mir liewen a gelungenen Zäiten! Mir sinn am Krich, kréie mir erzielt a mussen eis un d’Ausgangsspär vun 9 Auer Owes halen bis mueres um 6. Déi eng stéiert et méi, déi aner manner. Mir mussen eng Mask um Gesiicht droen, grad wéi wann permanent Fuesent wier. Et ass fir eis selwer an och déi aner ze schützen, kréie mir gesot a mir halen eis gréisstendeels drun. Et ginn Gesetzer op den Instanzewee geschéckt, mat deenen op en Hoer den Denunziantentum zu enger staatlech veruerdenter Obligatioun gi wier. Déi lescht 10 Méint si mir un esou vill Komesches gewinnt ginn, datt mir eis mol net sonnerlech iwwert esou eng Ongeheierlechkeet opgereegt hunn!
D’Grondrechter goufen ausgehillegt. Engem bei der Begréissung d’Hand ginn, ass scho bal eng Frechheet, eng Persoun frou an den Aarm huelen eng fatzeg Illegalitéit. Mënschlech Wäermt ass net gefrot, mir sollen matenaner op Distanz goen. Bomi a Bopi musse kucken, selwer eens ze ginn, grad wéi déi lescht 80 Joer!
Millioune Leit eleng an der Europäescher Unioun hu schonn hier Aarbechtsplaz verluer. Millioune Jugendlecher hunn berufflech e verluerent Joer hannert sech: schlechte Studium, schlecht Chancen,eng Léier- oder eng Schaffplaz ze fannen!
Mir kréien gesot, et ass alles nëmmen provisoresch, bis de Krich eriwwer ass. Ech denken un de franséische Spréchelchen: ce n’est que le provisoire qui dure! An ech luussen eriwwer op Spuenien, wou d’Regierung ënnert bloem Himmel a grénge Palmen scho bal houfereg matdeelt, datt an Zukunft e Fichier iwwer Leit opgemaach gëtt, déi de Vaccin refüséieren. Alles wierklech just provisoresch? Dee Fichier soll an der Zesummenaarbecht mat aneren europäesche Länner entstoen. Och mat Lëtzebuerg? Ech hoffe jo alt net!
U sech sinn ech frou, eng Plaz an eiser Schong-Natioun geschenkt krut ze hunn, an net a Polen, Ungarn, China. Do géing ech fir meng munchmol kritesch Iwwerleeungen verfollegt ginn, wär menges Liewes net méi sécher. Ma och am gemitterleche Lëtzebuerg sinn kritesch Gedanken wéi Hief fir d’Demokratie! An deem Sënn wënschen ech deem, deen ech net kennen, ma deen des Zeile liest, e frout Neit Joer, ob mat oder ouni Pick, 12 Méint mat Häerz a Verstand, mat Sënn a Sënnlechkeet, mat Spaass a Freed, a gudder Gesondheet a mat deem néidege Schotz Gléck!
An der Hoffnung, datt d’Grondrechter am Laf vun dësem Joer nees hirgestalt ginn, spéngelen ech hei ënnendrënner dem Paul Eluard säi Gedicht iwwer d’FRÄIHEET un als zousätzlech Lecture. Et ass aus dem Joer 1942.
BLEIWT DOHEEM? ESOU VILL WEI MÉIGLECH.
MA BLEIWT VIRUN ALLEM KRITESCH!
Sur mes cahiers d’écolier Sur les pages lues Sur les images dorées Sur tous mes chiffons d’azur Sur les champs sur l’horizon Sur la mousse des nuages Sur les sentiers éveillés Sur la lampe qui s’allume Sur toute chair accordée Sur la santé revenue |