den Alex Bodry zitt sech bekanntlech aus der Politik zeréck. Wahrscheinlech schonn am Januar wiesselt hien eriwwer an de Staatsrot, wou e Posten op hie waard, deen op hien wéi moosgeschneidert passt. Den Alex Bodry hannerléisst an der Politik e grousse Vakuum: Politiker mat senger Erfahrung a matt sengem Wëssen ginn et der net méi vill an der Chamber. Ech bedauren dat!
Elo kënnt derbäi, datt den Alex Bodry muss als President vun der Institutiounekommissioun ersat ginn. D’Traditioun – a wuel och de gudde Fonktionnement vun där Kommissioun- verlaangt, datt et muss e Jurist sinn, deen dëse Gremium dirigéiert. Leider ass et fir d’Sozialisten esou, datt si kee Jurist kënnen opstellen; do gëtt et zwar e Franz Fayot, ma den ablackleche Parteipresident gesäit sech wuel léiwer geschwënn an der Regierung, wann och bis den Etienne Schneider sech wäert (am Februar) aus der Politik zeréckzéien. Also kee Jusrist wäit e breet…ausser bei den Demokraten, an déi hunn elo d’Simone Beissel proposéiert. Woumatter bei de Sozialisten den Hutt héich geflunn ass: si géinge gäeren d’Presidence vun dëser Kommissioun behalen an hunn eng Géigepropositioun gemaach: President soll den Mars di Bartolomeo ginn, fréiere Minister a Chamberpresident. Dëse Mann huet mat Sécherheet déi néideg Erfahrung, ass allerdéngs vu Formatioun Journalist.
elo ass hirersäits d’Madame Beissel virun de Kapp gestouss! Ëmmerhin hat si sech bereet erkläert, déi Aarbecht als geléiert Juristin ze iwwerhuelen. Hir Kandidatur gëtt vun den Demokraten ënnerstëtzt – wat net verwonnerlech ass- a wéi d’schéngt och vun der CSV a vun der ADR. Et kéint also duerchaus sinn, wéi wann d’Genossen sech hei eng bluddeg Nues huelen.
Ma och bei deene Gréngen ass den Ablack de Bluttdrock héich. Do war gëschter de Besuch an der Chamber vum tschecheche Parlamentspresident Vondracek. Säi Lëtzebuerger Homologue Fernand Etgen hat d’Charge, déi verschidde lëtzebuerger Deputéierten (aus dem Bureau an aus der aussepolitescher Kommissioun) virzestellen, a wéi den Tour war un der Grénger Djuna Bernard, sot en Här Etgen e bësselche vill labber: “ voici notre plante verte”. Dat war wuel net béis gemengt vum symphatesche Chamberpresident, ma déi Gréng krut et an déi falsch Strass a soll spéider geäntwert hunn:Pass op! Och e Kaktus ass eng gréng Planz a ka schéi picken!”.
Bon. Haut koum mol de Kleeschen! Mol ofwaarden, wat nach alles geschitt, bis se um Krautmaart alleguerten virun der Krëpche stinn. Do decidéiert sech gemenkerhand, ween d’Roll vum Iesel muss spillen…