Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Frank Bertemes: Äddi Uelzecht ? 

Frank Bertemes: Äddi Uelzecht ?
Image par Alex Hu de Pixabay

 

wou d’Uelzecht net méi duerch d’Wisen zéit….Dem Michel Lentz säin Text vun „onser Heemecht“ muss wuel geschwënn geännert ginn, muss ee fäerten. Vläicht muss een dee Passus vun der „Uelzecht“ ganz sträichen, spéitstens dann, wann déi Mega-Projeten „Fage“ a „Google“ hir fatal Attack op eisen Nationalfloss mat Erfolleg ofgeschloss hunn. Da wësse mir zwar net, firwat dat do alles gutt soll sinn, mä da gesi mir zumindest mol ee konkret Resultat: eis Uelzecht zitt dann entweder als Baach, als Kloak oder awer guer net méi duerch eis Wisen…well se dréche geluecht ginn ass. Mä dat schéngt ee groussen Deel vun eiser politëscher Klass an och soss leider nach ze vill Leit net berauschend z’intresséieren- am Géigendeel! Alles ënnert der Devise: Looss et rullen! Egal wat Experte oder awer mir Anerer vum gemenge Vollek alles vu Kritik sou vun eis ginn. Leit, déi ëmmer nëmmen ze maulen hunn, näischt wëlle verstoen, wat déi modern Welt haut sou alles verlaangt,  Nörgler a Kritiker, déi ëmmer rëm iergend een Hoer an der Zopp fannen. Wien intresséiert dat am Endeffekt? Mir kréie scho gesot, wat „gutt“ fir eis soll sinn – mir bekäppen et just net, oder?

Et gouf mol sou eppes wéi dee gesonde Mënscheverstand, deen eis awer am Laf vun der Zäit wuel verluer gaangen ass. Wien hätt viru Joren esou eng megaloman Projeten à la Google a Fage, déi am Gesamtkontext gesinn, souwuel wäertvoll Agrarflächen kaschten, massive Waasser- an Energieverbrauch verlaangen,   zousätzlech Verkéiersproblemer, Kaméidi a Liichtverschmotzung  provozéieren, dem Land dach awer vergläichsweis wéineg Plus-Value bréngen, fir méiglech gehalen? Muss ee sech wonneren, wann an deem Zesummenhang divers Warnungen, Bedenken oder soss Ënnerstellungen, wéi beispillsweis den Danz vum „Tango corrupti“ – ween och ëmmer mat weem, wee weess dat schonn? – am Ländchen zirkuléieren? Sinn dat „industriell“ Projeten, déi eis wierklech souvill bréngen? Een Datacenter fir eis confidentiel Daten an intiimst Donnéeën ze stockéieren an un divers méi wéi bedenklech Adressaten, wat kee vun eis wëll, ze verdeelen (mengt natierlech ze verkafen) oder eng absolut iwwerflësseg Yoghurtsproduktioun fir d’Ausland op engem Terrain z’erlaben, wou een e puer Betriber, déi de Kriterien vun der Nohaltegkeet absolut gerecht gi wären, hätt kënnen usidelen, dierf een dach als humble Bierger wuel nach dierfe kritiséieren.

Ass een een Nationalist oder Industriegéigner, wann ee seng zwou kritësch Gehierzellen aktivéiert an eis politësch Verantwortlech freet, wat dat do alles soll?

Wou liewe mir eigentlech?

Frank Bertemes

 

 

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *