Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Innepolitik

Politesche Mediecoup! 

Politesche Mediecoup!

D’Ministesch Sam Tanson huet also e Bréif publizéiert, deen hir anonym zougestallt gi war. Doranner gëtt si wéinst hirem ‘outfit’ kritiséiert. D’Madame- déi kuerz Zäit Journalismus gemaach hat- wosst, wat si géing areechen: eng breet Majoritéit vun de Leit ass nämlech duerchaus der Meenung, datt jiddereen, jo esouguer eng Politikerinn, sech däerf kleeden, wéi si/hie wëll. Si wosst, datt si d’Leit hannert sech hätt, a virun allem, d’Presse. Mëttwoches publizéiert een esou eppes, dann hunn d’Ex-Kolleegen vun RTL Zäit, e Commentaire driwwer ze maachen, a wann dat net de Fall ass, bleiwt ëmmer nach dem Räscht vun der Press Sputt genuch, doropper ze reagéieren, sech an der Sonn vum – an desem Fall:berechtechte Mainstream ze bräunen. D’Madame Tanson soll roueg hiert Hoer esou kuerz an esou gro droen, wéi si dat fir richteg fënnt.Haaptsaach, si fillt sech wuel. Mä, dorauser elo e Spektakel ze maachen, de Bréif an hir Aentwert un d’ganz Press weiderzeginn, ass dach iwwerdriwwen. Si stellt sech an d’Vitrine als weiblecht Affer vun enger archaiësch patriarchalescher Gesellschaft, mam dubiéise Message: “Kuckt mol, mat wat mir Fraen et ze dinn hunn!”. Iwwer männlech Politiker gëtt jo just iwwewr d’Fuerf vun deenen hirer Cravatte geschwaat.

Viru 6 Joer war eng sms vum Marc Spautz an d’Ëffentlechkeet gerooden. Si war un en aanere geduecht, ma goung dommerweis un d’Corinne Cahen, un d’Ministesch, déi seng Nofolgerin war. Peniebel, an et war normal, datt doriwwer an der Ëffentlechkeet de Spunnes gemaach gouf. Schadenfreude schéngt déif am Mënsch verankert ze sinn, d’Geschicht vun der Banane beim “Décken an Dënnen”. Ma d’fuite vun der sms war natiirlech d’Ministesch. Datt iwwer de Spautz gelaacht gouf, war normal, ma eigentlech hätt et och e Shitstorm musse ginn géint d’Ministesch, déi jo kloer d’Bréifgeheimnis violéiert hat. Awer,wéi gesot, d’Geschicht vun der Banane sëtzt déif an eis.

Trotzdeem: verschidde Saachen hält ee vir sech, et gëtt een se op kee Fall un d’Ëffentlechkeet, nëmmen, fir dorauser (politesche) Profit ze schloen. Ech hunn och där smsën vu Politiker, déi net fir mech geduecht waren; iergendwou an der icloud hänken se wuel! Et wäert jo alt net mat reenen ufänken….

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *