Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Ka sech de Roberto Traversini nach laang halen? 

Ka sech de Roberto Traversini nach laang halen?
wikipedia

schéin! Den Déifferdénger Buergermeeschter huet e puer Feeler agestanen a sech dofir och entschëllegt. Dat steet engem Politiker gutt zu Gesiicht! Ma geet dat duer? Ëmmerhinn ass den Artikel 20 aus dem Gemengegesetz méi wéi däitlech: wann ee Conseiller – a virop e Buergermeeschter- am PAG an engem Interessikonflikt ass, dann däerf déi Persoun iwwerhaapt net am PAG matschaffen wat dee Punkt vum “intérêt direct” betrëfft an därf deementpriechend och net iwwer dee Volet mat ofstëmmen; grad hei ass de PAG jo esou geännert ginn, datt de Wäert vum Haus net grad ofgeholl huet.

Doniewt läit dee ganzen Terrain net nëmmen an enger zone verte, ma an engem Naturschutzgebittt(Prënzebierg). An d’Aarbechten, déi gemaach goufen, haten dach zimmlech grouss Ausmoossen: do ass zum Beispill e remblai gemaach ginn, et gouf also Buedem vun engem Bagger oder vun engem Trakter mat Schëpp opgefëllt, fir den Terrain méi riicht ze maachen. Am Tageblatt geet Rieds vu 5 Kubikmeter an eng Autorisatioun géif net virleien, also eng weider Illegalitéit! Op der Facebook-Säit vun der DP Déifferdéng kann ee sech d’Photoen ukucken:https://www.facebook.com/DPDifferdange/

Leit vum CIGL ware gefrot ginn, vir un engem Gelänner ze schaffen. Kann de Buergermeeschter d’Rechnung dofunner virweisen? Handelt et sech ëm en Asaaz vu 4 Stonnen oder vu méi? De CIGL (Centre d’initiative et de gestion locale) ass eng Zort soziaal Initiative, vun där just Persoune kënne profitéieren, déi iwwer 60 Joer al sinn oder déi en Handikap hunn; den DP-Mann François Meisch huet dem Traversini virgehäit, dës Aarbechten ni bezuelt ze hunn an de Buergermeeschter huet dat och net dementéiert. Wat d’Clôture ronderëm d’Proprietéit ugeet, do misst eng Autorisatioun virleien esou gutt vum Environnement ewéi och vun der Gemeng. Wou sinn déi Pobeieren? De Buergermeeschter seet, deen Zonk wär schonn installéiert gewierscht, wéi hien d’Haus gëierwt hat. Stëmmt! Dat war 2018 geschitt, ma hat deen Ament den Här Traversini net schonn d’Curatelle iwwer dee fréiere Besëtzer? Wa jo, ass hien mat involvéiert! Wann net, ween huet dat am Numm vun dësem Mann gemaach, dee gesondheetlech ugeschloe war? Esou oder esou misst eng Autorisatioun beim Buergermeeschter ugefroot gi sinn. Wou sin déi Pobeieren? A wa keng Autorisatioun virläit, wee gouf dem CIGL d’clôture an Optrag? Gëtt et en Devis? Gëtt et eng Rechnung? Ween huet se bezuelt? D’Dieren a Fënsteren goufen ersat, och do brauch een eng Autorisatioun, wann d’Haus an engem Naturschutzgebitt läit! Eng Partie Beem goufen ofgehaen, anscheinend, well si krank waren; wann dat esou war, da si se gutt fort, ma do misst am Prinzip e schrëftleche Rapport vum Feeschter virleien, och mat de Propositiounen, fir déi krank Beem op anere Plazen duerch gesond Beem ze kompenséieren.

Perséinlech war ech net op d’Plaz kucken, kréien awer gesot, eng Strooss fir an d’Géigend vum Haus hätt en neien Tapis geluecht krut an et wär och e Kanal bis dohinner gezu ginn. Och dat schéngt de Buergermeeschter net ze dementéieren, seet awer wéi am Fall vun der Clôture, datt déi Aarbechte scho geschitt woren, ier hien an de Besëtz koum vun Haus a Beréng; den Här Traversini muss also der Ëffentlechkeet de Bréif weisen vum zoustännege Riichter, vu wat fir engem Dag unn hien d’Curatelle iwwer dee fréiere Proprietaire iwwerdroe krut!

wat ech esou ze liesen an ze héiere kréien, deit drop hinn, datt den Här Traversini en duerchaus engagéierte Lokalpolitiker ass. Hien ass allerdéngs elo an enger méi wéi onglécklecher Situatioun: op d’mannst 5 Virwërf vun Illegalitéiten leie vir, hie misst a sengem eegenen Interessi esou séier wéi méiglech fir Kloerheet suergen. Et steet fest, datt hien mat der Affaire no Punkten ugeschloen ass, eng Zäitchen an de Seeler hänkt an also net a Fro kënnt, an d’Regierung nozeréckelen, fir eventuell e Ministeschposten ze iwwerhuelen! Bleiwt d’Fro, ob hien sech als Buergermeeschter kann halen, well déi dote Geschicht kritt hien regelméisseg ënner d’Nues geriwwen an seng Partei Déi Gréng wäert méi wéi engkéier drun erënnert ginn, wéi haart den Ëmweltministère um WALDHAFF wéinst enger Veranda duerchgegraff hat an also an dësem Fall grad esou konsequent misst intervenéieren.

Op lokalem Plang ass et evident, datt d’DP-Déifferdéng hei probéiert, politesch Revanche fir d’Wahlnéierlaag vi virun 2 Joer ze huelen. Et freet sech, wéi laang d’Sektioun vun der Parteipresidentin Corinne Cahen gewäerde gelooss gëtt, well, ëmmerhinn géif et d’Dräierkoalitioun op nationalem Plang ouni déi Gréng net ginn. Wahrscheinlech laang genug fir déi Gréng ze schwächen, an awer net esou laang, fir d’Regierung a Gefor ze bréngen. Et weist allerdéngs, datt de Motto: Einer für alle, alle für einen! net méi grad esou wouer ass ewéi viru 6 Joer

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *