Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

Eis Ministeren am Kampf géint d’Korruptioun 

Eis Ministeren am Kampf géint d’Korruptioun
Foto von Tima Miroshnichenko von Pexels

am Joer 2014 – Gambia I hat grad de Wee ageschloen fir de permanente Paradigmewiessel- gouf en iwwergroussherzoglechen Arrêté ugeholl iwwer d’Spillreegelen fir d’Regierungsmember. Wann e Minister e Kaddo gemaach kritt, dann ass dat fir hien ze kompromettéieren, ze bestiechen, säi politescht kaalt Häerz ze erweechen fir eng profitabel Saach. Zanterhier ass Transparenz Tromp. An engem Regëster gëtt alles, bis op déi lescht Nuddel opgelëscht, schéin detailléiert. D’Ministeren ginn net Pätter dobäi.

Ehre, wem Ehre gebührt! Besonnesch gutt ewech koum de Staatsminister, mat 31 Fläschen Alkohol. Schampes, Gin, dajee alt, och Cremant. Obwuel, verdeelt op 4 Joer -2018 bis 2021-, gëtt dat eng éischter dréche Gaardeparty. Donieft goufen et Timberen vun der Post, en Hummer aus Holz; och eng Taass war dobäi, awer ouni Kaffi a wäissen Zocker, dofir awer en Dëpgen Gebeess.

Den Dan Kersch muss sech mat Téi zefridde ginn, krut allerdéngs wéi vill aner Ministeschkolleegen op Vältesdag e Bouquet Blummen. Domadder konnt hien heem sech bretze goen. Ech hunn drunner geduecht! 

Bal keng Cadeau fir de Fränz Bausch, e bësselchen Wéngchen, Schockelasknippercher an eng Auer, déi de Minister mat Solar Power duerch den Alldag jot. Cremant fir den Ausseminister, dobäi hätt dee Mann Egg-Nog ouni Alohol gebraucht, fir besser iwwer Bierg an Dall ze kommen. Merde alors!

Net méi an der Course de Romain Schneider, deen awer reichlech bescheert gouf. Fläschen Cremant, e Stéck Brout, Schockela fir drop, Bicher. Och net méi derbäi de Finanzminister a.D. Pierre Gramegna. Fir hien hu sech luxembourg for finance an d’ABBL esou richteg an d’Onkäschte gehäit, mat enger Gesiichtsmask géint de Virus! A wéi hien op Promotiounsrees fir d’Finanzplaz op Tokio goung, du krut hien e Stoffdéierchen, e Petzi op de Schouss geluecht. Richteg süss!

Den Edukatiounsminister Claude Meisch krut all Joer vun der Luxlait eng kleng Këschtchen Wäin geschenkt. Bestëmmt e gutt Kräidchen, ma Kachkéis hätt och gepasst. D’Douanier gi mat der Zäit an hannerloossen Joer fir Joer dem ieweschte Chef vun de Schoulen e Kalenner. Ob et dee vu Pirelli ass, entzitt sech eiser Kenntnis.

Hei an do eng Schachtel Knippercher fir d’Familljeministesch Corinne Cahen. Dat schléit an d’Taille. Dobäi bräicht si nei Schong. High Heels! 7 Corbeillen iwwer déi 4 Joer fir d’Carole Dieschbourg, mat Bio-Produit aus der Regioun, plus Hunneg a vun de Scouten a Guiden e Gobelet. Den numeresche Marc Hansen -bal ni an der Ëffentlechkeet- gouf gléckleche Besëtzer vun engem wireless speaker an et freet een sech, wat d’Bauerenallianz ugoung, him ausgerechent en Täschemesser ze schenken. Ee Schellem, deen dobäi Béises denkt! Schliisslech huet all Politiker esou ee Messer an der Täsch/Posch, fir et bei der éischt-beschter Geleeënheet erauszehuelen!

Eng Carafe Waasser fir de Claude Turmes. Dat passt. CO2-neutral. Dann e Prabbeli, fir de Fall wou hien am Reen stoe gelooss gëtt, an eng Käerz fir hien drun ze erënneren, datt och d’Zäit an der Politik ofleeft. Déi nächste Kéier awer wannechgelift onbedéngt en neie Lastik fir de Päerdsschwanz an och nei Sandalen.

Eng Wäschmaandel voll Bicher a CDen fir d’Sam Tanson, wat de Beweis ass, datt de Kultursecteur am meeschte korrupt ass. Beim Lex Delles fält op, datt hien d’Buch vum Astrid Lulling geschenkt krut: “Mein Leben als Frau in der Politik”, den Henri Kox krut eng Miniatur vu Wandmillen an d’CD “De Pier an de Wollef” als Oflenkung fir Kaz a Maus op de Covid-Demonstratiounen.

All dës Tonne Cadeauen weisen, wéi batter néideg deen arrêté https://bit.ly/3AaBPpq war. Eriwwer sinn d’Zäiten wou de Politiker sech einfach esou e Glas Hunneg konnt an d’Täsch stiechen. Et kéint natierlech och sinn, datt dës Lëscht just fir d’Galerie ass. Transpalog an Diastrenz! An datt d’Korruptioun op engem aneren Niveau ofleeft. Mä domadder méit ee just den Terrain propper fir Polit-Schwurbeler. Also loosse mir dat. Trotzdeem: et däerf ee gespaant sinn, wou déi demissionär Ministeren berufflech nei caséiert ginn.

Wuel heescht et am arrêté grand-ducal vum 14. November 2014 Sous réserve du respect des dispositions des articles 11 à 13, les membres du Gouvernement sont libres, dès la fin de leur mandat, d’exercer une activité professionnelle privée.

Ma et steet och geschriwwen:

Pendant les 2 ans qui suivent la fin de leur mandat, il est interdit aux anciens membres du Gouvernement d’utiliser ou de divulguer des informations non accessibles au public obtenues lors de leur fonction ou de donner à leurs clients, leur entreprise, leurs associés en affaires ou leur employeur des conseils fondés sur ces informations et d’en tirer ainsi un avantage.

Huet bis ewell all Ex-Minister sech dorunner gehalen? Bestëmmt! Dësen Text ass jo eng Satir.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *