bedenken, datt d’Parteien nach bis de 4. Mee inclus wéinst der Staatstrauer net däerfen ze vill mat de Féiss schären – souwisou as den 1. Mee den Dag vun der Aarbecht-, datt mir den 9. Mee, um fuschneien Feierdaag eis éischter fir d’Grillwurscht interesséieren, ewéi fir d’Politik, an datt esou maximal 20 Deeg iwwereg bleiwen, fir e bësselchen op d’Trommel fir Europa ze schloen. Net ze vergiessen déi zig-dausende Leit, déi Pëngschten an d’Vakanz fueren, déi also Gebrauch maachen vum Vote par correspondance, an zwar zu engem Ablack, wou d’Campagne, wann et dann eng sollt ginn, nach guer net richteg lancéiert ass. Kolossal! Phantesimalesch! An dat an engem Grënnungsland vun der europäescher Iddi! Mä, mir hu jo den europäesche Feierdag…
Den Asaaz ass jo och butzeg! Wat bedeit dat schonn, 6 Sëtz am Europaparlament ze gutt ze hunn?! Et gesäit mir bei de Parteien éischter duerno aus, ewéi gutt Minn zu béisem Spill ze maachen, et mécht ee matt, well ee ganz einfach muss! Och an de Medien bis ewell rose wéineg bis näischt, et bleift bal kee Sputt fir Ronndëschgespréicher. An awer wäert och déikéier d’Nationalpolitik mat an d’Europawahlen era funken: ween op nationalem Plang onzefridden ass mat enger Partei, wäert déi kaum op europäeschem Niveau wolle stäerken. Besonnesch interessant bleift do ofzewaarden, wéi déi gréissten Oppositiounspartei ofschneid: D’CSV -ëmmer mat Juncker, Santer, Werner – huet aus de gudden alen Zäiten ëmmerhinn dräi Sëtz ze verdeedegen. Si selwer geet dervunner aus, datt op d’mannst ee Mandat verluer geet. Hir Lëscht ass net onbedéngt déi Stäerkst, well et gouf op lauter nei Käpp gesaat, an et ass net onbedéngt dermadder ze rechnen, datt sech dat bezuelt mécht. Dat kënnt derfunner, wann ee sech vun de Medien dreiwe léisst, fir sech absolutt ze erneieren, nom Motto vum Wäschpolver: zwingt grau ‘raus, weiss rein!. D’Sozialisten hu wéinstens den Nicolas Schmit, an den DP-Mann Goerens ass ëmmer nach beléift.