Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: EU-Wertegemeinschaft? 
Ich glaube nicht, dass diejenigen recht haben, die meinen, Politik besteht darin, zwischen schwarz und weiß zu wählen. Man muss...
Skorbut ënner de Piraten: eng nei Chance fir Jugendpolitik 
D’Politik ass e raut Geschäft, ma och an der Mediewelt ass net alles Happy Diwwi. Déi zwee zesummegewierfelt ass wéi...
Iwwer d’Feigheet vun der Press 
An Amerika zitt sech de Joe Biden aus der Presidentecourse zeréck. Eng Decisioun déi iwwerfälleg war! An eng Decisioun déi...
Iwwer déi Haart mat de mëlle Baken 
De Staatsbeamten a -Fonctionnaire genéisst de Ruff, extreemt Sëtzlieder ze hunn. Et däerf een sech also net weider wonneren, datt...

Blog Post

Innepolitik

D’Gewënner vun de Chamberwahlen sinn d’Lydie Polfer an d’stater DP 

D’Gewënner vun de Chamberwahlen sinn d’Lydie Polfer an d’stater DP
wikipedia

Wéi kann ech déi Behaaptung maachen?! Wuel huet déi demokratesch Partei 2 Sëtz derbäi gewonnen, ma dat ass jo net der Madamm Polfer hire Verdéngscht, op d’mannst net hiren eleng. Bei wäitem déi meeschte Stëmmen huet de Xavier Bettel: ronn 34.000, 3000 méi ewéi viru 5 Joer. D’Madamm Polfer kënnt un drëtter Plaz no der Yuriko Backes mat 19.300 Stëmmen. Do feelt also vill u Wielersubstanz fir déi Behaaptung kënnen ze maachen. Meng Argumentatioun ass eng aner.

D’Lydie Polfer huet d’Koalitiounsverhandlungen tëscht de Bloen an de Schwaarzen op nationalem Plang scho viru Joer geplangt. Och si war net am Fan-Club vu Gambia an huet eng Zesummenaarbecht mat der CSV gesicht. Esou gouf si deene Gréngen viru 6 Joer um Knuedler de Sak, obwuel si duerchaus hätt kënnen déi blo-gréng Koalitioun weiderféieren. Si an nach anerer aus hirem Veräin haten ëmmer méi Problemer mat der grénger Arroganz. Also Wiessel vu gréng op schwaarz!

Doriwwer war de Xavier Bettel net frou, deen éischter besuergt war ëm den Hausfridden an der Regierungsekipp. Bausch a Konsorten waren net begeeschtert iwwer dëse politesche Choix ma haten déi batter Pëll musse schlécken. 1:0 fir déi stater DP!

An deene Gemengewahlen huet eng gewësse Corinne Cahen fir Trublewiese gesuergt an si huet den zwee Léiwen um Knuedler d’Ouere laang gezunn. Si hat d’Flemm krut als Familljeministesch a wollt onbedéngt Buergermeeschtesch ginn. Si hat nach ni kleng gesinn a wollt also d’Lydie Polfer aus dem politesche Verkéier eraushuelen.

vdl.lu

Och si hat d’Rechnung ouni déi stater DP gemaach: deen enke Krees ronderëm d’Kinniginn aus der Märei mat virop den Dammen Beissel a Maart an dem Här Goldschmidt hunn d’Festungsmaueren verdeedegt an der Cahen keng Chance gelooss.

Éischte Streech, d’Gemengewahlen: d’Lydie Polfer goung net nëmmen als déi absolutt Nummer 1 aus deene Wahlen ervir, ma hat och eng Avance vu 4000 Stëmmen op d’Erausfuerderin.

Zweete Streech, d’Nationalwahlen: och do d’Madamm Polfer nees mat enger Avance vun 3000 Stëmmen op d’Madamm Cahen, an dat obwuel déi zanter 10 Joer Ministerin ass. 2:0 fir déi stater DP!

D’Lydie Polfer gouf an der Vergaangenheet ëmmer gutt eens mat der CSV. Si war schliisslech mat an enger Regierung Juncker an déi Schwaarz ware Joerzéngte laang en treie Koalitiounspartner an der Gemeng; si kennt de Personnage Luc Frieden – egal ob deen neie Luc oder deen alen- an huet net verstoppt, datt eng blo-schwaarz Koalitioun op nationalem Plang déi beschte Léisung fir d’Land wier.

Wat Sënn mécht, well op finanziellem a wirtschaftlechem Plang sech déi zwou Parteien am Nooste leien. Wéi de Verdikt den 8. Oktober gefall war, waren Canapésgespréicher iwwerflësseg. D’Madamm Lydie Polfer hat op de Stëmmeverloscht vun deene Grénge gesat a gewonnen,- och wa si grad wéi all d’politesch Observateuren dee katastrophale Rutsch beim klengste Koalitiounspartner net konnt virausgesinn. Käreschmëlz bei deene Gréngen an 3:0 fir d’stater DP.

Luxemburger Wort

De Xavier Bettel huet nolens volens de Verdikt mussen akzeptéieren an zwar mat alle Konsequenzen. Duerch den onerwaarte Stëmmeschësser bei de Gréngen wor d’CSV an eng position de force katapultéiert ginn, den neie Luc huet de Metzlerdomm op der Wo leien a kann de Präis festleeën!

A wat wär d’Politik, géifen et keng Rumeure ginn?! Dat wat een virun de Wahlen ze héiere krut, huet sech nom 8. Oktober séier am Volümm verduebelt. De Xav’ géing de Posten als Ausseminister akzeptéieren, awer just fir 2 Joer. Duerno géif hien en europäesche Posten unhuelen. Hie selwer léisst dat kategoresch dementéieren: hie wier gewielt, a géif säi Mandat fäerdeg maachen. Ech gleewen him dat, ëmsou méi wou et eng aner a vill méi interessant Rumeur ëm seng Persoun gëtt.

De Xavier Bettel bleift an der Regierung – wat fir ee Posten sief mol dohinner gestallt- a kandidéiert a 6 Joer fir de Buergermeeschterstull an der Haaptstad. Dat nennt sech bekanntlech back to the roots. Hie wollt jo schonn 2011 guer net fort vum Knuedler, hat et e puermol op Radio Lëtzebuerg gesot, bis….jo bis hien enges Daags am Bett erwächt war an zum Regierungschef gekréint gouf.

Wuel nëmmen eng Rumeur, déi awer Sënn mécht. De Xav’ war e ganz beléifte Buergermeeschter, e Mann dee gutt Antennen huet zum Bierger. An an der Gemengepolitik ass ee méi no beim Vollek ewéi als Staatsminister. De Xav’ géing bal esou dacks erëmgewielt ginn ewéi d’Lydie. D’CSV kéint sech all Hoffnungen ofschminken, géing iwwer dem Waarde schwaarz ginn. D’Stater DP hätt elo schonn déi nächst Schluecht gewonnen. Eleng d’Madamm Cahen géing eidel ausgoen…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *