Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: Die CSV und die irenische Formel 
“In dem Begriff soziale Marktwirtschaft liegt die Betonung auf dem Wort sozial.” Julius Raab Julius Friedrich Raab (* 29. November 1891 in St. Pölten, Niederösterreich; † 8....
Frank Bertemes: Grüne Friedenspartei? 
Viel ist schon gewonnen, wenn nur einer aufsteht und Nein sagt. – Bert Brecht –   Grüne Politik ist eine...
Lëtzebuerg am Klëppelkrich géint Russland? 
Den Ament sinn eng Partie Politiker der Hyperaktivitéit verfall. Si schwätzen esou wéi wa mir schonn am Krich mat Russland...
Thierry Simonelli: Die ewiggestrigen Pazifisten und die neue Demokratie 
Im „Manifest für den Frieden“, das inzwischen 936’000 Unterschriften in Deutschland gesammelt hat, schrieben die damalig noch Linke Politikerin Sahra...

Blog Post

Politik

SREL-Prozess: en Äerdbiewen am November? 

SREL-Prozess: en  Äerdbiewen am November?
Image parPeter Wolf de Pixabay

endlech geet et lass! Dräi (fréier) SREL-Mattaarbechter kréien a 7 Méint hire Prozess.Kloer, datt si dobäi hire point de vue duerleeën. Si hunn dat schon verschiddentlech an de leschte Joer probéiert, ouni allerdéngs de groussen Erfollech. Esou huet de Frank Schneider am leschte Summer – e puer Méint virun de Wahlen- dem Chamberpresident Mars di Bartolomeo per Dierwiechter eng sougenannte “Signification” zoukomme gelooss, an där hien sech fatzeg opreecht iwwer déi zoustänneg parlamentaresch Enquêtekommissioun -le comportement des membres ayant composé la commission d’enquête parlamentaire met à jour de graves erreurs respectivement démontre qu’ils ont transgressé le concept de gouvernance normalement admis et acceptable dans des conditions normales “de température et de pression”. De Frank Schneider iergert sech weider iwwer eng façon politicienne a verlaangt ënner aanerem d’Suspendéierung vum parlamentaresche Rapport, dee senger Meenung no net der Wouerecht entsprécht.

nouveau document 2019-04-22 11.08.51

E puer Méint méi spéit: nei Regierung, neie Chamberpresident an den 21. November zejoert koum de Verdikt vun der “chambre du conseil du tribunal d’arrondissement” an der sougenannter Affaire vum Appartement Gérard Reuter, an déi d’Hären Mille, Schneider, Kemmer a Kohnen involvéiert gewierscht wieren. De Verdikt ass en non-lieu! De Frank Schneider freet de Chamberpresident, dofunner Kenntnis ze huelen, kritt awer geäntwert, datt d’Parlament näischt vun esou enger ordonnance géing wëssen.

image credits:Guy Kaiser

Doropper d’Aentwert vum Schneider sengem Affekot, de maître Laurent Ries:

image credits: Guy Kaiser

2 11.32.04

Eréischt de 27. Mäerz  koum d’Confirmatioun vum Chamberpresident, datt och d’Héicht Haus am Besëtz vun där ordonnance wier, 4 Méint nom Verdikt- an dat am Zäitalter vum Computer!

nouveau document 2019-04-22 11.32.04

“… An engem Prozess ass ëmmer mat Iwwerraschungen ze rechnen ..”

De Frank Schneider hat och am Oktober 2015 plainte agereecht géint den Deputéiertem François Bausch, deen an der Zäit als Rapporteur vun der Enquêtekommissioun e bësselche vill an der Ëffentlechkeet gebabbelt a virun allem , op sengem blog ze vill geschriwwen hat. De Schneider huet an deenen zwou Instanze gewonn, ouni datt d’Ëffentlechkeet vill dofunner gewuer gouf a virun allem, ouni datt doriwwer e Pippcheswiertchen an de parlamentaresche Kreesser gefall wier! Et héiert ee just, datt den Deputéierte Bausch an der Tëschenzäit Minister gouf, an datt also d’Chamber sech net méi anzemëschen hätt!

 

Et ass kloer, datt d’SREL-Mataarbechter wäerte wëlle kloer maachen, datt si ëmmer nëmmen am Déngscht vum Staat geschafft hunn an datt si drop hiweisen, datt de juristesche Kader fir si deemols extreem flou war, Mä, si wäerten och hir perséinlech Interpretatioun maachen, an do dierften verschidde Politiker ziddereg Knéië kréien. De Frank Schneider léisst an där Significatioun un de Chamberpresident Mars di Bartolomeo soen: “ mais, soudainement, en 2012, une opportunité se présente dans l’ombre de l’affaire Bommeleeër. On décide de sortir une affaire bien connue par toute la scène politique auparavant à l’instar d’un deus ex machina en affichant un air choqué par ces soit-disant révélations d’un prétendu enregistrement d’une conversation entre Juncker et Mille, enregistrement entrepris par Mille, une affaire qui somme toute avait été traitée en long et en large par les instances de contrôle du service (SREL) en 2008 bien entendu. Dat ass u sech näischt Neits, et gëtt allerdéngs spannend, an deem Kontext d’Aussoën vun de SREL-Mataarbechter ze suivéieren, vun deenen ee kann ausgoen, datt si d’Fléi néitschen héieren!

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *