de Klima op der Welt huet eng Konstant: hie verännert sech permanent. De Mënsch dréit Säint dozou bäi, an zwar op déi verschiddenst Manéieren-schéngt ës mol. Eng rezent Etude confirméiert Etudën vu virdrun: ëmmer méi propper Loft suergt fir ëmmer manner haart Wanter! Déi Etude kënnt vu Wëssenschaftler aus dem California Institute of Technology. Sie erënneren un déi méi stramm Wanter während a virun allem noom zweete Weltkrich; den europäesche Kontinent huet musse komplett nei opgebaut ginn, virun allem Däitschland, wou et dat bekanntent Wirtschaftswunder gouf. Dat huet näischt aneschters bedeit, datt déi industriell Produktioun extreem geboomt huet. An aus de Schaaschtercher ass puren Dreck komm, Filter goufen et nach net, respektiv hate keng Prioritéit.

D’Loft gouf duerch sougenannten Aerosolen verknascht; si absorbéieren d’Sonneliicht an droen derzou bäi, datt méi Wolleken um Himmel entstinnn. An dat wär d’Explikatioun fir déi wierklech kaal Wanter an de 60-ger an an de 70-ger Joer. Duerno hunn déi westlech Industrienatiounen ugefaangen, Filteranlagen op d’Kamäiner ze setzen, d’Autoen kruten e Katalysator, d’Heizungen goufe méi performant etc. Mam Fall vun der Berliner Mauer gouf d’Industrie am fréieren Ostblock lues a lues erneiert an och méi ëmweltgerecht.
manner Konzentratioun un Aerosolen, manner Wolleken, méi Sonn. Déi amerikanesch Wëssenschaftler vum California Institute of Technology refuséieren dobäi net d’Theorie vum Zäreneffekt, gesinn allerdéngs hei eng Komplementaritéit. A si kommen zu enger bosseger Konklusioun: an Europa wier d’Loft an der Tëschenzäit esou propper, datt sech net méi vill Fortschrëtter ze erwaarde wären. An dat géing heeschen, datt wéinstens um ale Kontinent net méi mat enger weiderer Erwäermung ze rechne wier. Et bliff allerdénsgs d’Situatioun am Nordosten vun Asien ofzewaarden.
Hei de Link zu där Etude :
Manner Stëbs an der Atmosphäre bedeit och manner Schnéi, virausgesat, d’Temperaturen sinn niddereg genuch. Op Wissen.de liest sech dat esou:
Damit sich Schnee bilden kann, muss die Luft zunächst einmal ausreichend Feuchtigkeit enthalten. Lagern sich Wassermoleküle dann an sogenannten Kristallisationskeimen an – zum Beispiel kleinen Staubpartikeln – und beginnen zu gefrieren, entstehen Eiskristalle. ”
Un eis alleguerten, déi mir net Wëssenschaftler sinn, ass et, sech eng Meenung dorauser ze maachen. Net esou einfach!