Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Gran Canaria, aller – retour: mat Mask a mat gelungene Gefiller! 

Gran Canaria, aller – retour: mat Mask a mat gelungene Gefiller!
Image par adamkontor de Pixabay

jo! Ech ginn et zou! Ech war onpatriotesch an hunn d’Land fir 14 Deeg verlooss. Aus enger Rees op Gran Canaria am Abrëll war wéinst dem Virus näischt ginn, och am Juni war d’Vakanz geplatzt, sou datt et schliisslech matzen am Summer fort goung. An iwwerhaapt: wann RTL titelt, datt d’Halschecht vun den Infektiounen an der Vakanz am Ausland geschitt woren, esou kënnt jo déi aner Halschecht ëmmer nach vun heiheem! E bësselche patriotesch war ech jo awer dach, well ech mat där Rees eis national Loftgesellschaft ënnerstëtzt hunn.

A Propos Juxair. Et ass e lëschtege Veräin. Et kritt een am Fliger gesot, et misst een de social distancing respektéieren, dobäi sëtzt en Här rietser Säit esou no bei mir, datt knapps e Löschblat tëschent eis passt. Viru mir an hannert mir sëtzen och Leit mat de gewinnte Problemer, d’Féiss iergendwéi verstaucht ze kréien. Wou soll een do déi 150 Zantimeter respektéieren?! An iwwer de Mikro trällert e Steward, datt een d’Corona-Mask wärend der ganzer Zäit misst unhalen, ausser 15 Minutten, fir de Sandwich erof ze wiergen; a sollt et en Tëschefall ginn, wou d’Sauerstoffmasken erofgebonzelt kommen, da misst een natierlech déi d’COVID-Mask fir d’éischt erofstrëppen. Ein bisschen Spass muss ein!

De Fliger ass knapp Dräi Véierel voll, obwuel mir en Tëschestopp op Teneriffa maachen! Viru Corona war dat aneschters: en décke Boeing allkéiers fir jiddereng vun deenen zwou Inselen. De Virus huet seng Spueren hannerlooss! Vill Leit hunn Angscht, sief et virun der Krankheet, sief et virun den Onsécherheeten op der Destinatioun. Normalerweis sëtzen extreem vill eeler Leit am Fliger fir op d’Kanaren, déi Kéier war ech quasi den Eelsten!

De Flughafen vu Las Palmas ass wéi ëmmer, relax. Et muss ee just säi QR-Code weisen, deen ee sech virdrun iwwer Internet ugefrot huet a schonn ass een “dobannen”. Dee QR-Code ass eng Zort fake-news: et muss een op Éier a Gewëssen uginn, datt een déi lescht 48 Stonnen net mat enger infizéierter Persoun a Kontakt wor. Wéi soll een dat scho wëssen?! Och net am Grand-Duché, wou mir alleguerten dräimol op d’mannst getest ginn.

Vun der Landepist geet et wéi gewinnt an den Hotel. An der Entrée steet eng Kamera. Silence! On tourne! De rouden Teppech ass natierlech wéinst dem Virus, et gëtt ee gefilmt, fir d’Temperatur ze moossen. Duerno geet et an eng vun dräi Reien an der Receptioun. Wann ee bis erlaanscht ass, gëtt d’Théik kuerz desinfizéiert, an deen nächsten ass un der Rei.

D’Spillreegelen sinn einfach. Am Hotel de Mask unn, wann ee sech d’Féiss vertrëppelt, awer net bei der Piscine oder an der Bar. Owes fir an de Restaurant kritt een d’Temperatur nees gemooss an d’Mask hält een unn, bis een u sengem Dësch sëtzt; fir bei de Buffet ze goen, muss een dat Mond- an Nuesgeméchels nees undoen. Onkomplizéiert, awer dach iergendwéi komesch. Gewöhnungsbedürfteg!

D’Géigend vu Maspalomas/Meloneras ass net grad esou vun Touristen gefëllt, wéi déi Joer virdrun. Grad esou gutt, obwuel d’Kanaren goufe staark gebeidelt: Vill vun de Männer a Fraen schaffen souwisou schwaarz, haten also an der Zäit vum Confinement keen Akommes, an och elo sëtzen si dacks um Dréchenen; an engem grousse centre commercial sinn vun 42 Geschäfter der 29 zou. Déi Situatioun erënnert mech un d’Lëtzebuerger Haaptstad.

Aus der Groussgaass kommen nämlech op en Neits alarmant Téin! Eng Rei Geschäfter hunn mussen de Schlëssel ënnert den Teppech leeën, anerer sinn um Sprong, entweder opzehalen oder eventuell just d’Stad ze verloossen, fir et anzwousch aneschters ze probéieren. Zwee Geschäftsleit hu sech d’Liewe geholl! Déi definitiv Grënn fir dës schwéier Entscheedung sinn zwar net bekannt, ma eng eidel Keess, respektiv eng Faillite wäert schonn hiert derzou bäigedroen hunn.

Zu Esch ass et net besser! Do lafen d’Geschäfter grad esou wéineg: vill Leit an de Stroossen, ma wéineg Clientèle bannenan. Fir d’éischt gouf de Mënsch Virusméisseg erféiert, an elo sëtzt bei villen d’Angscht ëm déi wirtschaftlech Zukunft am Genéck. Just d’Ëmweltkatastrophisten reiwen sech erfreet an d’Hänn. Et brauch Joren, bis sech eis Gesellschaft vun deem duebele Schock erholl huet! Ech gehéieren net zu de ‘Virusleegener’, ma ech stelle mir ëmmer méi dacks d’Fro: war dat alles néideg? Gouf net mat verschiddene Moossnamen iwwerdriwwen?!

“…well och a Wirtschaftsfroen geet et ëm Liewen

a munchmol ëm Doud….!”

Op de Kanaren loung de wirtschaftlechen Abroch am Juli bei 79,1 Prozent. Den August wäert kaum besser ausgefall sinn. De September kéint dramatesch ginn! Mäin Hotel huet kuerz no mengem Depart op en Neits zougemaach, den Ament mol bis Ugangs November. Eng dramatesch Saison fir dës Inselen. An och zu Lëtzebuerg deet sech déi wirtschaftlech Reprise schwéier. D’Braderie war dëst Joer kee Brëller, an d’Hierscht- a Wantersaison kënnegt sech net gutt unn: d’Geschäfter kréien hir Wuer net erbäi, well an de Produktiounslänner den déconfinement och nach net esou laang ugelaf ass!

Esou ass et da kee Wonner, datt d’Zuel vun den Onzefridddene klëmmt, datt déi wëllsten Theorien opgestallt ginn, déi eng sachlech Diskussioun quasi onméiglech maachen.

Related posts

1 Comment

  1. Aender

    Mär sinn Weltenbummler schons mieh wie 45 Johr. Hunn opp Mordicus komm raus, am März aus Süd/Ost-Asien erem kommen. Hunn batter Trienen opp eisem lieblings-Airport zu Singapore gekrasch, ett war wouhl eisen leschten Tripp. Ennert denen Konditiounen flien mär nett mieh.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *