Recent Posts

Post Categories

Déi schéin nei Welt koum e bësselche séier 
Et gi Noriichten, déi muss een e puer Woche sacke loossen, mautschen, verdauen, rëmknaen an nach eemol verdauen, ier een...
Informatiounsrecht kënnt viru Versammlungsrecht 
Déi groussherzoglech Press probéiert, e bësselchen Tapage ze maachen ronderëm dat geplangte Gesetz fir d’Demonstratiounsrecht zu Lëtzebuerg.Tipptopp! Ma dobäi däerf...
Frank Bertemes: Politik und Integrität 
Sein Mut, seine Würde, seine Integrität machen ihn zu einem Vorbild für uns alle. António Lobo Antunes   “Die Opportunität...
Pierre Obertin: Die Task Force-Files 
De Pierre Obertin ass aktiv am Grupp Expressisverbis, wou hien an de leschte Joer reegelméisseg Artikele publizéiert huet. Säi Leschte...

Blog Post

Aussepolitik

3 Joer Krich an der Ukrain: och am Westen net ëmmer déi ganz Wouerecht 

3 Joer Krich an der Ukrain: och am Westen net ëmmer déi ganz Wouerecht
Photo de Matti Karstedt: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/une-jeune-fille-manifestant-contre-la-guerre-en-ukraine-11284549/

Et ass evident, datt de Russ bei sech doheem net déi ganz Wouerecht iwwer de Krich erzielt kritt. A wéi ass et bei eis am Westen? Ass bei eis alles wierklech transparent? Wuel méi ewéi bei hinnen, ma nawell ginn et schwaarz Lächer an der Kommunikatioun. Zum Beispill wat d’Sanktioune géint Moskau betrëfft. Am Joer 2022, wéi d’Invasioun ugefaangen hat, huet déi westlech Welt Sanktiounen drop an derwidder decidéiert: 1354 géint Eenzelpersounen, dorënner an der

Photo de Алесь Усцінаў : https://www.pexels.com/fr-fr/photo/apres-l-explosion-a-kiev-11477799/

Haaptsaach d’Oligarchen, an 161 géint russesch Betriber; haut si keng 500 Persoune méi betraff, ma awer nach 240 Gesellschaften. An nawell goung et net duer fir Russland an d’Knéien ze kréien. Also eppes aneschters ewéi dat, wat mir um Ufank vum Krich verzielt kruten.

Déi russesch Ekonomie wiisst méi séier ewéi déi Däitsch. Éierlecherweis huet dat mat der topeger Politik vun der

the pioneer

Ampelkoalitioun ze doen, an op där anerer Säit mat der Tatsaach datt déi russesch Militärindustrie op Volltoure leeft. Ma geschwat gëtt doriwwer bei eis esou gutt ewéi guer net. D’Europäesch Unioun koum am leschte Joer op ee Wuesstum vum BIP vun 1,1 Prozent. D’USA vun 2,8 a Russland vun 3,7%. Dobäi hate mir vun engem Krich geschwat krut mat Happy-end: wann de Russ näischt méi ze räissen an ze bäissen huet, da schléit de Peegel séier ëm. Schéi Geschicht, ma wäit gefeelt!

Oder och d’Geschicht vu SWIFT, de westleche Bezuelungssystem. Russland gouf direkt um Ufank vum Krich aus deem System ausgeschloss, a mir duechten, d’Russen missten nees hir Finanztransaktiounen mat Holz a Kuel maachen. De Putin awer huet séier reagéiert a goung eng Allianz an mat China. Bannent kierzter Zäit konnt Russland vun deem chineesesche Bezuelungssystem CIPS profitéieren, deem seng Aktivitéiten zanterhier signifikativ an d’Luucht goungen. China ass den neie grousse Partner.

Virun 12 Joer huet Russland fir 150 Milliarden Dollar an d’EU exportéiert; haut läit dee Chiffer ënner 40 Milliarden; d’Exporter a China dogéint goungen erop vun 75 Milliarden Dollar op 111! Wien ass do de Verléierer? Bleift nach d’Geschicht vum Pëtrolembargo.

L’Express 3835

Deen huet dem Kreml tatsächlech wéi gedoen; esou gëtt geschat, datt doduerjer Russland 85 Milliarden Dollar un Exportatiounen an deenen 3 Joer duerch d’Päif goungen. Ma och hei huet de Kreml net geschlof. Honnerten al Schëffer aus Zäiten vun der Sowjetunioun goufen huerteg reaktivéiert, fueren als Geeschterschëffer duerch internationaalt Gewässer an transportéieren illegal de Pëtrol aus dem Ural.

Fazit: déi ronn 15.000 Sanktiounen déi ronderëm d’Welt géint Russland ergraff goufen, hunn nëmmen eng beschränkte Wierkung op déi russesch Ekonomie déi op kee Fall komplett agesackt ass. Verschidde Beräicher hunn allerdéngs extrem gelidden: d’Autosbranche huet e Minus vu 70 Prozent gemaach, -wéi et schéngt ginn et keng Air-bags méi- den Tourismus an der Haaptstad goung aus verständleche Grënn op quasi null erof. Ma fir de Rescht wurschtelt sech Russland net schlecht derduerch.

Bis ewell sinn et an der Haaptsaach d’USA an d’Europäesch Unioun, déi esou Sanktiounen decidéiert hunn; grouss Länner ewéi China an Indie maachen net mat. Dat ass eng Schwächt. Derbäi kënnt, datt verschidden EU-Länner sech Ausnamen ausgehandelt hunn: Griichenland zum Beispill däerf ouni Weideres russesche Pëtrol weider importéieren a verkafen. Esou Bommefest ass déi europäesch Solidaritéit also och net….schliisslech war den Ares jo och kee Lëtzebuerger.

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    Die krasseste luege welche immer wieder entgegen jeder realitaet in der EU kolportiert wird ist die behauptung,,dass russland total isoliert sei.
    Ausser den USA und der EU und noch einigen us freunden wie SudKorea mzcht der rest der welt zu recht bei den sanktionen nicht mit.
    .Selbst nato oder EU mitglieder wie die Turkei,Ungarn oder Griechenland enthalten sich.
    Ich bin mal gespannt welche sanktionen die so tolle EU kommission nach der annexion Groenlands durch die USA nehmen wird…wahrscheinlich werden frau vdl und genossen die hotels der Trump gruppe waehrend 12 monaten boykottieren und auch keine Teslas mehr kaufen😀

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *