Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Logement

Hoffnung fir d’Stater Geschäftswelt? 

Hoffnung fir d’Stater Geschäftswelt?
Image par Foundry Co de Pixabay

D’Situatioun ëm d’Stater Geschäftsleit ass schonn zanter Joer ugespaant an huet sech mat der ablécklecher Kris weider verschlechtert. Virun der Pandemie hat ech eng 40 Geschäfter gezielt, déi deen Ament eidel stoungen. Nëmme wéineg hunn an där Zäit bis haut en neie Locatär fonnt, anerer, zum Deel grouss Geschäfter hu Raute gewénkt a probéieren hiert Gléck op där sougenannter grénger Wiss. Schold sinn gréisstendeels déi héich Loyer.

Mä wéi esou dacks, huet eng Kris och hir gutt Säiten, souzesoen positiv Kollateralschied. Eng Partie Proprietären hunn nämlech agesinn, datt et kee Sënn mécht, de Locatär mat engem ëmmer méi héije Loyer ze kujenéieren, bis datt hien Faillite mécht an d’Verkafsfläch Méint laang, munchmol Joer laang eidel steet.

Image par Alterio Felines de Pixabay

Et ginn esouguer där vun der Zort vun de Barmherzigen Ritter, déi hirem Locatär de Loyer wärend dem Confinement  nogelooss hunn an op en arrangement à l’amiable setzen, wann d’Zäiten besser ginn. All Respekt! Déi ganz Situatioun huet dozou bäigedroen, datt d’Loyer an der Stad an op der Gare am gaange sinn, zeréckzegoen, an zwar substantiell. An do kënnt d’Politik vun der blo-schwaarzer Koalitioun um Knuedler an d’Spill, endlech!

“…D’Gemeng Lëtzebuerg als Regulateur vun de Präisser?…”

Der Gemeng gehéieren elo schonn iwwer 50 Haiser, respektiv Verkafsflächen, déi si verlount zu engem méi wéi verstännege Präis. Engem grousse Patron wéi der Gemeng ass de Loyer net esou wichteg ewéi d’Konzept vum Locatär, an anere Wieder: de Projet vum Geschäft muss Iwwerliewenschancen hunn. E Buttek, dee gréngen Téi verkeeft, riskéiert net den Zouschlag ze kréien, wann et zeg änlech Geschäfter an den direkten Alentoure gëtt. Wann awer d’Konzept bis akzeptéiert ass, gëtt sech iwwer d’Héicht vum Loyer gëeenegt.

50 Geschäfter sinn der vill, awer net genuch. Elo allerdéngs wou d’Loyer am gaange sinn, kräfteg zeréckzegoen, ergëtt sech fir d’Gemeng en neie Wee: si gëtt Locatär vun engem Geschäft a gëtt d’Verkafsfläch a sous-locatioun fir e manner héije Präis weider. Dat kascht natierlech Geld, ma eng Partie Proprietären si bereet, mam Präis erofzegoen, ëmsou méi, wou si mat engem Patron wéi der Gemeng e “sécheren”, dat heescht finanzkräftegen Locatär fonnt hunn. De Loyer ass also an dréchnen Dicher, an dat iwwer Joren.

Image par Tobias Heine de Pixabay

Éischt Kontrakter sinn am gaangen, ausgehandelt ze ginn. Eng Amëschung vun der ëffentlecher Hand an d’Privatwirtschaft, déi Sënn mécht. Villäicht sinn d’Deeg vun de “Geschäftslücken” gezielt – all puer Meter eng plakeg Vitrinn mat fette Buschstawen: à louer?!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *