Recent Posts

Post Categories

Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...
Mario Dichter: nie wieder? 
50 Milliarden €, vornehmlich erwirtschaftet aus unser aller Arbeit und damit Lebenszeit, macht die „Europäische Union“ in den nächsten Jahren...

Blog Post

Politik

Greta Thunberg-Syndrom 

Greta Thunberg-Syndrom

Dem Greta seng Elteren haten sech schonn eppes derbei geduecht, wéi si der Ëffentlechkeet bekannt goufen, datt hir Duechter Asperger huet, eng neuropsychiatresch Krankheet, déi net ze heelen ass. Papp a Mamm wollten mat där Aktioun hir Duechter schützen, well sie waren sech bewosst, datt dat jonkt Meedchen mat senger Streikaktioun groussen Impulser vu baussen ausgesat wär, an datt et dobäi och vill Kritiken misst aushalen. Wien awer ass scho bereet, e Meedchen mat esou enger Krankheet an der Ëffentlechkeet verbal an inhaltlech auserneen ze huelen?! Ween dat mécht, steet an der Ëffentlechkeet als Onmënsch do, deen net bereet ass, där jonker Persoun hir Krankheet ze respektéieren!

Dës Situatioun schued der Diskussioun iwwer de Klimaschutz, ëmsou méi, wou vill Jugendlecher dem Greta seng Aktioun ënnerstëtzen, hatt als Virbild gesinn, fir endlech aktiv eppes géint de Klimawiessel z’ënnerhuelen. Mir perséinlech ass opgefall, datt den Thema Asperger beim Greta vill éischter an der franséischer an an der britescher Press  kritesch opgegraff gouf ewéi an den däitsche Medien, déi sech domatter méi schwéier gedoen hunn.

W ell d’Greta awer ëmmer méi dacks politesch Interpretatioune vu sech gëtt, muss et erlaabt sinn, d’Krankheet ze thematiséieren. Asperger gouf bei him am Alter vun 11 Joer diagnostizéiert, no enger Depressioun vun 8 Méint. Déi Depressioun koum dräi Joer méi spéit erëm, an zwar, well et grouss Aengschten entwéckelt huet, wat de Klima ugeet; déi Suerg huet sech ëmmer méi zu enger Obsessioun entwéckelt, aus där déi jonk Fra net erauskënnt. D’Krankheet huet weider keen Afloss op d’Entwécklung vun der Intelligenz beim jonke Mënsch, huet allerdéngs als Nodeel – een ënner villen-, datt déi betraffe Persoun alles entweder schwaarz oder wäiss gesäit. Eppes dertëschent gëtt et net. Am Fall vum Greta,

image credits: Wikipedia

kee Kompromëss, wat de Klimaschutz betrëfft! Esou fonktionnéiert awer normalerweis keen Zesummeliewen tëscht Mënschen, scho guer net, wann ee bedenkt, datt de Sujet Klima ronn 7,7 Milliarde Mënschen betrëfft. Op lang Siicht gëtt dat extreem schwéier fir déi jonk Fra ze geréieren, well, och wann vill Jugendlecher hannert him stinn, esou kommen dach verschidde Meenungen op, wou et gëllt, ze tranchéieren, säin eegene Wee Etappeweis mussen ze veränneren, d’Iwwerzeegungen vun aneren wéinstens deelweis ze iwwerhuelen, eben gro als Fuerf ze acceptéieren.

 

Ech froe mech also, wéi laang datt dat nach gutt geet, ëmsou méi, wou elo déi Erwuessen wëlle matspillen. Ëmmerhin huet déi däitsch Gewerkschaft ver.di hir Memberen opgeruff, mat de Jugendlechen ze “streiken”. Dovunner ofgesinn, datt dat e bossegen Opruff ass, gëtt doduerger natiirlech de mouvement vun de Jugendlechen gestäerkt an zugläich hypothekéiert. D’Gefor ass reell, datt déi Erwuessen deene Jonken wëlle weisen, wéi een sech taktesch soll uleeën, fir an d’Medien ze kommen, den Drock op d’Politik eropzesetzen. Eigentlech wor et vun Ufank un dat, wat déi Jugendlech wollten: esou dacks op d’Strooss goen –wir sind bunt, wir sind laut, weil ihr unsere Zukunft versaut!- bis déi Erwuesse waakereg ginn a sech och fir d’Thematik interesséieren. Dat kann awer e kruziale Moment ginn fir déi Jugendlech, a virun allem fir d’Greta. Et huet een d’Entwécklung an déi Richtung schonn um Klimasommet vun de Jugendleche gesinn: verschidde Meenungen, wou Kompromësser musse gemaach ginn, Jugendlecher an Tréinen, d’Press fir kuerz Zäit aus dem Sall eraus komplimentéiert…jee,et gëtt méi komplizéiert! Derbäi kënnt, datt mat Beweegungen wéi Extinction rebellion de Klimaaktivismus riskéiert, méi radikal ze ginn, woumatter de facto d’Méiglechkeet besteet vu Spaltungen…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *