Recent Posts

Post Categories

Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...
Mario Dichter: nie wieder? 
50 Milliarden €, vornehmlich erwirtschaftet aus unser aller Arbeit und damit Lebenszeit, macht die „Europäische Union“ in den nächsten Jahren...

Blog Post

Innepolitik

De Gibéryen verhonndst der Regierung de Cortège! 

De Gibéryen verhonndst der Regierung de Cortège!
image credits: youtube

den ADR-Deputéierten war déi lescht Méint verdrësslech. Kee Wonner: hien hat eng Ausernanersetzung mam Parquet um Laafen, an zwar vu kengem aaneren, wéi vum Staatsminister Xavier Bettel. Dee Prozess ass elo gewonnen an de Mann huet nees méi Loft, fir ze ootmen. D’Geschicht ass déi heiten: de Gast kruut vun engem Informant verschidde Saachen zougedroen, an den Inhalt dovunner hat genuch Substanz fir  datt den ADR-Mann  de Staatsminister domatter konfrontéiert hat. Him blouf och näischt aaneschters iwwereg, dat gesäit d’Reglement fir Deputéierten esou vir: wann e Volleksvertrieder Informatiounen zougestach kritt, déi eventuell an de penale Beräich kéinte rutschen, ass de Politiker verpflicht, domatter op de Parquet ze goen.Dat gëllt och fir eng politesch Partei. Et geet also net drëm, ze klaapen, de leschte politesche Beschass ze bedreiwen! De Parquet gouf mat der Saach befaasst  . Esou wäit ass nach alles korrekt. Ma de Staatsminister frot de Gibéryen ëm d’Identitéit vum Informant, also mam Numm vun där Persoun erauszeréckelen, ma domatter war den Deputéierten net averstaanen, an esougouf eng Instruktioun géint de Politiker lancéiert. Dat geet natiirlech guer net! Ausser, et handelt sech wierklech ëm eng Fro vun der nationaler Sécherheet: da muss een all d’Informatiounen, déi een huet, weiderginn. Dat gëllt iwwregens och fir d’Presse: wann ech hei géing schreiwen, datt ech alles weess iwwer d’Bommeleeër, hätt ech bannent kierzester Zäit d’PJ virun der Hausdir stoen, an zwar net, fir beim Wuesméien ze hëllefen! De Gast huet déi Instruktioun mussen iwwert sech ergoe loossen, an huet mat Glanz a Gloria gewonnen! Hie gouf op der ganzer Linn fräi geschwat. Och en Deputéierten huet also Quelleschutz! Et stellt sech an desem Kontext allerdéngs d’Fro: wat fir eng Roll huet dobäi de Staatsminister selwer gespillt?

Wat d’Informatioun selwer ugeet: den Deputéierten war gewuer ginn, datt beim SREL eng Oflauschteraktioun gemaach gi war, an zwar fir d’éischt op legaler Basis; mä, wéi déi Autorisatioun bis ofgelaf wor, gouf net drunner geduecht, se ze verlängeren. D’Oflauschteraktioun wor e Mount laang illegal weider gefouert ginn. Schonn nees de SREL!

 

De Verdikt ass natiirlech en haarde Coup fir de Staatsminister, deen elo zimlech blöd do steet. Et war schonn aussergewéinlech, datt hien matt à l’origine vun där Instruktioun géint en Deputéierten stoung. Déi Démarche ass en absolutte Präzedenzfall. A wann een sech d’Geschicht durch de Kapp goe léisst, kënnt een zu der Konklusioun, datt si iwwerdimensionéiert war. Hei goung et wuel éischter drëm, den ADR-Spëtzemann politesch doud ze maachen. Wär hien schëlleg geschwat ginn, hätt hien ënner Ëmstänn fir 5 Joer mussen an de Bing goen; hien hätt och kënnen seng politesch Rechter fir 10 Joer verléieren. Elo mam Verdikt a leschter Instanz gouf hien op der ganzer Linn fräi geschwat an de Gibéryen weist mam Fanger op de Staatsminister….net zu Onrecht, wéi ech mengen.

Eppes Gutts huet dat geriichlecht Tëschespill awer nun dach: aus dem prononcé geet ervir, datt och e Staatsfonktionnär, deen un déi absolutt Diskretioun gebonnen ass, duerchaus kann d’Roll iwwerhuelen vun engem Whistleblower!

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *