Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Aussepolitik

Den Donald geet, den Trumpismus bleift! 

Den Donald geet, den Trumpismus bleift!
Image par Nadine Doerlé de Pixabay

Groussen Uff ronderëm d’Welt! Den Donald Trump wäert d’Wäisst Haus musse verloossen. U sengem Nofollger Joe Biden ass et, de Gruef an der amerikanescher Gesellschaft lues a lues opzeschëdden. Eng enorm Erausfuerderung, an ech hu meng Bedenken, datt dem Biden dat gelénge wäert. De Mann ass wéineg charismatesch, an den Trump huet (leider) déif Spueren hannerlooss: iwwer Land huet hie meeschtens kräfteg zougeluecht a goung an de grousse Stied komplett ënner. Trumpismus an Amerika ass zum Deel ze vergläichen mat Populismus an Europa.

Ëmmer méi Leit fillen sech vun der Politik am Stach gelooss. Politik ass tatsächlech extreem komplizéiert ginn, ass an anere Wieder dacks schwéier ze vermëttelen. Esou entsteet dee munchmol berechtegten Androck, wéi wann Politiker sech éischter ëm sech selwer déite këmmeren an dobäi de Bierger Lambda ignoréieren. Dohir deen Haass vun Trump a Konsorten op Washington D.C., wou eng Hand déi aner géing wäschen, virausgesat, et huet een op d’mannst een Diplom an et ass een an där richteger Partei.

Den Trump hat virun 4 Joer versprach, Washington ze veränneren. Wielerméisseg ass him dat net gelongen; nëmme 6 Prozent vun de Washingtoner hu fir hien gewielt! Iwwer Land par contre koum hien dacks op iwwer 75 Prozent vun de Stëmmen. Amerika mat engem Bild vun der politescher a gesellschaftlecher Zerrassenheet! An déi Situatioun soll den Joe Biden bannent e puer Joer nees an d’Gläichgewiicht bréngen?

den neie President muss d’Trumpisten duerchaus eescht huelen. Hien däerf net de Feeler maachen wéi d’Fransousen mam Phenomen Le Pen oder déi Däitsch mat der AfD. Et geet net duer, dës Leit als hirësseg dohinner ze stellen – och wann där drënner sinn-, ma et geet drëm dëse Leit nozelauschteren: de Politiker ass allermeeschtens Akademiker an huet vun den Alldagssuergen vum klenge Mann/ Fra keng Anung.

Keen Zweiwel, de Biden wäert et probéieren, ma de Rass an der amerikanescher Gesellschaft ass enorm grouss. Dat war schonn virun 4 Joer de Fall, den Donald Trump huet de Gruef bewosst nach méi breet gemaach. Den America-first-Mann geet, et ass awer just eng Fro vun der Zäit, bis deen Nächste kënnt. Den Demokrat muss op d’republikanesch Wieler agoen, wat bedeit, hie muss bereet sinn fir Kompromësser. An esou fären déi iwwerhaapt méiglech sinn.

Wéi ass et zum Beispill mat der Mauer op der Grenz mam Mexiko? Gëtt déi ofgerappt oder weider gebaut, oder bleift et bei deenen ablacklechen 600 Kilometer? Wéi ass et mat den Netto-Cotisatiounen an der NATO? Mécht do de Biden de Porte-Monni grouss op? Wéi steet et ëm d’Memberschaft vun den USA an der Weltgesondheetsorganisatioun?

Politik besteet gréisstendeels aus Kompromësser. En Zeechen vu Stäerkt. Sinn et där Kompromësser awer ze vill, en Zeechen vu Schwächt, d’Ofdankung vun der Politik. Alles net esou einfach. Loosse mir dem Demokrat Biden eng glécklech Hand wënschen!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *