Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

De Spagat vun der ADR! 

De Spagat vun der ADR!
adr.lu

Do huet sech d’ADR schéin an d’Brennnesselen gesat! Grad déi Partei déi sech ëmmer an d’Broscht gehäit huet, wann et ëm law and order goung, probéiert elo eng Vollbremsung. Dat hannerléisst bekanntlech Spueren an et wäert der Partei politesch schueden. Ugekënnegt huet sech dës Situatioun am fréien Hierscht.

D’ADR huet sech bekanntlech als Retter vun der Demokratie opgespillt an e Referendum iwwert d’Revisioun vun eiser Verfassung verlaangt. Am Ufank huet et sech just ëm politique politicienne gehandelt. Well, d’Situatioun war gënschteg! Déi dräi Regierungsparteien waren hannert hir eege Wieder gaangen a ware géint e Referendum. D’CSV hat dat Spillchen matgemaach. Also fräihe Bahn fir sech als Oppositiounspartei besonnesch ervirzedoen.

Dat huet sech och zimmlech séier bezuelt gemaach. Viru Wochen koum d’ADR am Politmonitor gutt ewech, ma et ass ni richteg hannerfrot ginn, vu wat fir enger Säit vun der Wielerschaft dee Plus u Sympathie eriwwer geschwuppt war.

Zum Deel ass dat natierlech op den Net-Referendum zeréckzeféieren an et ass duerchaus ze verstoen, datt een Deel vun der Populatioun aus där enger oder anerer Ursaach dorobber besteet. Esou grouss ass den Interessi um Referendum allerdéngs net: virun enger Woch haten sech an der Haaptstad eng 160 Bierger op där Lëscht androe gelooss.

Zimmlech séier gouf kloer, datt d’ADR eng ganz Partie Covid-Leegner, -Skeptiker an och -Schwurbeler ugezunn huet. Eng Wieler-Clientèle déi ee muss servéieren. An esou huet sech zum Beispill de Roy Reding op Virus-Safari a Südafrika gemaach, ee Witz, bei deem de Schoss no hanne lass goung. Ma et ass géint d’Partei eng richteg Féckmillchen entstanen.

d’Partei huet sech wéi gesot déi leschte Joerzéngten ëmmer fir Recht an Uerdnung an eisem Land agesat, fir Sécherheet an eiser Gesellschaft. Do ass eigentlech näischt dogéint ze soen, op d’mannst net bis eng gewësse Limitt. Elo hunn allerdéngs ausgerechent d’Pandemie-Skeptiker der Partei e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.

Déi zwou lescht Covid-Demonstratiounen waren a sinn vill am Gespréich. Virun 10 Deeg ware wuel eng ekrasant Majoritéit vun den Demonstranten brav, friddlech, ma e gewëssenen Deel vun hinnen huet sech dach wéi alkoholiséiert Dëlpessen beholl. Et sinn si déi am Gespréich bleiwen.

Zanter dem leschte Weekend si vill Handy-Photoen a – Video am Ëmlaf fir ze ënnermaueren, datt mir zu Lëtzebuerg an engem Polizeistat liewen: e Polizeihond huet gebillt, an d’Bom gouf bei 2 Grad Baussentemperatur vum Waasserwerfer getraff. Ass dat alles?

Beim Fernand Kartheiser liest sech dës Buschtawenzopp esou: “Den Asaz vun de Policehënn. Dir hutt gesinn, dass – net um Glacis mä op enger anerer Plaz – och eng Passantin mat hire Kanner bëssen Angscht hat. E Policehond hat si ugebillt ouni Maulkuerf. Do muss een e bësse kucken.”

Dovunner ofgesinn, datt e Policehond sech net berouegt wann een him eng Plott Woll dohinnerleet, wat heescht e bësselche kucken? Si mir an engem Polizeistat, jo oder neen? Natierlech kann een op de responsabele Minister klappen, ma et muss een och de politeschen Anstand a Courage hunn, en Deel vun den Demonstranten als dat duerzestellen, wat si sinn, nämlech Intriganten a verréckte Fantasten. Den Här Kartheiser dréit a kéiert sech, bis dann esou ee Saz erauskënnt: Do kann ee liicht d’Police viru ganz grouss Hürde stellen. Mir maachen eis scho Suergen…

Also engersäits sech fir Recht an Uerdnung asetzen, méi Police op de Stroosse verlaangen a wann dann anerersäits déi Uniforméiert mol tatsächlech am Asaz sinn, dann ass an engem Siess d’Bëtschel fett! E Mupp dee billt, dat geet dann ze wäit.

Dat do ass e politescht Spillchen, mat deem d’ADR sech selwer an den Abseits manövréiert huet. Sech de schéine Männchen op deenen zwou Säite maachen, dat geet schif aus. Déi aner politesch Partei wäerte keng Geleeënheet verpassen, d’ADR op hiren inhaltleche Paradox hinzeweisen. Esou zum Beispill de Marc Goergen vun de Piraten:“Dass de Moien d’ADR der Police do Virwërf gemaach huet an do hir Fans wollt schützen. Dat ware jo hir Fans, déi op der Demo do “ADR, ADR” geruff hunn.

D’ADR huet sech selwer de Strack gedréit. Aus där Nummer kënnt si esou bal net eraus. Si huet wuel en Deel vun der Wielerschaft derbäi krut, ma grad esou sécher en aneren Deel verluer, en Deel vun der Stammclientèle!

 

Related posts

2 Comments

  1. Jean Pierre

    Nehmen wir das ganze mit etwas humor.
    Nach neuesten informationen der OMS soll omikron sich ja sehr schnell in europa ausbreiten und koennte mitte januar hier die dominante variante sein,da der impfstoff ja anscheinend nicht wirklich effizient dagegen ist.
    Also braucht man nicht auf suedafrika safari mit roy zu fliegen um sich das einzufangen…gut fuer den geldbeutel der leute die weniger darin haben als RR

  2. Phil

    Op d’ADR elo en Deel vun hirer Stammwielerschaft verléiert woen ech ze bezweifelen.

    Esou eng Sach wéi mam Hond haten mir dach och schon bei enger privater Sécuritéitsfirma op der Gare.. an deen huet gebass. Wou sinn elo d’Gemeinsamkeeten resp. wou ass den Ennerscheed zweschen deem engen Virfall vun deem Aneren…. aus politescher Sicht?

    An wat dem Roy Reding seng Sach mat Südafrika ugeet, do kann een nemmen op dem Premier sein “Bleiwt doheem!” erënneren… während hien selwer an seng Politkomilitoren am Ausland geweilt hun, de Grand-Duc an senger Residenz zu “Bitterritz”. De Geck gemat mam klengen Wieler doheem!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *