Ech hätt mir et kënnen denken! D’Enveloppe louch schwéier ewéi Bläi an der Bréifkëscht. Et war d’Rechnung fir Revisioun vun der Heizung! 563 Euro!! Ech hat mat Villem gerechent, awer net mat deem dote Chiffer. Bon. Et war déi Kéier en Ersatzstéck derbäi komm; wier dat net gewiescht, wieren et 240 Euro manner gewiescht. Ma och 320 Euro fir eng Revisioun si fir Leit mat klengem Akommes enorm vill Geld. Ech hunn d’Facture e puermol duerchgeholl.
Do ass mol fir d’éischt den Deplacement mam Auto. An der Zone 1 kascht dat 20 Euro 93 ouni déi 17 Prozent TVA. Also éier et richteg lassgeet, si scho mol 24,5 Euro fort. De Mann gëtt mat 79 Euro d’Stonn verrechent. Schéine Loun! Vill Dokteren froe fir eng Consultatioun vun 30 Minutten tëscht 45 a 70 Euro. Mä, ech vergonnen jidderengem Säint. Souwisou kritt den Dépanneur déi Sue jo bei wäitem net all, sos hätt hien en Akommes vu bal 14 Mille de Mount. Dat meescht geet un de Patron, deen allerdéngs och nees fir d’Lounniewekäschte muss opkommen.
Da kënnt e Supplément drop vun 19 Euro 75 “pour travaux sales“. Den Dépanneur huet mech also fir déi 2,25 Stonnen 197,5€ + 17 Prozent TVA (33,57) = 231,07 Euro kascht. Leit mat klengem Akommes gesinn do net méi vill Grousses fir hier Zukunft an et ass ze fäerten, datt d’Situatioun sech weider zouspëtzt. Esou Leit si quasi forcéiert, Heizung a Kamäin selwer ze botzen, mam Risk, datt am Fall vun engem Brand d’Assurance nom Certificat vum Schaachteschbotzer freet.
Esou ass et normal, datt den Aramutsrisk op 21,4 Prozent geklommen ass: 1 Bierger vu 5 leeft Gefor, an den nächste Joer tatsächlech an d’Aarmut ze glëtschen. Dës sozial Situatioun soll den Här Frieden absolutt zur Prioritéit maachen. Grad an de leschte Wochen war ech vill a Kontakt mat jonken Handwierker. Zwee hunn hiert Leed geklot, ee vun hinne sot ganz iwwerraschend a komplett vu sech aus: je ne ferai jamais d’enfants! ….Il n’y a plus d’avenir au Grand-Duché! Esou Aussoen vun engem jonke Mënsch ze héieren, mécht ee vill trauereg.
An et denkt een driwwer no, wéi ee kéint géigesteieren. Den INDEX ass do kee Feierläscher. An de Staat gëtt elo scho ronn d’Hallschecht vu sengem Budget aus fir sozial Zwecker! Vill méi ass net dran. Hat do net ee viru Joer gesot: breet Schëllere musse méi droen ewéi schmueler?! Also méi héich Steieren vun der ieweschter Mëttelklass un? Grad dat awer ass den Elektorat vun CSV an DP. Do ass de Sputt deemno net esou grouss. An dach muss d’Politik reagéieren.
De Gruef tëscht räich an aarm, tëscht décke Portmonnien an eidelen Hänn kann net nach (vill) méi grouss ginn. Sollt déi ablécklech Situatioun sech weider degradéieren, riskéiert d’Land ee vu senge Räichtëmer ze verléieren: de soziale Fridden! Eng grouss Erausfuerderung fir d’Regierung Frieden, déi awer op deem dote Plang nach net richteg vun der Plaz kënnt mat zwee Greenhorn an der Ministeschequipe. De Georges Mischo ass am Kontext Kollektivverträg ewéi e Bulldozer iwwer d’Gewerkschaften ewechgefuer a gëtt elo vun deenen bei all gudder Geleeënheet un de Pranger gestallt, an d’Martine Deprez huet sech nieft der Gesondheet – wou d’Vollek dréngend op e Paradigmewiessel waart- mat der Pensiounsreform erëmzeploen.
Wa jonk Mënschen net méi bereet sinn, eng Familjlen ze grënne well si keng wirtschaftlech Zukunft fir d’Kanner gesinn, da musse bei de Politiker d’rout Luuchten ugoen. Et gëtt de congé parental, Crèchen a maisons relais si gratis, den ëffentlechen Transport kascht näischt, et ginn déi verschiddenst finanziell Ënnerstëtzungen vu Staat a Gemengen…an nawell feelt et u Courage an Optimismus, aus der “Ich-AG” eng “Wir-AG” ze maachen?! D’Statistiken léien net: pro Fra kommen 1,31 Kanner.
Mir stierwen also lues aus, sinn op ëmmer méi Immigratioun ugewisen. Dohir eise Problem am Pensiounswiesen. Dat ass net nei, ma wa sech an Zukunft nach just e Staatsbeamten ‘Kanner-kréien’ ka leeschten, da jauwe mir mat duebeler Vitesse an d’Rentemauer. De Staatsminister versprécht fir dat anert Joer méi netto vum Brutto. Ech verstinn an acceptéieren, datt et no 12 Méint am Amt net kann de ganz grousse Worf sinn vun der schwaarz-bloer Regierung, ma et kann an et däerf fir d’Zukunft net bei Gegrimmels bleiwen.
Et huet sech erëmgeschwat, datt een Eegenheem zu Lëtzebuerg Luxus pur ass. En Appartement fir 700.000 Euro gëllt bei eis nach als Sozialpräis! Ma net nëmmen d’Wunnen gouf esou onmoosseg deier, och de ganze Rescht ronderëm. D’Energe, d’Material, d’Iesswueren, an allkéiers gëtt mam Fanger op d’Ukrain gewisen. D’Roserei vum Vollek ass bei eisen Noper net ze iwwersinn: a Frankräich an an Däitschland gouf a gëtt déi politesch Extremitéit gewielt – stramm riets oder radikal lénks-, aus deem einfache Grond, well d’Leit sech hirer Hänn kee Rot méi wëssen an duerch de Walziedel hire Protest markéieren.
Brauche mir dat? Wa bis all véierte Bierger am Grand-Duché d’Gefor leeft, tatsächlech aarm ze ginn – also ofhängeg vum Staat-, dann hëlleft eis den Triple A och net méi. Hie steet da just nach fir de Kontrast tëscht Aarm a Räich!