Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Aussepolitik

Krich a Fridden an Europa? 

Krich a Fridden an Europa?
wikipedia

Däitschland ass politesch an enger Katastroph! Zugläich d’Europäesch Unioun.  Déi gutt al Volleksparteien ewéi CDU an SPD hunn ausgedéngt, si daachen näischt méi, sinn depasséiert vun den Evenementer. Idem fir déi Gréng an déi Liberal, déi an enger Ampel-Koalitioun voller Widderspréch ewéi paralyséiert sinn. Eng Regierung déi keng ass.! Si gëtt weder de Baueren eng Äntwert, nach de Zuchchaufferen, de Camionschaufferen, den Hausdokter, de Piloten vun der Lufthansa asw. Si all sinn onzefridden an hätte gär méi Fric. Berechtegt oder net? D’Schan bei der Saach ass, datt praktesch kee Minister mat hinnen bis ewell Kontakt opgeholl huet.

De Kanzler Olaf Scholz geet all Konflikt aus de Féiss an esou féiert hien am Léifste Selbstgespréicher.

Bundeskanzleramt

Nëmmen näischt thematiséieren, scho guer net, datt d’Industrienatioun par Excellence zejoert e PIB hat vun 0,3 Prozent an der Baisse. Russland par contre iwwerlieft déi europäesch Sanktioune mat engem BIP vun 3,6 Prozent an der Hausse. Vun esou enger politescher Schwächt – wann een iwwerhaapt nach ka vu Politik schwätzen!- profitéiert natierlech eng Alternative für DeutschlandDéi Partei koum 2017 eng éischte Kéier an de Bundestag  an ass zanterhier reegelméisseg geklommen.

Fir dëst Joer gëtt si matt 22 Prozent vun de Stëmme fir d’Europawahle kreditéiert. Dobäi verstoppt si ëmmer manner hir Radikaliséierung. Dat versprécht eng gëfteg Ausernanersetzung an der Politik.

pech trotzdeem fir si, well si gouf duerch hir “Remigratiouns”- Pläng grad an de leschte Wochen mat Monster-Demonstratioune komplett ausernee geholl. Esou goungen  Lokal-Wahlen an Thüringen a leschter Sekonn verluer.

D’AfD ass an Däitschland bei wäitem net méi eleng als Protestpartei! Dee leschte Chrëschtdag huet d’Sarah Wagenknecht – bis viru Kuerzem nach bei deene Lénken-  eng nei Gruppéierung an d’Krëpp geluecht. D’Partei op hire perséinlechen Numm. gedeeft, soll wirtschaftlech um lénke Bord situéiert sinn, politesch op deem rietsen, also nationalistesch, sozialistesch. Si huet elo scho grousse Schued a Kreesser vun der Gauche hannerlooss.

Bundestag

Am Januar huet de Strammrietsen Hans Georg Massen d’WERTEUnion aus der CDU als Partei ëmtransforméiert. Déi politesch Landschaft zergrimmelt crescendo, grad zu engem Ablack wou de Bierger ëmmer méi Schwieregkeeten huet, sech vun der Politik vertrueden ze fillen, zu engem Ablack och wou déi politesch Eenheet a Solidaritéit méi ewéi jee gefrot sinn.

An der Europäescher Unioun gouf mat der Ukrain déi Eenheet bis op d’Messerspëtzt gedriwwen. Dem Putin ass et wuel kaum entgaangen; feelt nach just den Trump; deen huet jo scho mol mat de Bengelen op seng Blechtrommel geschloen! Wou bleiwen déi eng Millioun Granaten déi der Ukrain versprach goufen? Am Mäerz eréischt gëtt geliwwert an nach nëmmen d’Halschecht!

D’Hëllefsverspriechen un d’Adress vu Kiew waren tëscht dem leschten August an Oktober esou déif ewéi nach ni virdrun. Zanter dem Ufank vum Krich war et e Minus vu 87 Prozent! D’Zäiten si längst eriwwer, wéi -och zu Lëtzebuerg- d’Ukrainesch Flüchtlingen net mat hellgréngen Tapéiten empfaangen an ënnerbruecht goufen, mä mat schnéiwäissen, fir si net zousätzlech ze traumatiséieren. D’Europäesch Unioun huet elo weider 50 Milliarden Euro fir de Krich géint Russland deblockéiert, eng Enveloppe déi net nom Goût ass vu Jidderengem.

Et gëtt gesot, d’Ukrain misst gehollef kréien, finanziell, militäresch, well wann dat Land ënnergeet, wär d’Europäesch Unioun am Viséier vum Putin. Dozou déi heiten Iwwerleeungen:.

Wikipedia

Sollt den Tyrann tatsächlech eng Offensive géint en europäescht Memberland lancéieren, da stéing den Drëtte Weltkrich direkt virun der Dir: EU an NATO stinn deem Land dat ugegraff gëtt, mat alle Mëttele bäi. Mat allen ? Bis ewell ass et net déck. Net militäresch, well déi ganz Europäesch Unioun huet knapp  4350 Arméipanzer. Zur Erënnerung: zu Kursk war virun 80 Joer déi bis ewell gréisste Panzerschluecht: schonn deemools stoungen sech iwwer 8000 där Maschinnen géintiwwer.

Et fält an der Statistik op, datt een éischter aarmt Land wéi Griechenland mat 1365 Stéck bei wäitem am meeschten där Krichsmaschinnen huet, 5 mol esou vill ewéi Däitschland mat 266. Kloer. Panzer ass net gläich Panzer an déi vun haut si mat deene vu fréier scho guer net ze vergläichen. An trotzdeem: sollte mir eis tatsächlech vun der Tsarennatioun bedreet fillen, missten d’Europäer hiert Lous selwer an d’Hand huelen. Militäresch an och finanziell.

50 Milliarden Euro fir d’Ukrain, dat héiert sech no schwéierem Goss un. Ass och net grad wéineg an nawell mécht déi Enveloppe just 0,025 Prozent aus vum EU-Budget 2021 bis 2027. Do bleift vill Loft no uewe fir engersäits den Ukrainer bäizestoen, anerersäits eis Verdeedegung selwer ze preparéieren. Virun dësem militäresche Geméchels misst et allerdéngs eng Groussoffensive ginn vun der europäescher Diplomatie.

De Krich an der Ukrain spillt sech um europäesche Kontinent of, also ass et un den Europäer d’Heft an d’Hand ze huelen, zousätzlechen Drock op de Kreml ze maachen an zugläich Friddensmissiounen ze lancéieren. Grad déi Enveloppe ass inexistent! Den Ament gesäit et éischter duerno aus, wéi wann een d’Ukrain géing lues ausbludde loosse fir um Enn dach kënnen ze behaapten: mir hunn alles probéiert! Domm just, datt an där Zäit vill Leit onnëtz hu mussen hiert Liewe loossen…

Related posts

6 Comments

  1. Frank Bertemes

    Yes, Sir! Eng pertinent Analyse vum Ist- Zoustand. ‘t muss ee jo bekanntlech viirsiichteg sinn, wann ee sech mol mat Russland méi objektiv ausernanersetzt – ‘t ass ee jo séier ee Putin-Frënd an Amerikafeind – am Fall vum Armand Clesse (d’Affaire steet iwwregens viru Geriicht!) a menger humbler Persoun gi mir zwee jo (sou ee freche Liederbréif am Wort) “vun de Russen bezuelt”…o mei, wéi jämmerlech, wéi do een “Ethiker” a “Limousinsziichter ” ze wësse mengt! All Mount 2000 Euro an eis Täsch , mengt deen Ignorant ze wëssen. Totale Blödsinn! Egal wéi, mir EU-Länner mengen tatsächlech ee Land, dat 17 Millioune Quadratkilometer Fläch huet an esou zimlech iwwer all méiglech natierlech Ressource verfügt, dat eng absolut stabill Regierung huet (ob dat eis elo gefällt oder net) an dat well zanter 2014 op all méiglech EU-Sanktiounen virbereet ass, ënner Drock setzen ze kënnen ? A jo, rëm gesot, ‘t wär gescheit gewiescht, wann Däitschland sech net beiire gelooss hätt a weider seng wirtschaftlech Relatiounen mat Russland ausgebaut hätt – just et huet leider geknuppt, Nordtream 2 ass vun den Norweger als Handlanger vun den USA gesprengt ginn – offiziell natierlech weess keen eppes…Duerfir – an dat huet dee “schweigenden Olaf” rezent am Bundestag vu sech ginn, wëll Däischland elo endlech mat de Fransousen de Lead an Europa iwwerhuelen an tatsächlech EU-Streitkräfte opbauen – soll ee wierklech de Versuch ënnerhuelen, sech vun den USA z’emanzipéieren? Den Optrëtt mat drohendem Debakel vum Donald Trump erliichtert d’Saach wuel…Mir sollen also weiderhinn mat alle Mëttel eng zum Deel russësch Ukrain, total korrupt, ouni iergend eng fonctionéierend Demokratie verteidegen?? Majo, dat soll dann eis héichintelligent EU-Politkast, déi souwisou all Glaafwierdegkeet verluer huet, decidéieren – mä frot emol, wat dat “tumbt Walvollék” vun all deene Milliarden hält, déi do an d’Waffenindustrie gepompelt ginn….Erwächt dach endlech an haalt op mat dreemen! All déi rechtslasteg Parteien laachen sech an d’Fäischtchen a kréie Stëmmen, ouni iergend eppes ëmzerappen – Wat soll dat??

  2. Jean

    Dat ganz gedeesems em d ukrain geet mer vun ufank un fatzeg op den nerv.
    War et e problem fir Letzebuerg wei et keng onofhaengeg ukrain gouf an dest gebitt deel vum russesche reich\sowjetunioun war?
    Ech mengen net.
    Wann dat e problem fir ukrainer war oder sollt sin …da mussen dei selwer kucken dat ze reegelen.
    Absolut grotesk dass maer hei mussen solidaresch mat daer provenz sinn an och nach mussen hire krich finanzeieren…grenzen goufen nach emmer gereckelt an der geschicht an hei ass eppes wou mer sollen eis fangeren ewech halen.
    Mer meschen ons jo och net an wann dei anscheinend ennerdreckt katalanen oder basken vu spuenien welle lass kommen.
    Oder huele keng sanktiounen geint Israel wann dat Gaza platt bombt.

  3. Jean

    @bertemes
    Interessant dass de limousinszichter iech beschellegt 2000 euro de mount ze kreien😀
    Wee wees wat de mann vu sengem politesche sponsor kritt…sou en elevage ass jo net belleg.

  4. Frank Bertemes

    ‘t ass scho bal lächerlech, wann een als humble Schreiberling aus dem Grand-Duché esou eng Wichtegkeet sollt hunn, datt ee vun de “Russe bezuelt” kéint ginn. Wou kann een esou een Irrsinn an engem Lieserbréif vu sech ginn? Russland ass ee Land, dat sécherlech ni eng “liberal Demokratie” war oder wäert ginn – grad esou wéineg wéi d’Ukrain iwwregens, déi an deem Sënn absolut keng Critèren fir een EU-Bäitrëtt erfëllt. Ech géif all Mënsch d’Lecture vum Emmanuel Todd sengem erklärende Buch “La défaite de l’Occident” empfeelen, do kann e vill draus léieren…An an deem Sënn ass all weidere Commentaire vu mir total iwwerflësseg…Bedauerlech just, wéivill Desinformatioun a (gewollten) Ignoranz vun de Fakten hei sou besteet. Eppes sollte mir nimools vergiessen: ‘t ass fir eis Zukunft irresponsabel , voire geféierlech, sech et mat Russland ze verdierwen, an duerfir brauch ee kee “Putin-Frënd” oder Amerikafeind zw sinn – mä just eppes: ee Realist!

  5. Neckel

    Moien, eng Fro dei sech stellt, ass op d’Croissance vun der russescher Econmie nohalteg ass, et ass eng Krichswirtschaft, daat heescht dei Croissance vun der Economie berout op der Hausse vun der Waffen an Munitiounsproduktioun, also vun sougenannten “Verbrauchsgidder” dei keng Plusvalue brengen, mà waat zersteiert oder verschoss ass, ass fort. Wei laang d’Russen daat aushaalen, keng Ahnung, daat missen Economisten kucken, an dobai och berücksichtegen wou de Budget bei den Russen gekierzt gett. Dass dei daitsch Regierung nawell keen gudd Bild oofgett ass kloer, nemmen Diskussiounen, oneenegkeet, keng Strategie, waat fir daat Land eng Schaan ass.
    Effektiv muss Europa sech nei opstellen, an der Défense, och an der Economie an sech unpassen un d’Gegebenheeten vun der Weltpolitik. Am Fong misst Europa sech zu enger Weltmuecht entweckelen, sierf daat um économeschen wei um militäreschen an kulturellem Plang. Dofier muss een vlait och matt aalen Regelen briechen, et muss een sech clever weider entweckelen an net dreemen oder hoffen, dass een Aaneren daat fir eis mecht.
    Mir vertrieden eis Welt, eis Kultur an mussen och prett sinn, des ze verteidegen an wann daat och nemmen an Form vun Oofschreckung fir Tyrannen ass.
    Europa ass schon baal gezwongen fir der Ukarin ze hellefen fir net an dei russesch Aflosssphär ze geroden, do ass d’Liewensqualiteit jo wahrscheionlech net wei bei eis oder eise Noperen.
    Am Verglaich zum PIB vun deenen 50 Lànner dei d’Ukrain materiell an finanziell ennerstetzen, ass weineg Geld investeiert gin.
    Wei en Prais muss een bezuelen fir dass Fridden herrscht. De kaale Krich hued et gewisen, zwee staark Bleck hun dozou gefouert, dass d’Angscht virun deem Aaneren sou grouss war, dass et net zum bewaffneten Konflikt komm ass. Leider schengt daat am Moment dei eenzeg Meiglechkeet ze sinn, fir dem Imperialismus Meeschter ze ginn.
    An wien historesch gekuckt gesinn huet wei verschidden Imperialisten sech an de Kolonien beholl hun, dann weess een, waat op dei Lànner dei do annekteiert gin duer kennt.
    En Realist

  6. Frank Bertemes

    Realistësch gesinn ass d’Zäit vum “Kale Krich” fir de Putin, deen de Verfall vun der Sowjetunioun als ale KGB-Mann bekanntlech ni acceptéiert huet, net riwwer, an de Stellvertriederkrich , deen an der Ukrain leeft, ass fir d’Ukrain net ze gewannen. Russland huet sech mat am Ufank 120 000 Zaldoten zréckgehal an zitt d’Schrauw elo un. De Putin huet allerdings een demografësche Problem, et goufen ëmmer manner Kanner gebuer, mä seng Muechtpositioun ass (nach) weiderhinn gefestegt-ob dat allerdings iwwer ee laangen Zäitraum erausgeet, ass eng aner Fro…A jo, Europa ass faktësch gezwongen, sech selwer militärësch efficace opzestellen a ka sech op de grousse Chef USA, dem Leader vun der NATO , wuel net méi verloossen – dem Scholz seng Téin am Bundestag beweisen dat. Riskéiere mir eventuell domat och erëm d’Aféiere vun der Wehrpflicht? Mir stinn egal wéi am Ufank vun engem “big change” an der Weltpolitik engem “Great Reset”, wou d’Kaarten vläicht ganz nei gemëscht ginn a wou mir Europäer eis wierklech anständeg musse positionéieren, fir net dee grousse Verléierer op der ganzer Linn ze ginn. Sollen eis Politiker mol beweisen, wat si drop hunn a firwat fir een Europa si iwwerhaapt stinn. Dozou ee provokante weidere Buchtipp: “Politiker-Patrioten- Profiteure: Wer führt uns Europäer an den Abgrund’?” Haut sti mir vläicht just nach ee Schratt virdrun-si muer ee Schrëtt weider??’

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *