Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Logement

Léiw Architekten! 

Léiw Architekten!
Image par Miguel Á. Padriñán de Pixabay

ech weess! Dir hutt och Aert Kräiz ze droen! Reegelméisseg kritt Dir vun engem Promoteur den Optraag, aus engem alen Haus eppes Neits, eppes Modernes ze plangen, an zwar esou, datt et sech finanziell rentéiert. Banal ausgedréckt: do, wou bis ewell 4 Persounen en Ënnerdag haaten, solle spéiderhin iwwer 20 Leit kënne wunnen. Dir sitt Hexemeeschter! Aus engem Haus gi 6 Wunnechten! Bravo! Mat der grousser Wunnengsnout seet d’Land Ierch Merci.

Wat allerdéngs aus dem Buedem erauswiisst, ass dacks net schéin ze kucken, munnechmol lamentabilissimm. Natiirlech hutt Dir Recht, wann Dir mam Saaz kommt: “Les goûts et les couleurs ne se discutent pas!”, natiirlech fënnt een deen een oder aneren, deen esouguer den “neien Hamilius” schéin fënnt, ma ech ginn d’Impressioun net lass, wéi wann Dir Aer Zeechnungen op Pobeier bréngt, ouni Ierch déi geréngste Gedanken ze maachen ëm dat “Ronderëmt”; Dir maacht Aer Berechnungen, ouni Ierch d’Nopeschgéigend, de ganze Quartier unzekucken, fir dat “Aer Creatioun” herno och an d’Bild vun der Strooss soll passen.

ech leie méiglecherweis falsch, wann ech behaapten, datt Dir Ierch zu 99 Prozent op den ‘intérieur’ konzentréiert. Effektiv léisst et sech dacks an de moderne Wunnechten besser liewen ewéi an deenen alen, déi esouguer dann,

Image par Jean van der Meulen de Pixabay

wa se manner Quadratmeter hunn, méi Wunnraum hirginn. Mä den ‘extérieur’ ass awer och eng wichteg Etikett, fréier eigentlech de ganzen Houfert vum Architekt. Déi Kanéngerchersställ déi haut gebastelt ginn, gläichen een deem aneren, hätte vun egal wat fir engem Architektebureau kënne “ge-thinktanked” ginn.

Modern Appartementshaiser sinn dacks fir sech eleng schonn net schéinn, si si gräisslech, wann se als Këscht niewt deenen aneren Haiser aus enger fréierer Zäit stinn. Seele gëtt dat en harmonescht Bild of, op Lëtzebuergesch seet een dofir” “et jäitzt”, wat esou vill wëll heeschen, ewéi: et mécht all eis Sënner am negative Sënn wakreg, et deet wéi an den Aan, et päift aus den Oueren, et flucht!. Et gesäit sou aus, wéi wann Dir souwisou géingt derfunner ausgoen, datt déi al – ma dacks schéin Braken- och misste verschwannen, fir déi nächst Fléikëschten!

 

dir kommt och gäre mat der Pyramid virum Louvre geschäert, als Beispill, datt sech Modernes an Aales net géigesäiteg ausschléissen. Ganz richteg! Da maacht aus der Theorie Aer alldeeglech Praxis!

Image par Edi Nugraha de Pixabay

Oder ass et Ierch ieren egal?! Dir hutt bestëmmt matkrut, datt sech Leit zesummendinn, fir géint d’Ofrappen vun alen Haiser ze protestéieren. Villäicht wieren dës Leit manner opbruecht, wann si d’Hoffnung hätten, datt dat neit Gebai op d’mannst grad esou schéin gëtt wéi dat, wat ofgebaggert gëtt, well net alles, wat aal ass, ass automatesch och schéin. Et ginn duerchaus al Haipercher, wou e frou ass, wann se fort sinn.

D’Laascht fir Ierch, léiw Architekten, ass esou schwéier, datt Dir bal dorënner zerbriecht! Absolutt Prioritéit huet d’Erausfuerderung, méi Wunnraum ze schafen. Mä, Dir sollt Ierch awer och bewosst sinn, datt mat all neiem Gebai d’Bild vun der Stad – oder och vun enger Gemeng- duerchaus ka méi ellen ginn, jo “verschassen”, an zwar nohalteg!

haalt op, ëmmer déi nämmlecht Fassaden ze maachen a sidd mol kreativ, wat d’Fuerwen ueblaangt. Virun 20 Joer gouf all nei Creatioun vun Ierch Wäiss mat Rout gepinselt; déi lescht Joer ass e bësselchen Wäiss mat Brong ganz modern, oder esouguer mat Schwaarz. Da gesäit ee wuel net esou séier den CO2-Dreck, oder de grénge Spoun, dee vu bannen erauszitt, well et Feeler goufen an der Berechnung vun der Fiichtegkeet am Passiv-Haus.

Image par Free-Photos de Pixabay

Wat soll dee Blödsinn, Balkonen ze bauen, déi just grouss genuch sinn fir en Chiwawa, mat Sécherheet net fir eng méi korpulent Persoun?! Et sief, et huet eppes mat der Berechnung vum Präiss ze dinn!

Wéi gesot, Dir sollt Ierch, léiw Architekten, bewosst sinn iwwer Aer duebel Responsabilitéit: Wunnraum schafen an zugläich eng Invitatiounskaart hannerleeën fir Aer Stad!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *