Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

Diplomer bei der Police: den Henri Kox suergt fir Serotonin-Syndrom! 

Diplomer bei der Police: den Henri Kox suergt fir Serotonin-Syndrom!
police.lu

 

An der Police sinn Verschiddener schwaarz vu Roserei, eng Personalvertriedung besonnesch: d’ADESP. Et geet bekanntlech ëm d’Unerkennen vum Schoulofschloss. An de leschte Wochen haten sech d’Gemidder zwar liicht berouegt, ma – esou heescht et- dat wär zum groussen Deel drop zeréckzeféieren, well hire Minister Henri Kox a Vakanz war. Elo ass d’Fuesent gréisstendeels eriwwer, also Schluss mit lustig! 

De Kox huet nom Urteel vum Verfassungsgeriicht déi sougenannten Voie expresse gestoppt. Domadder gemengt ass d’Méiglechkeet, datt Policebeamten. zwar ouni Schoulofschloss mä awer mat 15 Joer Beruffserfarung kënnen an de B1 klammen. De Minister huet deen Artikel 94 aus dem Police-Gesetz musse stoppen, well deen laut Verdikt e Verstouss ass géint den Artikel 10bis vun der Verfassung (égalité devant la loi).

police.lu

Méi einfach ausgedréckt: mat deem Artikel kënnen Beamten ouni Diplom an der Karriär klammen, eng Rei Beamten mat Diplom awer net, well si entweder nach keng 15 Joer Déngscht um Bockel hunn oder nach net “en rang utile” sinn. D’Verwaltungsgeriicht hat schonn virdrun festgestallt, datt am Police-Gesetz vun 2018 eng ganz Rei Barrièren fir déi diploméiert Beamten agebaut gi waren, fir bossegerweis ze verhënneren, datt déi Leit sollte kënnen hiren Diplom valoriséieren.

Ganz rezent hunn eng Partie Beamten déi schonn virun 2 Joer iwwer dee Wee vun der voie expresse an d’Karriär vum B1 komm waren, dee leschte Grad vum Salaire net krut! Do versteet een d’Welt net méi. An och dës Beamten haten doropshin een Rendez-Vous bei engem Affekot gefrot. An der Tëschenzäit huet den Minister KOX awer ugekënnegt, d’Salairesgraden rëm ze „entdeeën“.

“…Diskriminatioun an Ongerechtegkeeten an der fonction publique?…”

Duerch dat Gesetz, dat elo 4 Joer erof huet, fillen sech dräi “Zorten” vu Polizisten geschiedegt.

  1. Polizisten mat Schoulofschloss, déi virum 1. August 2018 – also virum Akraafttrieden vum Gesetz- bei der Police ugefaangen hunn. Si kommen wéi gesot net an déi Karriär, déi hinnen eigentlech laut hirem Diplom zousteet.
  2. Déi Polizisten déi vun der ‘Voie expresse deemnächst hätte kinne profitéieren: si kréien elo keng Chance méi déi voie expresse ze maachen an also ginn si an hirer Karriär ausgebremst. Super als Motivatioun!
  3. An da schliisslech déi Polizisten, déi wuel déi voie expresse schonn gemaach hunn awer ouni dee Salaires-Grad ze areechen deen si zegutt gehat hätten. Besonnesch flott Situatioun fir betraffen Beamten déi geschwënn a Pensioun ginn: fir si tendéiert d’Hoffnung géint NULL!

Fazit: dat Gesetz huet net nëmmen fir Gewulls an de Cornichongen gesuergt, ma fir komplette Chaos! E groussen Deel vun der Police ass betraff, d’Stëmmung an der cité policière op der Kalchesbréck ass ewéi op der Titanic. Dem Minister gouf kloer, datt och eng grouss Administratioun esou eng Situatioun net laang kéint duerchstoen.

police.lu

Schliisslech handelt et sech hei net ëm eng Verwaltung vun Käppercher-Sammler, mä ëm d’Polizei déi souwisou schonn hir Problemer huet, déi bannenzeg Sécherheet ze garantéieren.Op der Internetsäit vu police.lu heescht et: Travailler pour la Police, c’est plus qu’un job: c’est la chance et l’engagement d’aider les personnes et de contribuer à assurer la sécurité intérieure du pays. Also en Draamjob?!

Déi leschte Méint waren – wéi beschriwwen- alles aneschters ewéi relax fir déi Uniforméiert. De Minister huet d’urgence bekäppt an iwwerhëlt d’Interpretatioun, datt de Verdikt vum Verfassungsgeriicht déi ganz Poblematik vum Accès zu der Voie expresse als Verfassungswiddreg gesäit. ” Vu datt den Debat …zu kengem Ament iwwer d’Avancemenger vun de Beamten, respektiv d’Nominatioun vun deene Beamten déi schon opgrond vun der voie expresse an de B1 genannt goufen, gedréit huet, hu mir decidéiert, d’Urdeel an deem Sënn ze interpretéieren, datt déi Situatiounen net méi a Fro gestallt gin.

E bësselchen HOMO LABER, ma et deet sech eppes. Just net genuch aus der Siicht vun de Personalvertriedungen an och net an der Transparenz.

snpgl.lu

D’Syndikater ginn virun de Kulissen stoe gelooss, net an d’Bild gesat, däerfen net mat schwätzen. Dat gefält der SNPGL awer och guer net a léisst an enger Mail un de Minister Tënt sprëtzen: Mis à part un accusé de réception, vous n’avez pas jugé utile de faire suite à notre lettre citée en entrée, ce qui est fort déplorable. Il revient aussi au SNPGL que vous auriez envoyé un courrier au Directeur général au sujet de vos décisions et il semblerait qu’une réponse vous aurait été retournée. Tous ces courriers concernent des membres du personnel que nous représentons, mais, malheureusement ni vous, ni les responsables de notre administration n’éprouvent le besoin d’informer la représentation du personnel en toute transparence et, pire encore, les concernés…

Participativ Demokratie gesäit effektiv aneschters aus. Grad déi Gréng missten sech un hir Sonndesrieden aus der Vergaangenheet erënneren. Mä wat interesséiert mech mäi Geschwätz vu gëschter!

Nach d’lescht Woch koum den ADR an enger Motioun an der Chamber mat der Fuerderung déi Police-Beamten, déi virun 2018 mat engem “Diplôme de fin d’études secondaires” agestallt gouten, systematesch an d’B1-Karriär ze reklasséieren.20230307 Motion ADR Reclassement Déi Motioun gouf mat 30 géint 29 Stëmmen verworf. Et wëll een sech jo net vun der gesamter Oppositioun soe loossen, datt een en faute ass!

Related posts

1 Comment

  1. Gilles Gilles

    30 zu 29, wéi esou oft, zemols während dem Covid. Kéen vun der Gambia den …. an der Box huet fir seng éegen Méenung ze manifestéieren. Einfach nemmen traureg.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *