Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Aussepolitik

Déi giel Gilets fänken un, blatzeg ze ginn! 

Déi giel Gilets fänken un, blatzeg ze ginn!

De mouvement “gilets jaunes” riskéirt, an den nächste Wochen ze implodéieren. Ëmmer manner Leit maachen am Protest mat, d’Ënnerstetzung aus dem Vollek hëllt rapid of. Derbäi kënnt deen Tëschefall vun e leschte Samschdeg mam Philosoph Alain Finkielkraut, mat antisemitesche Paroulen. Op ee Siess  war en neit Feindbild fonnt ginn: net méi (aleng) de President Macron, ma de Judd! Do hällt fir vill Fransousen de Spaass um Protest op, ma ech erwaarde mir fir den Owend a massiven Optrëtt vun der ‘grande nation’ op deene verschiddene Versammlongen géint den Antisemitismis, géint Rassismus, Faschismus etc.

De mouvement huet sech am Laf vun de Méint radikaliséiert, mat Leit vun den extreeme Borden, vu riets a vu lénks, mat der Infiltratioun vu Salafisten, déi ëmmer méi dacks vun der Geleegenheet profitéiert hunn, hierem Haass géint d’Judden, géint Israel fräie Laaf ze loossen. D’gilets jaunes hate vun Ufank unn  de Probleem, net vun enger eenzeger Persoun, ma vu gläich e puer, gefouert ze ginn. Derbäi kënnt, wéi de Finkielkraut et sot, datt dës “Féierungsleit” regelméisseg an de Medie waren: si waren an der Top-Aktualitéit, an dat Ganzt wor hinnen an de Kapp geklommen, si goufen arrogant, blaséirt wéi den Establishment.

 

Ech hu mat Bewonnerung dem Philosoph nogekuckt, wéi deen an aller Rou aus sengem Appartemenet an der rue Montparnasse op d’Strooss goung, bei d’Manifestanten.” Ech hu groussen Haass gespuert!”, sot hien duerno. Hien huet a verschiddenen Interview allerdéngs och eppes aaneschters ënnerstrach. Den Terrain  fir Haass, Antisemitismus, Faschismus war scho wäit virun dësem Tëschefall gutt preparéiert ginn…an zwar vun enger gewëssener Intelligentsia…de préférence de gauche. De Mann ass effektiv mam Alter an e konservativen Eck gerutscht, ma vu konservativ bis bei äerzreaktionär, jo bis bei faschistesch ass e wäite Wee. Ma grad an deen Eck war hien vu sengesgläichen gestallt ginn, déi nämmlecht wäerten sech den Owend net genéieren, mat géint den Antisemitismus ze manifestéieren; déi, di d’Feier matgeluecht hunn, huelen also d’Sprétz eraus, fir nees ze läschen!

 

Gilets jaunes wäerten also geschwënn zu der Vergaangenheet gehéieren. Mä, opgepasst: dat ass just eng kuerzfristech Entwécklung!. Et gëllt elo, fir Macron a Regierung, den débat an der Gesellschaft weiderzeféieren. Well, wann sech och am Laf vun der Zäit ëmmer méi Extremisten ënnert d’Protestler gemëscht haaten, mat ëmmer méi ‘casseuren’, esou war den Ausgangspunkt vum Protest duerchaus nozevollzéien: gläich e puer Generatiounen waren an dräi Joerzéngten vun der Politik vergiess ginn- ugefaangen ënner engem Mitterrand bis bei en Hollande…, a bis de Macron d’Faass zum Iwwerlafe bruecht huet. All dës Leit däerfen net nach emol am Reen stoe gelooss ginn, well sos kommen se zeréck. Mat enger Pensioun vun 900 Euro  brutto kann een net mënschewierdeg liewen…an da kann et nees duerchaus virkommen, datt Leit net fir hir Kafkraaft op d’Stroosse ginn, ma fir hirer absolutter Roserei fräie Laf ze loossen, géint d’Institutiounen, géint d’Republik…a géint de Judd. Virwat sos gëtt zanter iwwer 30 Joer de Front National esou massiv ënnerstëtzt!?

 

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *